Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen
Kultur Stories

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag
Kultur Stories

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt

dislike
Statt grouss ze féieren, stellt d‘ALEBA d‘Fuerderungen an de Virdergrond
Kultur Stories

Statt grouss ze féieren, stellt d‘ALEBA d‘Fuerderungen an de Virdergrond

Fir d‘ALEBA, d‘Gewerkschaft vun de Salariéeën aus dem Banken- a

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel

Vill Leit denken bei Patrimoine un de Service des Sites et Monuments Nationaux a un déi Gebäier, déi vu dësem Service klasséiert goufen. Mee Patrimoine kenne och Filmer oder Fotoe si wéi se Centre national de l’audiovisuel zu Diddeleng ze fannen sinn. De Weekend vum 7. an 8. Oktober 2017 steet Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuell an den Centre national de l’audiovisuel (CNA) organiséiert seng Journées du patrimoine

Wat sinn dem Centre National de l’Audiovisuel seng Aufgaben?

Den CNA ass eng kulturell Institutioun déi 1989 gegrënnt ginn ass, an ass d’Photo-, Film- an Tounarchiv vun Lëtzebuerg. 2007 ass de Centre national de l’audiovisuel an en neit Gebai op Diddeleng geplënnert. Firwat soll een bis op Diddeleng fueren an sech dat ganzt ukucken? Nieft engem Kino, dem Ciné Starlight, fënnt een och eng Mediathéik an där ee verschidde DVDen, CDen, Bicher consultéieren kann a d’Pomhouse respektiv de Waassertuerm an deene Expoen organiséiert ginn.

Wat steet um Programm?

Mee de Wee op Diddeleng lount sech och well de CNA e gutt gefeelte Programm huet. De Ciné Starlight iwwerdréit live aus London Operen. Mozart, Verdi a Tchaïkovsky -“kommen” op Diddeleng.

“The Bitter Years”

De bekanntste Lëtzebuerger Fotograf dierf bei enger Institutioun, déi sech fir d’ Erhale vum Lëtzebuerger Patrimoine audiovisuell asetzt natierlech net feelen. Dofir gëtt et direkt zwou Ausstellungen, déi sech mam Edward Steichen ausernee setzen.  Engersäits “The Bitter Years” déi ee am Waassertuerm zu Diddeleng ze fannen ass. Dat ass eng Fotoaustellung iwwert déi grouss  Depressioun an de 1930er Jore am den USA. Anersäits fënnt een am Klierfer Schlass d’Ausstellung “Family of Man” déi zum Unesco Weltkulturierwe gehéiert.

Genau wéi den Edward Steichen, ass och d’Arbed e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht. Dofir kann een nach bis 17. Dezember d’Expositioun “La Forge d’une société moderne” kucke goen. Ausgestallt si Fotoen iwwert d’Industrialisatioun an d’Evolution vum Institut Emile Metz an der ARBED zu Dummeldeng.

An de CNA geet een awer net nëmme fir sech ze amuséieren, mee och fir eppes ze léieren. De Paul Lesch an de Yves Steichen organiséieren enner anerem Konferenze un deenen jiddereen deel huelen kann.  Et geet ëm  d’Relatiounen tëschent Film a Politik respektiv Geschicht. De Centre national de l’audiovisuel organiséiert donieft och Workshoppen fir Leit déi am audiovisuelle Secteur schaffen.

Vill Departementer, een Zil

Vill Beräicher ginn ofgedeckt, dofir ass déi ganz Institutioun a verschidden Departementer ënnerdeelt. All Departement huet seng eege Philosophie . Dat läit dorunner, dat Rechter fir Fotoen a Filmer ze benotzen a weider ze verschaffen net déi selwecht sinn. Trotzdeem fënnt ee Schnëttstellen, wéi z.B. den Service vum Dépôt légal den sech gläichzäiteg mat Film a Toun beschäftegt.

Dat heescht trotz enger gewëssener Eegestännegkeet vun den  Departementer muss zesumme geschafft ginn, well et gëtt ee gemeinsamt Zil a dat ass d’ Sauvegarde an d’Valorisatioun vum Lëtzebuerger Patrimoine audiovisuel. Et geet also och drëm de Patrimoine fir de grand Public zougänglech ze maachen.

Firwat eng Journées du patrimoine organiséieren?

D’ Journées du patrimoine soll dem Public een Abléck ginn an dat wat am CNA archivéiert ass an wéi do geschafft gëtt. Et also eng Aart Porte Ouverte, déi de Leit Méiglechkeet e Bléck hannert Kulissen ze werfen. Wann ee sech dozou entscheet eng Visite guidée ze maache, kann een e Bléck an d’Archive werfen an z.B. gesinn, wéi eng Foto Restauratioun funktionéiert. Dat globaalt Thema fir dëst Evenement ass “Haiser a Leit”.

Beim CNA huet een sech iwwerluecht wéi een déi zwou Saache kéint mat enee verbannen. Kulturell Haiser, déi vu Léit besicht ginn? Sou ass een dunn drop komm dass Theater als Thema ganz passend wier. All Departement organiséiert eppes wat zum Thema Theater passt. Et gëtt Kanneranimatioun wéi zum Beispill en Atelier, wou d’Kanner hir eege Marionette bastele kennen.

D’Film Departement weist am Kino Extraiten aus verschiddene Lëtzebuerger Theaterstécker oder Emissiounen iwwert de Theater. Zudeem gëtt verschidde Visite guidées engersäits duerch CNA anersäits duerch déi verschidden Expoen.

Een Historiker mat Faibel fir Film a Kino

Am CNA beschäftegt een sech net nëmme mat Filmer, Fotoen a Kino mee et ginn och Bicher geschriwwen. De Yves Steichen huet op der Uni Lëtzebuerg säi Master an europäescher Geschicht gemaach. Seng Masteraarbecht huet sech mam Thema Kinogeschicht befaasst a war gläichzäiteg och d’Base fir säin Buch, “UTOPIA – Une passion pour le 7ème art”. Ufank 2018 kënnt säin neit Buch, eng Biografie vum Schauspiller a Musiker Thierry van Werveke eraus.

moien: Yves Steichen, kanns du dech kuerz virstellen?

Yves Steichen: Ech sinn Historiker mat engem Faibel fir Film a Kino. Et geet mir ëmmer drëm e Lien tëscht Film a Geschicht ze maachen. Ech interesséieren mech fir d’Duerstellung vun historeschen Evenementer am Film dofir halen ech och Konferenzen iwwert Filmer am historeschen Kontext. Dofir hu ech meng Bacheloraarbecht iwwert de Film 300, den eng Episod aus dem Perserkrich erzielt, geschriwwen.

Wann een e Master an europäescher Geschicht gemaach huet wei eng berufflech Ambitiounen huet een do? Wei ass et dozou komm dass du elo bei enger kultureller Institutioun schafft?

E Geschichtsstudium mécht engem natierlech verschidden Dieren op. Déi evidentst zu Lëtzebuerg ass den Enseignement, mee et kann een awer och un zäitlech begrenzte Recherche-Projete schaffen. Et ginn awer och Historiker, déi a Muséeën ënnerkommen.

Och Kulturinstituter sichen heiansdo Historiker, sou war et och beim CNA. Ech hu meng Masteraarbecht iwwert d’Geschicht vum Utopia geschriwwen. De Lien zum Audiovisuellen war also siichtbar.

«Utopia, une passion pour le septième art, du Ciné-Club 80 au groupe Utopia» ass vu dir geschriwwe gi a 2017 veröffentlecht ginn. D’Base war am Fong deng Masteraarbecht. Deemnächst wäert ee zweet Buch publizéiert gi an dem et em den Thierry van Werveke gëtt. Wat huet dech dozou motivéiert iwwert dëse Personnage ze schreiwen?

Editions Saint-Paul wëll eng Serie vu Lëtzebuerger Biographien eraus brengen. Eng vun deenen éischte Biographie déi eraus kennt aus vum Thierry van Werveke, an ass eng Co-Éditioun mam CNA. Bei de Recherchen hunn ech mat verschidde Quelle geschafft wéi zum Beispill Interviewen, Zeitungsartikelen a Filmer. Den Biopic “Inthierryview” (2008) ass schonn eng Aart filmesch Biographie mä ech wëll a mengem Buch Aspekter ervir hiewen déi nach net bekannt sinn.

Dat ganzt soll an de Kontext vu der Entstehung vun der Lëtzebuerger Filmproduktioun  gesat ginn, well dem Thierry van Verweke säin Opstig zum professionelle Schauspiller verleeft effektiv parallel zu enger Professionaliséierung vun der Lëtzebuerger Filmindustrie.

D’Biografie soll dem Thierry, an all sengen eenzelnen Facette weisen, well hie war net nëmme Schauspiller mee och Museker, a Theatermënsch.

Et ass extrem vill Material iwwert den Thierry van Werveke zesumme komm ass wär dat keng Méiglechkeet fir eng Expositioun iwwert hien ze maachen?

Eng Expo ass fir 2018 geplangt. Si soll d’Liewe vum Thierry duerstellen a wéi d’Buch eben och seng verschidde Facette ervir hiewen.

Foto: Vum Jwh – Eegent Wierk, CC BY-SA 3.0 lu

 

Nächsten Artikel Virrechten Artikel