Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt
40 year old man dating 60 year old woman

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt

Egal wéi een et dréint a kéiert, d’Universum geet iegendwann

when do damon and elena start dating
40 year old man dating 60 year old woman

how do i know if he just wants to hook up

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?
40 year old man dating 60 year old woman

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?

Wann den nationalkonservative Premier vun Israel am Wahlkampf ass, kann

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun der ArcelorMittal zu Diddeleng iwwerhëlt, a wéi vill Aarbechtsplazen um Site dann erhale bleiwen. Säit Abrëll ass gewosst, datt duerch den Opkaf vum italienesche Grupp „ILVA“, de Konzern sech aus Wettbewerbsgrënn muss vun e puer Standuerter trennen. Dat Diddeleng dozou gehéiert, bereet den Aarbechter an enger ganzer Stad Suergen.

Zanter e puer Deeg ass de Site vun ArcelorMittal zu Diddeleng dann och gutt besicht. Interessenten um Wierk kommen sech alles ukucken, well keen eng Kaz am Sak keeft. Natierlech gëtt d‘Personal net iwwert déi Virgäng informéiert, an grad wéi d‘Gewerkschaften, mussen och si sech d‘Zeitung kafe wa si wësse wëllen, wat do grad hannert verschlossenen Diere verhandelt gëtt.

Wuel hat den Diddelenger Buergermeeschter, Dan Biancalana (LSAP), zesumme mam Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) näischt onversicht gelooss, fir esouwuel d‘Technokraten zu Bréissel, wéi och d‘Direktioun vun der ArcelorMittal zu Lëtzebuerg ze iwwerrieden, de Site ze erhalen. Den 13. Abrëll war fir déi 270 Aarbechter vun Diddeleng d‘Uerteel gefall, ArcelorMittal geet de Site op.

Keng „dominant“ Maartpositioun fir ArcelorMittal

Sënn an Zweck dovunner, d‘ArcelorMittal ze zwéngen sech nom Opkaf vun ILVA vun Entitéiten ze trennen, berouen op den europäesche Reegele vun der Konkurrenz. Déi besoen, datt en Konzern keng dominant Maartpositioun dierf anhuelen, wat hei am Beräich vum Flaachstol hätt kënnen de Fall sinn. Eng Logik déi vun de Politiker, der Gewerkschaft an den Aarbechter a Fro gestallt gëtt.

Elo steet dann awer schonn emol fest, datt Diddeleng zesumme mat Standuerter zu Léck verkaf gëtt. Un dësem „Konvolut“, deen am Ament ënnert der Bezeechnung „TopCo“ zesummegefouert ginn ass, fir eng propper Iwwergab un den zukünftege Besëtzer ze garantéieren, interesséieren sech: Salzgitter AG, déi russesch NLMK an déi nordesch SSAB, an en amerikanesche Pensiounsfong.

All dës „Kandidaten“ hunn elo bis de 6. Juli fir hir Offer anzereechen. Experte bewäerten den amerikanesche Pensiounsfong als déi denkbar schlechtst Variant, well hei ofzegesinn ass, datt de Site vun Diddeleng als Spekulatiounsobjet benotzt soll ginn. Salzgitter SA wier vernënfteg, mee dierft net déi néideg Finanzen hunn, déi sech ArcelorMittal erwaart. Do bleift net méi vill…

Héijen Duerchschnëttsalter beim Personal

Wat zu Diddeleng, zousätzlech zum Verkaf vum Site, och nach fir vill Kappzerbrieches suergt, ass de Constat, datt den Duerchschnëttsalter bei den 270 Salariéeën zimlech héich läit. Unhand den offiziellen Zuelen, läit dësen tëscht 45 a 50 Joer. Net ze vergiessen, datt der vill iwwer 20 Joer am Betrib schaffen, an d‘Aarbecht brauche fir hir Familljen ze ernieren.

Kee Wonner also, datt sech der vill vun hirer Direktioun verrode fillen, an och entspriechend Angscht hunn. Bei den Aarbechter ass e sech bewosst, datt wann „hei d‘Luuchten ausginn“ gëtt et fir vill vun hinne batter. Mat 50 Joer nach emol nei ufänken, wann een iwwerhaapt déi Chance sollt erhalen, datt ass eng Erausfuerderung, op déi se zu Diddeleng alleguerte gäre géife verzichten.

Hinne bleift am Moment eenzeg d‘Hoffnung, datt de Repreneur vum Standuert Diddeleng en industriellen ass. Een deen esouwuel eng industriell Strategie, wéi och Entwécklungsperspektiven huet. Fir d‘Aarbechter, déi wëssen, datt ArcelorMittal zu Diddeleng grad emol den absolut noutwendegen Investissement geleescht huet fir d‘Bud um lafen ze halen, e fromme Wonsch.

Keen Dialog mam „Humankapital“

Säitens dem OGBL ass een vun der Direktioun bei ArcelorMittal op ganzer Linn enttäuscht. Et wieren alt nees déi wou direkt vun der Saach betraff sinn, déi een als lescht ze informéiere bereet ass. Dobäi hat et leschten Donneschdeg zu Léck eng Sëtzung vum Betribsrot ginn, wou de neien Organigramm vun der TopCo virgestallt ginn ass.

Et huet dann am Kontext vum Verkaf, respektiv der Reprise, dann och Reunioune mat de Kader vun de betraffene Site ginn. Hei soll de Punkt gemaach gi sinn, wat a wéi et sech mat den eventuellen „Interessenten“ verhält. An et ass dann och net wéi wann den OGBL net bestänneg op och esou eng Informatiounsversammlung géif bestoen. Bedauerlecherweis gesinn se dat an der Stad anescht.

An och bei der Regierung hält ee sech am Ament bedeckt. Et wëll een net a Verhandlungen agräifen an et kann ee souwisou den „Zuch net méi ophalen“, heescht et hannert virgehalener Hand. Mee et wier een net erfreet doriwwer, datt hei veraalte Reegele mussen duerhalen, fir engem kompetitive Konzern d‘Ketten unzeleeën, amplaz dësen um Weltmaart an eng staark Positioun ze bréngen.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Diddeleng, EU-Kommissioun, OGBL, Siderurgisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel