Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet
International Neiegkeeten

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Et war eng gutt gefëllten Dagesuerdnung déi de Schäfferot um

Honnerte Verhaftungen no Demo zu Moskau
International Neiegkeeten

Honnerte Verhaftungen no Demo zu Moskau

Si hu géint den Ausschloss vun der Oppositioun bei der

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU
International Neiegkeeten

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU

D’Hauspräisser am europäesche Raum si, wéi och an der EU,

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“

Eis direkt Noperen, déi ganz zolidd – fir net ze soe „fierchterlech“ – ënnert deem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie gelidden hunn, schéngen eppes Rou vergënnt ze kréien. Déi drastesch a sécher wéineg populär Mesuren hunn awer Friichte gedroen, an esou dierf ee sech freeën, datt et och vun Diddenuewen elo endlech nees gutt Noriichte gëtt.

Nodeems d‘Zuele vun den Infektioune réckleefeg sinn, an och d‘Consultatiounen am virgeluechten Opnamezenter „Covid Thionville Nord Moselle“ zeréckgaange sinn, hat d‘Ekipp vum Dokter Pierre Cuny (Buergermeeschter), Dokter Christian Schnebelen a Jean-Christophe Hamelin, schonn de 24. Abrëll dësen Zenter nëmmen nach Moies opgelooss. D‘Frequentatioun ass awer weider manner ginn, firwat dësen elo ab dem Méindeg 4. Mee „en Attente“ gesat gëtt.

Dësen Dispositiv war am Kontext vun der Pandemie vun der „Intercom Santé 57“ an der Stad Diddenuewen opgestallt ginn, als zousätzleche Standuert an Alternativ respektiv Ënnerstëtzung, fir de Fall, datt sech déi sanitär Situatioun weider verschlechtere géif an/oder et Enkpäss beim Gesondheetspersonal ginn hätt. An tatsächlech war et zäitweis no drun, dëse Service mussen am vollen Ëmfang ze aktivéieren. Aus dësem Grond, bleift den Zenter bestoen.

Diddenuewen

Ausser dem Sall „Jean Burger“ (Opmaacherfoto) war och d‘Sportshal op der Place de la Liberté an den Dispositiv opgeholl ginn. Och hei bleift alles stoen, zumindest bis et medezinesch Erkenntnisser gëtt, déi et géifen erlaben alles nees anzepaken. Dat kann dann awer nach eppes daueren. © Ville de Thionville

De Buergermeeschter, selwer Medeziner a virun allem e Mënsch mat Wäitsiicht, deen sech dem Wuel vu senge Bierger an der Stad verschriwwen huet, ass allen Acteuren dankbar an weist nach emol drop hinn, datt dat alles ouni déi kollegial a mënschlech Zesummenaarbecht esou net hätt kënne geléngen. Nieft den Ekippe vun der Gemeng an der Associatioun „Intercom Santé 57“, war och déi territorial Beruffscommunautéit aus dem Gesondheetssecteur (CPTS) hei bedeelegt.

Si kënnen sech dann elo, no bal siwe Wochen Dauerasaz, endlech eng wierklech verdéngte Paus gënnen. Si wéi eigentlech all déi vill Ekippen an der Regioun Grand-Est, hu vill a laang um Limitt hiren Déngscht bravouréis gestemmt. Mee och si wëssen, d‘Gefor ass weder verschwonnen nach kann ee vun Normalitéit schwätzen. Eng zweet Infektiounswell – déi sech kee wënscht – ass éischter wahrscheinlech wéi datt een se ausschléisse kann.

An dat ass méi wéi nëmmen e gudde Grond de Service bestoen ze loossen. Alleguerten hunn si sech concertéiert a waren sech séier eens doriwwer, datt een sech net nach emol onvirbereet vum Virus wéilt iwwerrompele loossen. Esou kann den Zenter bannent ganz wéinege Stonnen nees reaktivéiert ginn. Ob wéinst enger neier Infektiounswell, oder sief et fir de Laboratoiren zu Hëllef ze kommen, wa serologesch Tester a grousser Zuel sollten ënnerholl ginn.

Foto: © Ville de Thionville

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Diddenuewen, Entspanung, Pierre Cuny
Nächsten Artikel Virrechten Artikel