Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrytonguedislike
Do ass nach Loft no uewen: Lëtzebuerg op leschter Plaz bei der erneierbarer Energie an Europa
International Kultur Neiegkeeten

Do ass nach Loft no uewen: Lëtzebuerg op leschter Plaz bei der erneierbarer Energie an Europa

D’Situatioun, wat erneierbar Energie ugeet huet sech an Europa staark

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach
International Kultur Neiegkeeten

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier

Griicheland am Streik: d‘Gewerkschafte kämpfen ëm d‘Streikrecht
International Kultur Neiegkeeten

Griicheland am Streik: d‘Gewerkschafte kämpfen ëm d‘Streikrecht

Esouwuel am Privatsecteur wéi am ëffentlechen Déngscht, ass um Donneschdeg

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“

Dem Quartier „Couronné“ vun Diddenuewen seng Renaissance an d‘Valorisatioun vu sengem Patrimoine, sinn ee vun de grousse Projeten, déi eis franséisch Noperen sech an hir „to do“ Lëscht ageschriwwen hunn. An déi éischt Etappe vun dësem Projet, gëtt dësen Donneschdeg lancéiert.

Esou soll d‘Porte de Saarlouis an d‘Liicht gestallt ginn, an zwar genee esou wéi et gemengt ass. Béid Säite vun der Porte de Saarlouis (Richtung Yutz an Diddenuewen) gi mat LED-Rampen, fir d‘Front an déi héich geleeë Beräicher; mat Projecteuren am Buedem, fir d‘Kolonnen, d‘Wénkel an d‘Mauerbasis; engem staarke Spot fir de Fändel an engem versate GOBO-Projecteur beliicht ginn.

De Projet ass mat der Architektin vun „Bâtiments de France“ ausgeschafft ginn. Mat hir ass sech och drop verstännegt ginn, datt déi „alldeeglech“ Faarf vun der Beliichtung „Wäiss“ ass. Mee et soll punktuell méiglech sinn, fir Markant Evenementer, op aner Faarwe kënnen zréckzegräifen.

Esou fir Nationalfeierdag: Blo-Wäiss-Rout, Rosa fir d‘Kampf géint de Broschtkriibs a Blo bei der Geleeënheet vum Dag géint d‘Diabetis. Flott d‘Tatsaach, datt all dës Aarbechte realiséiert konnte ginn, ouni datt een sech un der Struktur vum Gebai vergraff hätt. D‘Elektresch ass esou verluecht ginn, datt een net un Substanz gaangen ass, an d‘Pavésteng leien nees all do wou se higehéieren.

E kuerze Bléck an d‘Geschicht

Am 18. Joerhonnert waren ënnert der Leedung vum Louis de Cormontaigne grouss Aarbechten ënnerholl ginn. Déi ware geduecht, fir den duebelen Ausserank vun der Fortifikatioun ze stäerken, wouduerch de „Couronné“ vu Yutz entstanen ass. Dräi grouss Ouvragë bestëmmen dann och dës Amenagementer: déi zwou Schleisbrécken an eben d‘Porte de Saarlouis.

Déi ass tëscht 1746 a 1752 erriicht ginn, a gëllt als Beispill fir déi architektonesch Vereinfachung vun de Fortifikatioun-Paarten, déi am 18. Joerhonnert nach ëmmer gäre genotzt goufen. Mat der Vereinfachung wollt een Geld spueren, ouni d‘Muecht vum Kinnek a Fro ze stellen.

No der Annexioun vun 1871, erlieft d‘Porte de Saarlouis gréisser Verännerungen. Tëscht 1887 an 1890 gëtt d‘Gebai zu engem Blockhaus ëmgebaut. D‘Remparten déi ugeschloss ware sinn demoléiert ginn, fir esou méi Verkéiersweeër ze erschléissen. D‘Zéibréck gouf ofgerappt an de Gruef opgeschott. A wëll de Passage net méi gebraucht ginn ass, hunn se deen zougemauert.

Esou hat d‘Gebai dann awer och en Drëttel vu senger ursprénglecher Héicht agebéisst. Et gi Gitter installéiert an banne gëtt d‘Gebai der militärescher Modernitéit vun dëser Zäit (19. Joerhonnert) ugepasst. E Schutz aus Stolbëtong, mat Hasteng verkleet, gëtt dem Ganzen eng dekorativ Touche.

Vun de 4 Dieren déi d‘Buergmauer hat, ass dann och eenzeg d‘Porte de Saarlouis erhale bliwwen. Déi aner: d‘Porte du Pont, d‘Porte de Luxembourg, an d‘Porte de Metz, sinn tëscht 1902 an 1903 geschleeft ginn. Eenzeg d‘Porte de Saarlouis hat et iwwerlieft, a konnt virum Vergiesse gerett ginn. D‘Gebai, datt elo nach emol ervirgehuewe gëtt, ass 1984 als historescht Monument klasséiert ginn.

Foto: Porte de Saarlouis, Diddenuewen. © Service Presse Ville de Thionville

Ähnlech Sujeten Diddenuewen, Patrimoine, Porte de Saarlouis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    33

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    2

  • Crazy

    0

  • Love

    0