Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp
Kultur Stories

Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp

D’Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, wéi och d’Notzer vum ëffentlechen

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen
Kultur Stories

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen

Et ass nees un der Zäit fir d’Schüler vun de

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen
Kultur Stories

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen

Am Kader vun der Neigestaltung vum Echangeur Irgäertche kann een

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!

Eng Buchkritik

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!

Et ginn Tonne Bicher op der Welt. Esou verwonnert et ee wuel net, datt och di komeschsten Themen iergendwou, iergendwann eng Kéier verschafft ginn. Mee wei ech am Kader vun der Leipziger Buchmesse op „Die Ladenhüterin“ gestouss sinn, war ech awer een Ament paff! E Buch iwwert eng Fra, déi an engem Kombini – engem japanesche mini-Supermarché, dee 24 op 24 op huet – schafft? Wei soll dat goen? Ma ganz gutt, stellt sech eraus!

D’Geschicht selwer ass zimlech einfach gestréckt: Mir hunn eng Protagonistin, d’Keiko Furukura, déi an hirem ganze Liewen sech net an hiert Ëmfeld integréiere konnt, well se sech äusserst komesch behëlt. Hir iwwerméisseg rational Attitüd bei der Problembewältegung suergt do fir vill Opmierksamkeet: Wann zwee Kanner sech an der Schoul zerklappen, an sech einfach net wëlle ginn, kréien se béid eng mat der Schëpp iwwer gezunn! A schonn ass et roueg! Dat gëtt deementspriechend vum Emfeld ofgestrooft, wouwéinst se zum Ëmdenke gezwongen ass. Fir net méi opzefalen hält se de Mond a mëscht sech néierens méi an, fir datt se net opfält.

Kuerz, knapp an ouni komplizéiert ze sinn gëtt hei op wéinege Säiten e bemierkenswäerte Personnage skizzéiert

Mi spéit fënnt se en neit doheem an engem Kombini. Eng Uniform, strikt Reegelen a kloer Virgaben, wéi een sech ze verhalen hunn, hëllefen hir, sech hei erëm ze fannen. Dat dommt ass just, datt et gesellschaftlech net akzeptabel ass, als elengstoend Fra dësen Niewenjob a Vollzäit an Usproch ze huelen. Op mannst net iwwert Joren ewech. Et trefft op e weideren hoffnungslose Fall, mat deem et eng Zweck-Liaisoun ageet, fir méi gesellschaftsfäeg ze sinn.

„Die Ladenhüterin“ ass en eenzegaartegen Portrait vun enger Persoun, hirem soziale Gefüge an der Gesellschaft, an där si lieft. Mat enger relativ einfacher Sprooch gëtt Geschicht erzielt, mee si ass mat esou vill Witz a klengen Observatioune gespickt, datt se sech immens interessant liest. Et ass een och relativ schnell derduerch, well der Protagonistin hire Charakter an hir Perspektiv esou eenzegaarteg ass. Et kënnt och e klengt exotescht Element dobäi, falls een sech net esou mam alldeeglechem Liewen a Japan auskennt. Egal wéi ass d’Buch nëmmen ze empfeelen!

Sayaka Murata, Die Ladenhüterin. Erauskomm beim Aufbau Verlag. 145 Säiten. ISBN: 978-3-351-03703-1 . Präis: 18€

Opmaacherfoto: DocChewbacca on Flickr, CC BY-SA 2.0

Ähnlech Sujeten Die Ladenhüterin, Japan, Kultur, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel