Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“
Kultur Neiegkeeten

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“

Fir d‘Damme vum AS Rupensia Lusitanos aus der Fiels gouf

Viviane Reding: US-Stroftaxe sinn “eng desastréis Decisioun”
Kultur Neiegkeeten

Viviane Reding: US-Stroftaxe sinn “eng desastréis Decisioun”

Dem Donald Trump seng Decisioun, Stol an Aluminium, deen importéiert

dislike
Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet
Kultur Neiegkeeten

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An

E Bësch voller Hoffnung: Verloscht an Trauer iwwerwannen

Buchpresentatioun vun "Die wunderbare Mission des Harry Crane"

E Bësch voller Hoffnung: Verloscht an Trauer iwwerwannen

Wann een sech de Buchcover vun Die wunderbare Mission des Harry Crane (Suhrkamp Verlag) ukuckt, huet een d’Gefill et géing ee gläich an e Mäerchen entfouert ginn. Ma, alles wat een am Buch liest, geschitt an der realer Welt, och wa munch Momenter magesch sinn.

Dat ass zum Deel richteg – fir d’éischt erlieft eise Protagonist Harry eng Tragedie. Seng Fra Beth ass verstuerwen, d’Scholdgefiller maachen him d’Liewe schwéier. Et gëtt just een Auswee, hie wëll sech an de Bësch verzéien an ni méi erëmkommen. E Bamhaus soll seng nei Heemecht ginn. Esou einfach ass et net, den Harry hätt net mat Gesellschaft gerechent.

D’Oriana, e Meedche vun zéng Joer steet e bemol virun him. D’Trauer ëm säi Papp huet hatt dohinner gedriwwen, hien ass de selwechten Dag ewéi d’Beth gestuerwen. Mä Kanner hu Fantasie, d’Oriana ass fest dervun iwwerzeegt, dass säi Papp verwonsch ass – hatt gleeft mat ganzer Séil u Märercher. An elo soll den Harry him hëllefe säi Papp erëmzefannen. Si erliewe Wonner an hëllefen sech géigesäiteg an d’Liewen zeréck.

Die wunderbare Mission des Harry Crane

Die wunderbare Mission des Harry Crane vum John Cohen © Jessica Mersch/Bichergeck

Dem Auteur Jon Cohen säi Schreifstil ass facettëräich, hie kritt all Emotioun agefaangen, et ass intensiv a gefillsvoll, ma e kann sech awer och a sengen Erklärunge verléieren – d’Buch huet gutt 500 Säiten. E puer manner hätten net geschuet a wahrscheinlech net vill Ënnerscheed gemaach. Naturfrënn wäerten sech freeën!

De Lieser léiert dräi Personnage kennen – den Harry, d’Oriana a seng Mamm Amanda, en allwëssenden Erzieler stellt eis d’Charaktere vir. Mir erliewen hire Verloscht an den Ëmgang mat der Trauer, déi ënnerschiddlechst Emotiounen si spierbar eriwwerkomm. Wärend verschiddene Momenter hunn ech misse laachen, ma och Humor fënnt seng Plaz an der Trauer.

Hutt Dir schonn e geléiftene Mënsch verluer? Wa jo, kënnt Dir Iech virstellen a wéi engem Albdram den Harry elo lieft, all Dag ass ewéi eng op de Bak fir hien. Den Dout spillt eng grouss Roll am Buch, e weist, dass jiddereen eng zweet Chance verdéngt huet. An se och notze soll.

D’Geschicht ass traureg a voller Hoffnung. Hoffnung, dass et no engem schlëmmen Erliefnis weidergoe kann. Et ass en Neiufank!

Loosst lass a genéisst dëst Buch!

Opmaacherfoto: © Sebastian Unrau / Unsplash


Dës Buchpresentatioun ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Ähnlech Sujeten Buchpresentatioun, Die wunderbare Mission des Harry Cane, Dout, Jon Cohen, Liesen, Literatur, Roman, Suhrkamp, Trauer, Verloscht, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel