Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet
Neiegkeeten Stories

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet

SPONSORED STORY Den 26. Juni ass ee wichtegen Datum fir

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen
Neiegkeeten Stories

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen

Och gëschter huet den CGDIS nees zuelräich Bränn, verdeelt am

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
Neiegkeeten Stories

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

Diekirch Unfiltered: Deen ongefilterten aus der Iesel-Stad

Diekirch Unfiltered: Deen ongefilterten aus der Iesel-Stad

Mam „Diekirch Unfiltered“, huet een zwar en echten industrielle Béier am Grapp, an awer ass dëse besonnesch. D‘Leit vun InBev, oder villméi de flammännesche Braumeeschter, huet der Demande vu senger Direktioun, e Béier mat „Charakter“ fir de Lëtzebuerger Marché ze zwaffen, déi richteg Äntwert liwwere kënnen. Eppes méi sprëtzeg wéi de klassesche Lager, esou ass den „Unfiltered“.

Gebraut mat den Happzorte Mistral an Ella, déi eppes méi spéit an de Brauprozess agebonne ginn, ass een esouwuel immens erfrëschende wéi och douce Béier, deen hei entstoe konnt. Et gëtt hei och verschidde floralen Nouten, déi erwisenermoosse ganz gutt bei den Dammen ukommen. Mat 5,5% Alkoholgehalt ass et ee flott Gedrénks fir déi waarm Joreszäit, well hien och den Duuscht läscht.

E gëtt zu Lëtzebuerg gebraut, esou steet et op der Fläsch, an dofir huet hie sech, dann och seng Plaz am Béier-Adventskalenner kënne sécheren. Keng liicht Entscheedung, an eenzeg seng Qualitéite waren ausschlaggebend. Déi weist hien am beschte bei enger Betribstemperatur vu 5°C, a seng Aromaen entfalen sech genee esou gutt an engem Humpe wéi an enger Klensch.

A wann dann och zu gudder lescht de Goût den entscheedende Facteur ass, dësen ongefilterte kann een ubidden a sécherlech och selwer genéissen. Am Frëndeskrees, der geselleger Ronn oder als kréinenden Ofschloss vun engem haarden Aarbechtsdag, den „Diekirch Unfiltered“ ass ee gudden. E Verglach mat artisanalem Béier géif him op dëser Plaz awer net gerecht.

Den ongefilterten aus der Iesel-Stad ass en „Underdog“ oder en Aussesäiter, jee nodeem wéi engem de Schniewel gewuess ass. Hien ass dann och deen, wou sech aus der Villfalt vun InBev-Produiten ervirdeet. Woubäi dat alles jo esou wichteg och net ass, wann et schmaacht läit ee richteg, an do kann een bekanntlech näischt falsch maachen. Verstoppt ass hien hannert der 11. Dier…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Béieradventskalenner, Diekierch Unfiltered, Dikrech, Dikrecher Brauerei, InBev
Nächsten Artikel Virrechten Artikel