Search

You may also like

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 23. Oktober)
International Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 23. Oktober)

[onionbuzz quiz-id=40][/onionbuzz] Wéi all Woch froe mer och dës Woch

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

Däischter Wolleken iwwert der Kulturhaaptstad 2022
International Neiegkeeten

Däischter Wolleken iwwert der Kulturhaaptstad 2022

Onbezuelte Paien a Rechnunge bei der ASBL Esch 2022, wéineg

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung

USA: D‘Mark Diesel mécht mat Deisel eng echt Fälschung

Et ass enk an dem klenge Buttek an et schéngt onendlech Reie mat Sweatshirten ze ginn, alles propper op engem Bigel presentéiert. Kartonge voll mat Pullover an T-Shirte stinn engem an de Féiss, an et feelt och net u Clienten déi nëmme mat vill Méi laanscht enee kommen. Op alle Kleedungsstécker steet Deisel:  wëllkomm an Chinatown, dem New Yorker Räich vun der Fälschung.

An dësem Buttek zu Chinatown ass et awer dës Kéier anescht. All déi Kleeder mam Numm Deisel, déi d‘Clienten sech géigesäiteg aus den Hänn räissen, si vun der echter Mark Diesel, op Initiativ vu sengem Grënner Renzo Rosso, hiergestallt ginn. Dee wëll mat dëser Aktioun op den Afloss op de Marché, duerch Fälschungen hiweisen.

Eng Rechnung déi op gaangen ass

D‘Geschäft um Eck Broadway a Canal Street, dat ganz diskret déi lescht Woch seng Dieren opgemaach huet ass net geduecht laang ze bestoen. Mee et hu schonn honnerte Clienten hei kaf, ganz ouni ze wëssen, datt déi falsch Mark Deisel eng Erfindung vun der echter war.

Um Freideg ass d‘Täuschung dann awer offizialiséiert ginn, a Dosende Passanten hu gedëlleg drop gewaart och an dat iwwerfëllte Geschäft eranzekommen, fir sech en echte falschen Diesel zum Präis vu 60 US-Dollar de Sweatshirt mat Kaputz oder 70 US-Dollar eng Jeans ze kafen.

„Et gëtt esouvill Fälschungen an der Welt“ esou de Renzo Rosso géintiwwer der AFP. Hien hat et sech net huele gelooss hat selwer am Geschäft ze stoen, a war vum Rapper Gucci Mane fir d‘Geleeënheet begleet ginn. „Ech hu mer geduecht, firwat sollt een net mat dem Problem deem mer ausgesat sinn, spillen?“.

Nonkonformistesch erfollegräich

„Also hu mir ‚falsch‘ Produite mat engem falschen Numm ‚erfonnt‘ an hunn eis an deem Quartier installéiert dee Weltwäit de Ruff genéisst, d‘Räich vun der Fälschung ze sinn“, erkläert de Renzo Rosso. An Chinatown ass tatsächlech déi Plaz zu New York, wou et alles, vu Louis Vuitton bis zur Rolex, als Fälschung gëtt.

Deisel

D‘Geschäft um Eck Broadway a Canal Street, huet vill Clientèle ugezunn. Se waren all iwwerzeegt hei Fälschunge verkaf ze kréien, bis se dann um Freideg gewuer gi sinn, datt Deisel e ganz echten Diesel ass. © Jewel Samad/AFP

„D‘Leit kommen an d‘Geschäft a sinn iwwerzeegt, datt et sech beim Produkt dat se kafen ëm eng Fälschung handelt. Eis Produiten déi se hei kaf hunn, kënnen se elo dräi, véier mol esou deier weiderverkafen“, laacht den Italiener vun 62 Joer, deem säin nonkonformistescht Denken zum Erfolleg vun der Mark „Diesel“, déi 1978 gegrënnt ginn ass, immens bäigedroen huet.

Wéi et dozou komm ass

An esou konnt ee gewuer ginn, datt him de Gedanke mat de „Fälschungen“ ze spillen, am leschte Summer komm ass, wéi hien an der Tierkei iwwert de Maart vu Bodrum flanéiert ass. Do si masseweis falsch Diesel T-Shirte verkaf ginn, déi hien sech a Rou konnt ukucken, ënnert dem Bléck vun engem frëndlecher Vendeur, dee keng Ahnung hat wien do virun him gestanen ass.

De Schued deen duerch Fälschungen entsteet, ass schwéier anzeschätzen. Wéi héich hien de Finanzielle Schued aschätzt? „Ech weess et net, mee et ginn all Joer wäit iwwert eng Millioun gefälschten Diesel-Kleedungsstécker verkaf“, esou de Renzo Rosso.

Wann ee sech dann awer nees déi immens Schlaang u Leit ukuckt, déi vill Gedold mussen hunn fir och an dat klengt Geschäft ze gelaangen, an eng vun dësen echte „Fälschungen“ ze ergatteren, dann dierf ee behaapten: dem Italiener seng Rechnung ass op gaangen. D‘Geschäft soll dann och schonn e Méindeg zou maachen, vläicht esouguer éischter, wann et näischt méi ze verkafe gëtt…

mat AFP

Foto: Matten an der New York Fashion Week, huet de Renzo Rosso an Chinatown mat „Deisel“ echt Fälschungen un de Mann an d‘Fra bruecht. Zesumme mam Rapper Gucci Mane (l), an dem CEO vun Diesel, Marco Agnolin (m), hu si um Freideg iwwert d‘Hannergrënn vum Geschäft opgekläert. © Presley Ann/Getty Images/AFP

Related topics Deisel, Diesel, Fashion Week, New York, Renzo Rosso
Next post Previous post