Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
Meenung

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

Stad Lëtzebuerg: De soziale Wunnraum ass weiderhi knapp
Meenung

Stad Lëtzebuerg: De soziale Wunnraum ass weiderhi knapp

Et ass sécherlech net esou, wéi wann de Manktem um

surprise
Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng
Meenung

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass

Ma do hunn sech déi richteg zu Berlin zesummegedoe. D‘Vetrieder vum Brancheverband (VDA) an d‘Politiker. Gutt net all d‘Politiker, dofir awer déi, wou Entscheedunge sollen treffen. D‘Ëmweltministesch Barbara Hendricks (SPD) an de Horst Seehofer (CSU), waren dann och wéi erwaart unenee geroden.

U sech egal, esou laang wéi eppes bei dësem dach fir d‘Autosbranche esou wichtege Sommet erauskënnt. An dat ass et och. Eppes iwwer fënnef Milliounen Autoe sollen elo eng nei Software opgespillt kréien an da manner Emissiounen hunn. Laut VDA iwwerhuelen d‘Hiersteller dofir d‘Käschten.

Nujee, de Stecker an den Auto stiechen, waarde bis de Programm gelueden ass an de Stecker nees zéien. Et dierf een dovunner ausgoen, datt d‘Fraisen ze iwwerblécke sinn, esouguer wann dem Client misst ee Kaffi ugebuede ginn. Ob déi Autoe vun den Emissiouns-Klassen Euro 5 an Euro 6 dann nach grad esou gutt fueren a wéi mat der Garantie ausgesäit, dovunner war nom Sommet keng Rieds.

Interessant fir de „Konsument“ déi heiten Informatioun: D‘Hiersteller wëllen elo och Moossnamen ergräife fir den Fuerpark ze erneiere an eeler Diesele vum Maart ze huelen. Wéi dat fir de Client soll ausgesinn hunn se nach net verroden, och net wat mat deenen Diesele soll geschéien. Et dierft allerdéngs gutt a gäre sinn, datt een déi an der EU net méi gelidde Gefierer dann an Entwécklungslänner erëmfënnt.

Hei dierft allerdéngs kloer sinn, datt ee säin Diesel esou schnell net méi privat lass dierft ginn. De Wäertverloscht ass also deementspriechend héich. Dat wëll elo net heeschen, datt ee méi fir ee Bensinner Lada erëmkritt, wéi fir en Diesel mat Stär, mee wie weess dat haut schonn?

Sécher ass bis ewell just eent: Mat dem ganze Gemauschels huet sech d‘Autosindustrie selwer duerch de Knéi direkt an de Fouss geschoss. Si wäerten och net derlaanscht kommen „echt“ Beweiser op den Dësch ze leeën, wann si nach hir Autoen a Groussstied wëlle rulle gesinn. Déi Resultater aus dem Laboratoire gleeft kee Mënsch hinnen.

Mee bis dohinner war de Sommet fir d‘Autosindustrie zefriddestellend. Et huet een Zougeständnesser gemaach, hei an do eppes versprach an alles ass nees gutt. Woubäi d‘Zuel vu fënnef Milliounen Autoen sech de Facto just kann op Däitschland bezéien. Wéi gesäit et da mat eisen „Dieselen“ aus? An deene vun de Fransousen, de Belsch an aneren EU-Länner?

Bon, dat dierft der Bundesregierung hire leschte Problem sinn. Déi mussen sech jo elo net ëm d‘EU këmmeren. Do hu si bis ewell ëmmer nëmmen dofir gesuergt, datt alles am Sënn vun hiren Hiersteller „genormt“ ginn ass. Zu Berlin ass et just drëms gaangen den däitschen Autosbesëtzer zefridden ze stellen. Dat ass gegléckt, d‘Aktië vu BMW, Daimler a VW hu sech direkt nom Sommet erholl.

Ähnlech Sujeten Däitschland, Diesel, EU
Nächsten Artikel Virrechten Artikel