Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach
International Neiegkeeten

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz
International Neiegkeeten

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz

Zënter senger Kreatioun Enn 2018 këmmert sech de Ministère fir

De Poopst zelebréiert Chrëschtmetten
International Neiegkeeten

De Poopst zelebréiert Chrëschtmetten

A senger Priedegt huet de Poopst Francis erkläert, datt eis

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich

Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels bei Volkswagen, am Kontext vum Dieselskandal, ze enquêtéieren, ass d‘Mooss elo voll. Si hunn den Zivilparteie matgedeelt, datt sech déi däitsch Justiz weigert d‘Resultater vun hiren Enquêten virzeleeën, a hinnen esou d‘Hänn gebonne sinn. Dat mécht däitlech: net nëmmen d‘Politiker protegéieren d‘Automobilindustrie.

„Mir hu schonn dräi offiziell Demanden zur Asiicht an d‘Dokumenter, beim Procureur vum Geriicht zu Braunschweig agereecht. Demanden déi net honoréiert goufen“, hunn déi dräi, mat der Enquête beoptraagt, franséisch Untersuchungsriichter an engem Bréif vum 27. Juli, adresséiert un de „Pôle Santé Publique“ vu Paräis, matgedeelt. Vum Schreiwes ass d‘AFP eréischt e Méindeg gewuer ginn.

De Bréif, vun deem Auszich an der Zeitung „Le Parisien“ verëffentlecht goufen, war geduecht fir d‘Zivilparteien – fir déi meescht Keefer vun Autoen déi net deem entsprieche wat de Kafvertrag vu VW versprach huet – déi duerch de Skandal e reellen an novollzéibare finanzielle Schued erlidden hunn. Kläger déi sech op hiert Recht behaapten, grad wéi et dausenden Amerikaner gemaach hunn.

Fir de Spriecher vum Geriicht zu Braunschweig, Christian Wolter, sinn d‘Virwërf aus Frankräich net novollzéibar. D‘Transmissioun vun den ugefuerderten Dokumenter „hätt kënnen déi lafend penal Enquêten an Däitschland behënneren“, esou de Beamte géintiwwer der AFP. Hie füügt nach bäi, datt d‘Demande fir juristesch Hëllef zu engem spéideren Zäitpunkt wäert berécksiichtegt ginn.

D‘Justiz als „Handlaanger“ vu kriminellen Industriellen

Mat „spéiderem Zäitpunkt“ soll verstane ginn: „wann d‘Iwwerdroe vun Informatiounen net méi déi an Däitschland duerchgefouert Enquête ka behënneren“. An engem Bréif un déi franséisch Riichter, hat de Parquet vu Braunschweig eesilbeg festgehalen: „Déi juristesch Zesummenaarbecht ass op e spéideren Zäitpunkt verluecht“, heescht et vun enger Quell déi no um Dossier ass.

Fir de Maître Emmanuel Ludot, Affekot vu ronn 30 franséischen Zivilparteien, ass dat ganzt een absolut onkredibelt Argument. „Déi Leit waarden zanter Méint a Joren drop, entschiedegt ze ginn, fir e Bedruch deen eendeiteg erwisen ass“. Den Affekot stellt fest, datt de Refus vu Volkswagen an d‘Haltung vun der däitscher Justiz, eenzeg den Zweck hunn, d‘Affär ze verschleefen.

„Volkswagen ass nëmmen och da bereet ze entschiedegen, wann d‘Entreprise, wéi an Amerika, der e puer anstänneger gelantert kritt“, esou den Emmanuel Ludot. Richteg: am Mee 2017, huet d‘US-Justiz engem Entschiedegungsprogramm zougestëmmt, mat deem ronn 600.000 VW-Clienten eng 18 Milliarden Euro zougestane goufen.

Geld mat deem d‘US-Autoritéiten, d‘Concessionairen an d‘Cliente zefriddegestallt solle ginn. Am Juni, also iwwert e Joer méi spéit, an ouni dat sech un der Beweislaascht oder dem Fait, datt hei de Client an d‘Autoritéite getäuscht goufen, eppes geännert hätt, huet VW ugekënnegt, bereetwëlleg eng Geldstrof vun enger Milliard Euro ze bezuelen, wann domatter d‘Prozedur beendegt gëtt.

Virum Gesetz si mir net alleguerte gläichgestallt

Déi franséisch Riichter, déi säit elo iwwer zwee Joer wéinst „schwéierem Bedruch“ enquêtéieren, haten am Mee 2017, den däitsche Constructeur ënnert de Statut vum „begleeten Zeien“ gestallt. Dat ass eppes tëscht: einfachem Zeien deem näischt virgeworf gëtt, an der „mise en Examen“, wou de Verdacht eng Strofdot begaangen ze hunn, Bestand huet.

An hirem Schreiwes, weisen déi franséisch Untersuchungsriichter drop hin, datt d‘Entreprise VW, bei der éischter Auditioun als begleeten Zeien, sech zu kenge Froe wollt ausdrécken. Si bestätegen och eng nei Auditioun ze wëllen. Et muss een elo awer op de Recours fir d‘Prozedur vu Volkswagen am September waarden, fir d‘Enquête an d‘Consultatioun vum „Beschëllegten“ nees opzehuelen.

Mat engem neien „Interrogatoire“ klëmmt och d‘Bedreeung vun enger „mise en Examen“ vum Constructeur. D‘Riichter annoncéieren dann och, datt eng zweet Expertise am Bezuch op d‘Software, déi vu Volkswagen an oder fir d‘Moteuren agesat ginn ass, ugefuerdert ginn ass. Déi soll d‘Expertise vum Abrëll 2017 stëtzen, an eventuell nei Erkenntnisser liwweren.

D‘Amerikaner hu jo scho ganz erfollegräich nogewisen, wéi vill kriminell Energie Volkswagen an d‘Produktioun vu sengen Diesel gestach huet. Mat der Fuddelsoftware war et ëmmerhi méiglech, den Autoritéite virzespillen, datt de VW-Diesel dat bescht fir d‘Ëmwelt wier, säit der Erfindung vum Automobil. Dobäi huet de VW-Diesel déi zoulässeg Emissiounen ëm dat 40facht iwwerschratt.

Eng noutwenneg Remark

Wann e Constructeur erwëscht gëtt, wéi hei VW, kann an ass dovunner auszegoen, datt déi „aner“ sech dofir och net ze schued sinn. Dat gëllt och fir Zouliwwerer vun der Automobilindustrie, wéi beispillsweis Bosch.

Dat erkläert, firwat verschidden däitsch Parqueten Enquête opgeholl hunn, wéinst „Fraude“, „Manipulatioun vun Aktiëcoursen“ oder „Werbeligen“. Enquêten déi sech géint Kader a Manager vu Volkswagen, awer och Audi a Porsche wennen. Méi genee op d‘Fanger gekuckt, kréien och d‘Constructeuren Daimler a BMW, mee Experten hunn Zweiwel um gudde Wëlle vun der Justiz.

Am Frankräich gëtt dann och net nëmme mam Fanger op Volkswagen gewisen. Hei huet een sech och den eegene Constructeuren (Renault, Peugeot-Citroen) ugeholl, wéi och d‘Gefier vum Grupp Fiat-Chrysler ënnersicht.

mam Benjamin Legendre an dem Daphné Rousseau/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Dieselgate, Frankräich, Justiz, Volkswon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel