Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys
International Money Neiegkeeten

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Am Kader vum Medieprojet „1917“ dee vum 100,7 an der

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890
International Money Neiegkeeten

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg,

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!
International Money Neiegkeeten

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!

E Freideg Mëtteg huet, no laange Preparatiounen, den Transport vun

money

Dieselgate: Porsche SE zu 47 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt

Dieselgate: Porsche SE zu 47 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt

Porsche SE, den Haaptaktionär vu VW, ass e Mëttwoch vun engem Geriicht zu Stuttgart veruerteelt gi 47 Milliounen Euro Schuedenersatz, plus Zënsen, un Investisseuren ze bezuelen. Dat ganzt am Kontext vum Skandal ëm d‘Diesel-Motore mat Fuddelsoftware. D‘Geriicht gesäit et als erwisen un, datt Porsche SE senger Informatiounsflicht net nokomm ass.

A senger Entscheedung – déi ganzer 130 Säite fëllt – huet de Riichter notamment festgehalen, datt eng intern Note déi am Mee 2014 un de CEO vu VW, Martin Winterkorn iwwermëttelt gi war, hätt dozou féiere mussen, datt d‘Mäert iwwert déi finanziell Risiken informéiert ginn, déi duerch den Asaz vu Fuddelsoftware entstane sinn. Well dat net geschitt ass, wieren d‘Leit „belunn“ ginn.

Eigentlech haten d‘Kläger 164 Milliounen Euro (plus Zënsen) Schuedenersatz gefuerdert. Dat mat zwou vun enaner onofhängege Prozeduren, déi gemeinsam ënnersicht gi sinn a sech op Porsche SE bezunn hunn. Esou eng Prezisioun vum Geriicht zu Stuttgart. A fir Porsche SE ass et heimatter och net gedoen, et sinn dat eréischt déi éischt Uerteeler aus villen ustoende Prozesser vun Aktionären.

Aktionären, déi vu Porsche SE a VW net manner wéi 9 Milliarden Euro Schuedenersatz fuerderen. Dat viru Geriichter zu Stuttgart a Brunswick. Schold um Debakel: d‘Manipulatioune vu VW un hire Motoren, déi am September 2015 opgedeckt gi waren. D‘Aktie vu VW haten dorops hin 40% vum Wäert, an d‘Porsche-Aktien 30% vum Wäert agebéisst. De Feeler wierklech agesinn, deet och keen.

Et ergëtt sech, datt parallel zu de Prozeduren déi vun Aktionären engagéiert gi sinn, och eng Rei däitsch Parqueten enquêtéieren. Et geet ëm Etiketteschwindel, Manipulatioun vun der Bourse, a Fraude. Déi däitsch Regierung huet zudeem „Kollektiv Prozeduren“ zougelooss. Cliente kënnen zesumme kloen, an eng Konsumenteschutzorganisatioun wäert am November den Ufank maachen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Aktien, Dieselgate, Dieselskandal, Investisseure, Porsche, Volkswagen, Volkswon, VW
Nächsten Artikel Virrechten Artikel