Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esou erschreckend wéi weeweisend
International Neiegkeeten

Esou erschreckend wéi weeweisend

An der Emissioun „À votre Avis“ vu gëschter, déi op

Aktioun Bambësch fir Ouschteren
International Neiegkeeten

Aktioun Bambësch fir Ouschteren

Säit elo méi wéi véier Joerzéngten, bitt d‘Stad Lëtzebuerg de

Bolivien: Bëschbränn mobiliséieren e ganzt Land
International Neiegkeeten

Bolivien: Bëschbränn mobiliséieren e ganzt Land

Zanter Deeg ass Bolivien am Wiergegrëff vu massive Bëschbränn. Bis

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot

Den Dieselskandal, dee wéinst dem Gefuddels bei VW fir grouss Opreegung gesuergt huet, ass um Donneschdeg an den USA kuerzzäiteg nei opgeflaamt. Dat mat der Ukënnegung, datt géint de fréiere Generaldirekter vu VW, Martin Winterkorn, ugeklot gëtt. Hie gëtt beschëllegt, op mannst ee Joer iert d’Manipulatioun bekannt ginn ass, vun allem gewosst ze hunn.

„D’Uklo déi haut ëffentlech gemaach ginn ass, berifft sech op de Fait, datt de Komplott dee vu VW ageriicht ginn ass fir déi legal Verflichtungen ze ëmgoen, bis un d’Spëtzt vun der Entreprise bekannt war“ huet den Jeff Sessions, US-Justizminister, matgedeelt. „Et si schwéier Beschëllegungen, a mir wäerten d’Strofverfolgung, mat alle Mëttel déi d’Gesetz hei erlaabt, engagéieren“.

Et ass kaum unzehuelen, datt sech de 70 järege Winterkorn virun engem Geriicht wäert musse rechtfäerdegen, well Däitschland ass zimlech renitent, wann et drëms geet en däitsche Bierger ausserhalb der EU „auszeliwweren“. Den ex-Patron dierft also nëmmen dann engem Riichter an den USA géinteniwwer trieden, wann hie sech selwer stellt, oder ausserhalb Däitschland festgeholl gëtt.

Den US-Justizministère affirméiert, datt de Martin Winterkorn schonn 2014 iwwert den Abau vun der Software, déi eng Ofgasmanipulatioun vun den Diesel-Modeller méiglech gemaach huet, informéiert gi war. Hie kritt elo de Virworf gemaach, déi Optioun ugeholl, respektiv näischt ënnerholl ze hunn, fir de Gesetzesverstouss ze verhënneren.

Eng „Reunioun zum méigleche Schued deen duerch d’Gefuddels kéint enstoen“ war de 27 Juli 2015 um Haaptsëtz vu VW, zu Wolfsburg organiséiert ginn. Un dëser Reunioun huet de Martin Winterkorn erwisenermoossen deelgeholl. Hei haten d’Softwarespezialisten op d’Problemer higewisen, déi duerch d’Reglementéierung an den USA entstoe kéinten.

An eigentlech hunn si drop opmierksam gemaach, datt eng Zertifizéierung vun den Diesel-Modeller kéint verschleeft ginn, wann een do net géif reagéieren an dofir suergen, datt d’Ofgaser sech den Ufuerderungen „upassen“. Et ass hei och iwwert déi méiglech Konsequenze berode ginn, falls een erwëscht gëtt. No dëser Reunioun huet de Winterkorn „erlaabt“ weider ze léien.

Riedséileg e-Mailen

Déi amerikanesch Autoritéite weisen drop hin, datt si am Besëtz vun elektroneschem Courrier (e-Mails) sinn, déi tëscht den Employéeë vu Volkswon echangéiert goufen. Dovunner eng Partie e-Mails déi vun engem fréiere Responsabel ausgestallt goufen, a wou dem Martin Winterkorn als Kopie (cc) zougestallt gi sinn.

VW „kooperéiert och weiderhi mat den Enquêteure vum US-Justizministère“ huet et um Donneschdeg säitens engem Spriecher geheescht. Et wier awer „net ubruecht individuell Fäll ze kommentéieren“.

De Martin Winterkorn hat am September 2015 seng Demissioun agereecht. Dat nëmmen e puer Deeg nodeems VW zouginn huet an 11 Milliounen Diesel-Gefierer, eng Fuddelsoftware agebaut ze hunn. Mat dëser Software war et méiglech den Ofgastest ze „korrigéieren“ woumatter verstoppt konnt ginn, datt d’Wäerter bis dat 40facht vun den zoulässegen Normen ausgemaach hunn.

Hie war duerch de Matthias Müller ersat ginn, deen am Abrëll och schliisslech huet missen den Hutt huelen. Och den „Ersatzmann“ ass Géigestand vun enger Enquête am Zesummenhang mat dëser Affär.

Laut dem US-Justizministère, sinn ausser dem Winterkorn nach fënnef weider Direkter vu VW um Donneschdeg ugeklot ginn. Da sinn: de Richard Dorenkamp, Heinz-Jakob Neusser, Jens Hadler, Bernd Gottweis an de Jürgen Peter. Am Ganze sinn aacht aktuell a fréier Dirigente vun den USA ugeklot ginn, mee nëmmen zwee Ingenieure goufe bis ewell veruerteelt.

Zu deene gehéiert den Oliver Schmidt, de Kapp vum Service dee sech ëm d’Konformitéit vu VW an den USA gekëmmert huet. Hien hat sech am September dozou entscheet sech „Schëlleg“ ze bekennen a mat den amerikaneschen Autoritéiten zesummenzeschaffen. Hie war zu Miami, wou hie Vakanz gemaach huet, festgeholl ginn. Seng Strof: 7 Joer Prisong a 400.000 US-Dollar Amende.

Géint den 61 järege Giovanni Pamio, e fréiere Chef vun Audi, gëtt och ermëttelt. D’US-Justiz huet och schonn d’Ausliwwerung vum Italiener, dee säi Wunnsëtz an Däitschland huet, bei den däitschen Autoritéiten ugefrot.

„Si hu bewosst a mat Absicht gefuddelt“ fir esou amerikanesch Gesetzer ze ëmgoen, ass an de Justiz-Dokumenter ze liesen, déi am Mäerz bei engem Geriicht zu Detroit (Michigan) hannerluecht gi sinn, an en Donneschdeg ëffentlech gemaach goufen.

De Skandal huet VW bis ewell 25 Milliarden US-Dollar kascht (Réckruff vun de Gefierer, Geriicht- a Prozesskäschten). An den USA sinn zudeem Kollektivkloen agereecht ginn. E Problem dee VW an Europa net huet, well de Konzern vun der Politik geschützt gëtt. An dësem Kontext ass och net dovunner auszegoen, datt ee vun de genannte Responsabel un d’US-Justiz ausgeliwwert gëtt.

Trotzdeem huet den neie Generaldirekter Herbert Diess nach emol versprach, datt VW seng Kontrollsystemer verstäerkt fir „schlechte Beholl“ besser opdecken ze kënnen an zukünfteg „Feeler“ esou ze verhënneren.

mam Luc Olinga/AFP

Foto: Wéi en ausgestreckte Mëttelfanger erhiewen sech d’Kamäiner vun der Fabrick zu Wolfsburg dem Himmel entgéint. Datt iergendeen vun de Beschëllegten sech jeemools wäert musse virun engem Geriicht an den USA rechtfäerdegen, ass net ze erwaarden. © Odd Andersen/AFP

Ähnlech Sujeten Audi, Dieselskandal, Martin Winterkorn, US-Justizministère, VW
Nächsten Artikel Virrechten Artikel