Search

You may also like

Journalisten am Fokus
Neiegkeeten

Journalisten am Fokus

Alles huet mat engem Bréif un d‘Journalistin Anett Stelle, déi

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren
Neiegkeeten

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren

Wéinst den ëmstriddene Subventioune fir Airbus, huet d‘US-Regierung gëschter domadder

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen
Neiegkeeten

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen

De CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet viru kuerzem dem Parteipresident Frank

Digitale Nationalkongress vun der DP

Digitale Nationalkongress vun der DP

D’Demokratesch Partei deelt mat, datt si e Méindeg, de 15. Juni 2020 um 18:30 den éischten digitale Parteikongress zu Lëtzebuerg ofhale wäert.

Déi sanitär Ëmstänn erlaben den Ament kee Parteikongress op eng klassesch Manéier, wéi d’DP-Memberen dat gewinnt sinn. Als Partei, déi d‘Digitaliséierung als ee vun de wichtegste Piliere fir d’Entwécklung vum Land gesäit, organiséiert d’DP dofir den éischte participative Live-Kongress zu Lëtzebuerg, mat honnerte vun hire Parteimemberen.

Dat ass eemoleg zu Lëtzebuerg. Nom statutareschen Deel vum Kongress wäerten d’Memberen an engem Live-Q&A interaktiv um Kongress intervenéiere kënnen. Den DP-Kongress gëtt wéi ëmmer am Live-Stream iwwerdroen an d’Press kritt all Accès ugebueden, dorënner och Interviewe mat den DP-Mandatairen.

Matgedeelt vun der DP

Related topics Covid-19, Demokratesch Partei, Digitale Nationalkongress, DP, Live-Stream, Pandemie, Sanitär Kris
Next post Previous post