Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei bei Editions Schortgen: Voyage au Bout des Jours
Meenung Neiegkeeten

Nei bei Editions Schortgen: Voyage au Bout des Jours

Et ass weder eng Autobiografie, nach ee Memoire oder Ähnleches.

Zwee „Dommer“ ee Gedanken
Meenung Neiegkeeten

Zwee „Dommer“ ee Gedanken

E Méindeg huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, mat

dislike
D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst
Meenung Neiegkeeten

D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst

Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn

Den digitale Stroumzieler (e Kommentar)

Si solle Käschten aspueren an de Verbrauch drécken… tatsächlech awer profitéiere ganz anerer

Den digitale Stroumzieler (e Kommentar)

Den Zäitalter vun de sougenannten digitale Stroumzieler (Smart Meter) ass ugebrach an dir kënnt iech et denken: „elo gëtt alles besser!“. Esou zumindest Industrie & Politik gläichermoossen, an dat sollt eis schon ze denke ginn. Wann sech Industrie a Politik eens sinn, huet de Bierger eigentlech ëmmer d‘Aarschkaart. Bei dëser Technik awer géif de Konsument am Mëttelpunkt stoen, soen se…

Esou en digitale Stroumzieler ass, wann sech Industrie a Politik schonn dofir asetzen, un a fir sech net emol esou verkéiert. An dësem Smart Meter ass ee „Gateway“ agebaut, dat de Stroumzieler mam Internet verbënnt wat et dem Stroumfournisseur erlaabt „in Time“ dësen ofzeliesen. Wëll heeschen, datt dësen de Verbrauch zu all Ament kann ofliesen, wat fir d‘Ofrechnung praktesch ass.

Technesch a wirtschaftlech gesinn duerchaus eng gutt Saach, woubäi hei zum enge keng anonym Date verschéckt ginn (och wa se verschlësselt wieren) mee de Stroumzieler duerchaus och nach ganz aner Informatioune liwwert, mat deenen sech vill Geld verdénge léist. An dat ass och nëmmen d‘Spëtzt vum Äisbierg. Elo kann engem „Verschwierung“ virgeworf ginn, mee dat trëfft et net ganz.

Alles wëssen an Echtzäit

Mir wëssen (oder sollten et wëssen), datt eis Daten an der Wirtschaftswelt an wuel och op anere Plazen eng richteg Währung duerstellen. Mam digitale Stroumzieler, kann den Operateur wéi gesot ganz genau de Stroumverbrauch vun engem Haushalt novollzéien. Et ass esouguer méiglech déi eenzel Apparater vun enaner ze ënnerscheeden, wat immens praktesch fir d‘Profilerstellung ass.

Méi bëlleg gëtt absolut guer näischt, zudeem ass jo eréischt eng Erhéijung vun 10% duerchgezu ginn. Dofir awer kréie mir eppes „Extra-Bestralung“, vun där Medeziner an esouguer déi oder aner Mataarbechter am Ëmweltministère net begeeschtert sinn, kéint dat dach op Dauer ee reelle Risk fir d‘Gesondheet duerstellen. A wéi esou oft, d‘Butzen an déi eeler Leit sinn déi éischt Affer.

An de Stroumzieler ass och nëmmen den Ufank. Gas a Waasser sollen och iwwert ee Smart Meter ofgelies ginn, wat nach méi interessant Date fräi setzt, déi vill Auskunft iwwert d‘Gewunneschte vun engem Stot verroden. Och wien aus „Dommheet“ alles iwwert sech am sozialen Netzwierk fräizügeg ausbreet, mécht dat nach ëmmer „fräiwëlleg“, beim Smart Meter gëtt een net gefrot.

Well et da Leit gëtt, déi iwwert déi ganz Méiglechkeeten – déi jo u sech technesch gutt sinn – awer Bescheed wëssen, huet de Legislateur sech et denkbar einfach gemaach: et muss een dat zouloossen oder et stellt nees d‘Käerz op den Dësch. De Legislateur behaapt och, datt all d‘Operateure richteg éierlech Entreprise sinn, a sech streng un d‘Oplage vum Dateschutz halen, also keng Gefor besteet.

Wann awer schonn innerhalb staatlechen Organisatiounen (ADEM, Gemeng Hesper…) Leit esou fix an der Informatik sinn, datt et Joren dauere ka bis „Onregelméissegkeeten“ opgedeckt ginn (an dat meeschtens duerch Zoufall, oder wëll de Brigang en Dabo ass) sollt ee bei privaten nach méi virsiichteg sinn. An wéi gesot, et besteet hei och nach een erhiefleche Sanitäre Risk wéinst Stralen.

Illustratioun: © Rahul / unsplash

Ähnlech Sujeten Dateklau, digitale Stroumzieler, Iwwerwaachung, Profilerstellung, smart meter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel