Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hunn d‘Spaassgesellschaft ofgeschaaft
Kultur Neiegkeeten

Si hunn d‘Spaassgesellschaft ofgeschaaft

Pressekonferenzen déi sech gläichen an ëmmer déiselwecht Sätz, dat ass

Xi Jinping: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“
Kultur Neiegkeeten

Xi Jinping: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“

Nëmmen e puer Deeg nodeems de chinesesche President erëmgewielt ginn

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten
Kultur Neiegkeeten

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten

Beim EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel (2.

En digitalen Nationalfeierdag 2020

En digitalen Nationalfeierdag 2020

D’Festivitéiten op Nationalfeierdag wéi mir se gewinnt sinn, falen an dësem Joer aus. Fir dëse besonneschen Dag trotzdeem e bëssen ze feieren a gläichzäiteg déi sozial Distanz ze halen, huet d’Stad Lëtzebuerg eng digital Campagne erstallt, déi gläichzäiteg ënnerhalend an aluedend ass.

Um Mëttwoch, de 17. Juni an Samschdeg, de 20. Juni gi vun 11:00 bis 16:00 Auer verschidde Gadgeten (Kräid, temporär Tattooen, kleng Häppercher a méi) un d’Bevëlkerung verdeelt. Sonndes, den 21. Juni (vun 1:00 bis 16:00 Auer) kritt all interesséiert Persoun nach emol um Glacismaart d’Méiglechkeet vun der Offer ze profitéieren.

Virun allem gëllt awer de Message Solidaritéit, Solidarité, Solidarity! An dësem Sënn kritt jiddwereen d’Geleeënheet ee Message, positiv Gedanken, Erënnerungen an Traditiounen op de sozialen Netzwierker ze deelen.

Op nationalfeierdag.vdl.lu kritt Dir all wichteg Informatiounen. Zudeem bitt de Magazin City op de Säite 70 bis 75 ee fantasteschen Abléck an d’Entstéiung, d’Geschicht an déi haiteg Feier. Wisou gëtt et eng Militärparad, firwat sange mir den Te Deum a wouhier kënnt d’Traditioun vum Fakelzuch? Op dës a weider Froe kritt Dir eng Äntwert.

Opmaacherbild: © Ville de Luxembourg

Ähnlech Sujeten digital Campagne, Feieren, Festivitéiten, Nationalfeierdag, Solidaritéit Solidarité Solidarity, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel