Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen
dating a 58 year old man Neiegkeeten

my cousins are dating

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

dating actress
dating a 58 year old man Neiegkeeten

Ateliers-Visitt vum Artist Jacques Schneider

Gëschter huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa den Atelier vum Kënschtler

dislike
Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn
dating a 58 year old man Neiegkeeten

Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn

Et si schlëmm Noriichten, déi een al Dag erreechen. Zënter

money

Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht

Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht

Der Famill oder de Frënn mëttels enger SMS zu Neijoerschdag wënschen, dat ass esou eppes vun 2015, haut huet de moderne Mënsch mobillen Internet, a gegréisst gëtt iwwer déi sozial Netzwierker. Et huet ee sech dru gewinnt, et ass esou praktesch ei gënschteg, an et ass u sech egal, op engem e puer Wierder duerginn, oder et e Roman dierf sinn.

Fir d‘Operateure vun der mobiller Telefonie am Land ass dat elo net direkt eng gutt Nouvelle, well och wann an de meeschte Verträg eng Abberzuel u „gratis“ SMSen enthalen ass, et bleift eng Geldquell. Allerdéngs eng zimlech Obsolet. Eigentlech kann an Tëschenzäit och dee schlechtste Service am Internet esouvill méi wéi „SMS“, datt ee sech freet, firwat et dat nach gëtt.

Wie vun den Operateuren huet sech beschte geschloen?

Laut dem Communiqué vun „Orange“ huet de franséischen Operateur esouwuel iwwer Chrëschtdag (-6%) wéi och iwwer Silvester (-22%) e Réckgang beim SMS-Service notéiert. Dofir ass nees méi telefonéiert ginn (+6,7% / +4,7%). Populär a beléift ass „Internet“, hei huet d‘Entreprise eng Hausse vun +26,6% iwwer Chrëschtdag a +24,2% iwwer Silvester notéiert.

Bei Tango schléisst ee sech dëser „Feststellung“ un, a notéiert eng Erhéijung vum Datentransfer géintiwwer dem gläichem Zäitraum 2017/18 vun +8%. Si stellen och fest, datt méi aus dem Ausland kommunizéiert ginn ass. Bei den SMS, verzeechent Tango eng Baisse vu 6 bis 7%. Bei dësem Operateur ass allerdéngs och eppes manner telefonéiert ginn: -8% géintiwwer dem Virjoer.

D‘Post mellt hirersäits eng Réckgang bei den SMSen vun 13%. Interessant, eenzeg d‘Post huet op de Gebrauch vum MMS higewisen, an deen ass schéngt d‘leit och laang net méi esou ze begeeschtere wéi nach virun e puer Joer. Och hei bitt Internet wiesentlech méi bequem a gënschteg Alternativen. Dat erkläert dann och +24% beim „Date-Trafic“ géintiwwer 2017/18.

Ähnlech Sujeten Internet, MMS, Orange, Post, SMS, Tango
Nächsten Artikel Virrechten Artikel