Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren
dating copeland spode marks

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass „net bereet Geld an de Grapp ze huele

chatting dating site
dating copeland spode marks

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!

De Mouvement Ecologique begréisst ausdrécklech, datt de Premier Xavier Bettel

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)
dating copeland spode marks

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)

Wann een den „offiziellen Zuelen“ gleewe kann, da wier 1

Ugetruede fir d‘Digitaliséierung vun Europa zum Erfolleg ze maachen

Ugetruede fir d‘Digitaliséierung vun Europa zum Erfolleg ze maachen

Mat der Digitaliséierung, déi onweigerlech Liewensbestëmmend gëtt, mussen sech d‘Europäer och villen onerwënschten Erausfuerderunge stellen. Hei muss dann och entspriechend legiferéiert ginn, e Reegele fonnt ginn, déi an der ganzer EU gläichermoossen zur Uwennung kommen.

Beim Biergerdialog, dee vun der europäescher Kommissioun gefuerdert an ëmgesat gëtt, haten sech um Mëttwoch net wierklech vill Leit an de Rotonden hannert der Gare zu Lëtzebuerg afonnt. Et huet dann och ganz däitlech u „Jugend“ gefeelt, woubäi déi et jo vläicht virgezunn haten sech dat ganzt am „live-stream“ unzekucken an do matzemaachen.

Als Aleedung huet d‘EU-Kommissärin Mariya Gabriel (Wirtschaft an Digital Gesellschaft) drop higewisen, datt een zu Bréissel mëttlerweil 35 Richtlinnen ausgeschafft huet, an ee sech eens ass, datt et och am digitale Beräich e sougenannten „Marché Unique“ muss ginn. An dësem Kontext gëtt sech d‘Kommissioun dann och e Budget an héicht vun 9 Milliarde fir d‘Digitaliséierung ginn.

De Premier Xavier Bettel huet dann am Bezuch op Lëtzebuerg ugefouert, datt „Digital Lëtzebuerg“ ouni „Digital Europe“ net erfollegräich ka sinn. Et gëtt dann och vill Erausfuerderungen déi een elo muss Upaken: d‘Bildung am schoulesche Beräich, an d‘Weiderbildung bei de Beruffstätegen. Hei misst dann och de Privatsecteur mam Secteur Public kooperéieren.

Selwer entscheeden oder sech ofhängeg Maachen

Fir eise Premierminister war et och nach wichteg ze betounen, datt d‘Digitaliséierung net nëmme Virdeeler mat sech bréngt. Besonnesch d‘Aarbechtswelt muss hei „nei erfonnt“ ginn, a mir mussen eis elo drop virbereeden, déi ze ersetzen. D‘Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt dierf net zur Precarisatioun vun der Gesellschaft féieren.

An heizou huet d‘Mariya Gabriel eng intressant Informatioun: 44% vun den EU-Bierger tëscht 16 a 76 Joer (dat sinn 142 Millioune Mënschen) hu keng „Basiskompetenz“. Woubäi och nach 80 Millioune Mënschen net emol Accès zum Internet hunn. Dobäi wier awer gewosst, datt ee grad am Digitale Beräich bis 2020 eng hallef Millioun Spezialiste brauch.

Bis ewell wier Europa an der Robotik ganz gutt opgestallt, mee an esou wichtege Secteure wéi e-Commerce, Sichmaschinnen an Internetsécherheet, géif ee wäit hannert den USA a China leien. Zudeem hätt d‘EU de Problem, datt beispillsweis eng Start-Up sech muss mat 27 Legislatioune muss erëmschloen. Hei ginn et ewell Fortschrëtter, mee villes misst nach gemaach ginn.

Verwonnerlech dann, datt bei der Ëmfro, déi am Kader vum Biergerdialog gemaach ginn ass, d‘Leit sech méi Suerge maachen iwwert d‘Sécherheet bei den Transaktiounen an den Impakt op d‘Aarbecht. Suergen ëm „Fake News“ maachen sech déi wéinegst, woubäi, wann een net weess wéi vill Leit matgemaach hunn, déi eis presentéiert Zuele wéineg aussokräfteg sinn.

Datt dann de Xavier Bettel d‘Positioun vertrëtt, och déi Digital Medien ze stäerken, an esou e Qualitéitsjournalismus sécher ze stellen, dierf ee begréissen. Woubäi een op dëser Plaz awer och muss bedaueren, datt hei kleng Redaktioune séier wéineg Opmierksamkeet erhalen. Do muss méi konkret dat och ëmgesat ginn, wat op der politescher Tribün versprach gëtt.

D‘Aarbechtswelt 4.0

Absolut begréissenswäert – an hei bleift ze hoffen datt och déi nächst Regierung déi Objektiver behäerzegt – d‘Feststellung, datt de Premierminister am Zesummenhang mat der Rekonversioun vun deenen, déi duerch d‘Digitaliséierung hir Aarbecht verléiere wäerten, verstäerkt an d‘Formatioun muss investéiert ginn.

D‘Digitaliséierung schaaft jo „nei“ Aarbechtsplazen, an et muss d‘Leit hei entspriechend ausbilden. Oder wéi de Xavier Bettel zoutreffend bemierkt huet: „Ech hu keng Loscht d‘Leit an Asien, d‘USA oder der Ukrain ze rekrutéieren, mir brauche Leit vun hei“.

An dësem Kontext stellt d‘EU-Kommissärin dann och fest, datt et bis ewell och zu Bréissel keng fundéiert Zuele gëtt, aus deenen sech bestëmme léisst wéi vill Aarbechtsplaze verluer a wéi vill neier geschafe ginn. Et géif Experten, déi bis 60% vun den aktuellen Aarbechtsplaze a Gefor gesinn. Dat ass dann awer eng Ausso, déi beim Bierger scho fir Kappzerbrieches dierft suergen.

Dofir insistéiert de Premierminister och drop, datt een de Bierger Äntwerte muss liwweren. Zudeem misst verstäerkt op Bildung gesat ginn, well wann de Bierger ufänkt ze zweiwelen, dann hätt ee versot. China beispillsweis, esou de Xavier Bettel, investéiert Milliarden an déi sougenannte kënschtlech Intelligenz, an et léich un eis ze definéieren op mir wëllen dominéiert ginn.

Wann Europa allerdéngs esou seriö mat den Ziler am Beräich vun der Digitaliséierung ëmgeet, wéi dat aktuell bei de Klimaziler de Fall ass, da kann den EU-Bierger scho besuergt sinn. A wéi de Premier et ënnerstrach huet, et ass net domatter gedoen, datt Lëtzebuerg eleng hei villes richteg mécht an och massiv investéiert. Hei mussen déi 27 eng gemeinsam Strategie fir Europa virleeën.

Foto: De lëtzebuergesche Premierminister Xavier Bettel an d‘EU-Kommissärin Mariya Gabriel, haten sech um Mëttwoch de Froe vun de Bierger gestallt. De Sujet vum EU-Biergerdialog war d‘Digitaliséierung „De Bierger géintiwwer den Erausfuerderunge vun der digitaler Welt“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, Digitaliséierung, EU, Mariya Gabrie, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel