Search

You may also like

Sträit ëm Gaspipeline NordStream2 geet weider
Kultur Neiegkeeten

Sträit ëm Gaspipeline NordStream2 geet weider

De Schlagaustausch am Dossier NordStream2, der Gaspipeline vu Gazprom, déi

Shutdown: Eng presidentiell Offer
Kultur Neiegkeeten

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt
Kultur Neiegkeeten

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt

An eisem éischten Deel zum Escher Gemengerot vum 6. Juli,

41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad

Schonn zanter 150 Joer gëtt an der „Ieselstad“ d‘Fuesent mat engem Ëmzuch zelebréiert

41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad

„Et gëtt kee schlecht Wieder, et huet ee just déi falsch Kleeder un“, esou ee vun de Spréch deen um Sonndeg zu Dikrech méi oft héieren huet. Woubäi et gouf schonn deels eng Rei – fir dëst Wieder – couragéiert verkleete Personnagen. Mee wéi gewinnt, war och dës besonnesch Editioun gelongen.

Hale mir da kuerz fest, datt et eng ganz besonnesch Ausgab vun der Dikrecher Kavalkad war. Den éischten Ëmzuch zur Fuesent huet et deemno schonn 1870 ginn, also viru genee 150 Joer – och wann de facto eréischt déi 41. Editioun war – firwat et an der Virbereedung zur Kavalkad dëst Joer eppes méi ze di gouf. E Buch an ee Lidd sinn extra zu Éiere vun dësem Volleksfest geschafe ginn.

Lass goung et wéi ugekënnegt um 14 Auer, an den Optakt war de sëlleche Sponseren zougestane ginn, déi dann och den Ëmzuch a beschter Feierlaun mat ville Gadgeten, Béier a Cremant lancéiert hunn. Et ass zudeem traditionell déi éischt Kavalkad an der Lëtzebuerger Fuesent, firwat sech d‘Organisateuren eigentlech ëmmer kënne sécher sinn, egal wei d‘Wieder gëtt, si sinn nees do…

„Si“ dat ass ouni wëllen ze iwwerdreiwen, dat ganzt Land. An Dikrech ass net nëmmen zur Fuesent ëmmer den Ëmwee derwäert, mee ebe grad a besonnesch fir d‘Kavalkad geet de Lëtzebuerger gäre luussen, wat d‘Narren an d‘Närrinnen sech alles afale gelooss hunn, fir eise „Granden“ de Spigel virzehalen. Woubäi ganz esou politesch wéi bei eisen däitschen Noperen si mir nach ëmmer net.

Et gouf u näischt gespuert

Un dëser Gebuertsdagseditioun hunn 58 Gruppen deelgeholl, ob zu Fouss oder mam Won, ob mat der Tromm oder Musek aus der Béchs, alleguerten hu si dee ronn 2 Kilometer laange Parcours duerch Dikrech gemeeschtert kritt. Dobäi goufen eng 6.000 Kilo Séissegkeete (an dozou dierf een nach 3.500 Berliner dobäirechnen) un déi gutt 20.000 „Gäscht“ verdeelt, déi de Wee fonnt haten.

Nom Ëmzuch war et dann awer nach laang net gedoen. Op ville Plazen uechtert der Ieselstad huet et Fester ginn, woubäi et an de Gaasse selwer ab 22 Auer nees eppes méi gesittet zougaangen ass, et huet ee jo Versteesdemech fir déi wou den Dag drop schaffe mussen. Dofir ass et dann an der aler Seeërei bis déif an d‘Nuecht héich hir gaangen. Gutt berode war wien sech chaufféiere gelooss huet.

Op Uerder vum Parquet hat et nämlech an den Alentoure vun der Ieselstad Alkoholkontrolle ginn, wat ugesiichts dem Event novollzéibar ass. Kontrolléiert goufen dann hei 288 Automobilisten an 21 mol war den Test positiv: esou gouf et 11 Protokoller a 6 taxéiert Avertissementer. Fir 4 Chauffere war weder den Avertissement nach de Protokoll eng Optioun. Hire Führerschäi gouf abehalen…

Related topics Dikrech, Fuesend, Ieselstad, Kavalkad, Police
Next post Previous post