Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spektakulären Abroch an Dresdener Schatzkummer
Neiegkeeten Sport

best dating website chicago

Um fréie Méindegmuere waren d‘Brigangen an dat „Grüne Gewölbe Dresden“

speed dating in fort myers
Neiegkeeten Sport

SKOBE, de Kënschtler aus enger anerer Dimensioun

Mat 22 Joer ass den Jeremy Palluce, alias SKOBE, an

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
Neiegkeeten Sport

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen

Talentéiert Dammen aus dem Norde konnten der Erfarung vun de Süd-Fraen net Paroli bidden

Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen

Et war ee wuel interessante Match dee gëschter an der éischte Liga vun den Dammen zu Beetebuerg ausgedroe ginn, an d‘Resultat, och wann et zimlech eendeiteg kléngt, ass ugesiichts der exzellenter Leeschtung vun den Dikrecher Damen eppes héich ausgefall, mee eent nom aneren…

De SC Beetebuerg huet doheem gespillt an et sollt vun Ufank un zimlech gutt virugoen. An der drëtter Minutt hunn déi Beetebuerger Dammen eng éischt Chance ugebuede kritt, déi si och ze notze woussten. Esou huet d‘Kate Thill (11) en direkte Strofstouss aus 22 Meter Distanz am Dikrecher Goal ënnerbruecht, woubäi d‘Goalkeeperin Liz Survaci (1) dëse Schoss kloer ënnerschätzt huet.

Wien da mengt, wann et bei enger Renconter Goliath géint den David scho bei esou enger fréier Féierung „gelaf“ ass, dee sollt sech hei getäuscht hunn. D‘Young Boys, déi aus ganz vill jonke Spillerinnen zesummegestallt ass, hunn sech net aschüchtere gelooss a wollte Fussball spillen. Dat hu si mat ganz vill Begeeschterung a engem schéinen technesche Kuerzpassspill demonstréiert. Et ass seelen a laange Ball gespillt, an esou hu sech och hei Chancen opgedoen.

An der 11. Minutt huet déi 15 Joer jonk Spillerin, Joana Lourenco (13), d‘Verdeedegung vum SCB iwwerlaf, an eng Flank op d‘Carolina Speller (20) gemaach, dat mam Kapp (oder der Nues, esou genee konnt een dat elo net gesinn) zum 1:1 dragesat huet. Hei kann een dann och ervirhiewen, datt d‘Joana Lourenco der Beetebuerger Verdeedegung iwwert déi éischt Halbzeit d‘Liewen zimlech komplizéiert huet.

Dikrecher

© Luigi de Stephanis/moien.lu

An der 17. Minutt kënnt zum Highlight vum Spill. Déi Beetebuerger Dammen, déi sech op hir Erfarung stäipe kënnen, hunn sech vum Ausgläichtreffer net beandrocke gelooss a si schéi weider op den Dikrecher Goal lassgaangen. Esou huet d‘Kimberley Dos Santos (10) seng direkt Géignerin direkt stoe gelooss, mécht eng Billerbuch-Flank, déi d‘Lea Crusel (71) mat enger akrobatescher Direktunnam zum 2:1 erasetzt. Eng Aktioun déi een als „Beispill“ an der Fussballschoul den neie Generatioun weise sollt.

Iwwerzeegend

Déi Dikrecher Meedercher hu sech elo och net beandrockt gewise vun der erneiter Féierung, an hu weider dergéint gehalen. Si sinn hirer Linn – en technesch irreprochabele Fussball ze spillen – net ofgewach. Bis zur Paus war et dann eppes méi roueg, bis op eng grouss Chance vum Lea Crusel, dat eleng virum Dikrecher Goal (21. Minutt) gestane war, awer säin Duell géint d‘Goalkeeperin verluer huet.

Am Kontext vun der éischter Halbzeit muss een awer ganz entschidden op déi gutt Leeschtung vun dëser jo awer ganz jonker Ekipp vun Dikrech hiweisen. Si hunn d‘Raim kleng gehalen, a konnten hiert technescht Kuerzpassspill imposéieren. Besonnesch ervirzehiewen ass d‘Leeschtung vun de Spillerinnen Ashley Delgado (4) an Joana Lourenco (13) – allebéid 15 Joer jonk – déi eis nach an Zukunft nach dierfte ganz vill Freed um Terrain maachen.

D‘Fro déi sech dunn awer gestallt huet, war op déi jonk Mannschaft et physesch iwwert déi lescht 45 Minutte géif packen. Dat sollt sech séier beäntwerten… d‘Raim si méi grouss ginn, an sui waren och net méi esou „Laffreedeg“ wéi an der éischter Halbzeit. Dat ass den Damme vum SCB elo entgéint komm, an si hunn hir physesch Stäerkten an technesch Erfarung voll ausnotzen. An dat huet sech op d‘Resultat ausgewierkt.

Net labber gelooss

An der 50. Minutt setzt d‘Kate Thill aus 20 Meter zum 3:1 eran. An der 60. Minutt, da „Rebelotte“, hei huet d‘Kate mam lénke Fouss aus 16 Meter e flotten Dréi-Ball zum 4:1 bäigedroen. An der 65. Minutt war et nees um Lea Crusel sech ze weisen, an och de 5:1 geet an d‘Rei. An der 68. Minutt kritt d‘Kimberley Dos Santos de Ball ze paken, an hei huet et aus 18 meter ofgezunn, an déi Dikrecher Goalkeeperin huet dësen och nees ënnerschätzt a scho stoung et 6:1. An ofschléissend huet dunn d‘Hanna Thill (99) och säi „Pefferkär“ zum Spill bäigedroen an d‘Endresultat 7:1 enterinéiert.

Wann d‘Victoire vun de Beetebuerger absolut an d‘Rei geet, esou dierf een déi vun den Dikrecher Young Boys Meedercher awer net ënner Wäert verkafen. Si hunn gewisen datt si eng gutt Ekipp sinn, an där masseg Potential enthalen ass. Si si wuel nach eppes jonk, dofir awer scho ganz am Fussball ukomm. Technesch gutt ënnerwee an eng iwwerzeegend Motivatioun, léisst kee anere Schluss zou, wei d‘Feststellung, datt een si net ënnerschätzen dierf.

Dikrecher

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Fir den SC Beetebuerg ass d‘Victoire natierlech fir d‘Moral wichteg. Si hunn elo zwee Spilldeeg virun sech, wou et direkt zweemol géint d‘Damme vu Jonglënster geet, déi jo och Uspréch hunn. Championnat (30. November) a Coupe (7.Dezember), dat ganzt ëmmer auswäerts. Hei sollten sech déi Beetebuerger keng Bléist ginn, wann si den direkte Géigner Racing, net wëllen aus der Vue verléieren.

Stëmmen zum Spill:

Vun de Young Boys Dikrech huet sech eis d‘Flavia Gomes (11) matgedeelt: „Iwwerall wou mir higinn, kréie mir Komplimenter zu eiser Spillweis gemaach. Bei eis ass jo och Talent do, mee leider si mir immens jonk, wat bedeit dat mir nach wéineg Erfarung hunn an och physesch nach net op dësem Niveau mathale kënnen. Technesch si mir gutt mat derbäi, wéi een et aus der éischter Halbzeit ofleede kann. An der zweeter sinn eis d‘Kräften ausgaangen“. (Den Duerchschnëttsalter läit hei bei 18,5 Joer N.v.d.R.)

Op Beetebuerger Säit war et d‘Kate Thill datt sech zum Spill geäussert huet: „Vläicht hu mir déi Dikrecher an der éischter Halbzeit onbewosst ënnerschätzt. Si hunn eis besonnesch op de Säiten zolidd Problemer gemaach. An der Paus goufe mir vum Trainer nees ‚kadréiert‘ an du konnte mir eist Spill och erëm ëmsetzen. Mir hunn d‘Kéier kritt an alles ass nees säi Wee gelaf, esou wéi een dat och vun eis erwaarde sollt“.

Opstellung vun den Equippen:

Young Boys Dikrech: Liz Survaci (1), Ashley Delgado (4), Mariana Lourenco (6), Vanessa Gomes (7), Ines Roque (8), Jessica De Souza (9), Flavia Gomes (11), Joana Lourenco (13), Melissa Goncalves (16), Philippa Costa (18), Carolina Speller (20). Reserven: Ana Pereira (5), Alexia Magalhaes (10), Jennifer Kontz (15). Trainer. Elton John Delgado.

SC Beetebuerg: Lena Krier (1), Tamara „Tammy“ Aniset (29), Amenis Correia (88), Sadine Correia (9), Lea Crusel (71), Kimberley Dos Santos (10), Stessy Musselek (17), Lea Pizzimenti (8), Hanna Thill (99), Kate Thill (11), Sarah Witry (6). Reserven: Cathie Batista (20), Rita Garcia (21), Sheila Hoja (22), Kim Ney (5), Lucia Ruiz (14). Trainer: Jose Marin.

Foto: © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, SC Beetebuerg, Young Boys
Nächsten Artikel Virrechten Artikel