Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jessica Jones beschäftegt sech an der zweeter Staffel mat senger Vergangenheet
Kultur Neiegkeeten

Jessica Jones beschäftegt sech an der zweeter Staffel mat senger Vergangenheet

Ënnert de Marvel Netflix Serien hat Jessica Jones a ganz

Neien Arrêt ‘Simone de Beauvoir’ um Boulevard Pierre Frieden
Kultur Neiegkeeten

Neien Arrêt ‘Simone de Beauvoir’ um Boulevard Pierre Frieden

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Notzer vum ëffentlechen Transport, datt ab haut

money
Neit Geld fir de Sultan vun Ankara
Kultur Neiegkeeten

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche

Dikrich TV – Eng Stad start hir eegen Tëlee

Dikrich TV – Eng Stad start hir eegen Tëlee

Als Gemeng geet et hautdesdaags net méi duer regelméisseg en Informatiounsblat erauszeginn. De Bierger wëll ronderëm d‘Auer informéiert sinn iwwert dat wat an der Gemeng ugebuede gëtt, an dat op eng méiglechst ënnerhalend Aart a Weis.

Aus dësem Grond huet sech d‘Stad Dikrech derzou entschloss – nieft der Presenz an de sozialen Netzwierker (Facebook / Instagram / Twitter) – och en eegenen Televisiounsprogramm op d‘Been ze stellen, deen all drëtte Méindeg am Mount um Infokanal vun der Dikrecher d‘Kollektivantenn ausgestraalt gëtt.

Wourëms et geet

Dikrich TV soll als éischt d‘Awunner an der Gemeng iwwert all informéiere wat an hirer Stad alles esou geschitt. „Zu Dikrech jot dat ganzt Joer iwwer een Event deen aneren“, esou de Claude Hagen, Buergermeeschter vu der Sauerstad. „Et war eis en Uleies d‘Leit op lacker Aart a Weis op all dës Fester an Aktivitéiten opmierksam ze maachen an och wann si ofgeschloss sinn, doriwwer ze beriichten. De Bierger soll mat Dikrich TV eng Plaz fannen, déi säin Alldag erëmspigelt an mat deem hie sech verbonne fillt“, esou de Buergermeeschter weider.

Dikrich TV

© Dikrich TV / Gemeng Dikrech

Mat „Dikrich TV“ wëllen déi Verantwortlech an der Gemeng d‘Stad awer och besser no baussen duerstellen. An der Sauerstad fënnt een eng Liewensqualitéit déi ëmmer méi gesicht ass. Esou déi zimlech onberéiert Natur ronderëm de Floss an eng grouss Offer fir all Altersklassen. Dikrech ass eng pulséierend Stad mat ländlechem Charme. Fir datt och all déi aner Leit am Land vun dësem dach besonnesche Flair profitéiere kënnen, soll Dikrich TV dann och nach all éischte Freideg am Mount op „.dok den oppene Kanal“ ausgestraalt.

Verantwortlech fir d‘Sendung ass d‘Sandie Lahure, Kommunikatiounsresponsabel an de Gemeng Dikrech. Dës erfueren Damm verfollegt kloer Ziler: en informativen an ënnerhalende Programm unzebidden. Et soll een duerchaus och emol dierfen iwwerrascht ginn, an déi fréier Journalistin wäert dann och d‘Moderatioun vun Dikrich TV iwwerhuelen.

Dikrich TV

© Dikrich TV / Gemeng Dikrech

Déi nei Sendung gëtt zudeem an Zesummenaarbecht mam klassesche Lycée zu Dikrech opgebaut. Am Lycée gëtt et schonn zanter Joren audiovisuell Optiounsfächer, esou wéi och ee BTS am kreative Schreiwen ubitt. Net ze vergiessen datt am Dikrecher Kolléisch och de Studio vum lokale Radio Lora ënnerbruecht ass, mat deem d‘Gemeng an Zukunft och méi enk zesummeschaffe wëll. „Mir hunn en héicht Mooss u Mediekompetenz an der Stad, also sollt een dat och notzen“, esou de Claude Hagen.

Dikrech TV geet den 23. September um 19 Auer um Infokanal vun der lokaler Kollektivantenn un de Start. Eng éischt Widderhuelung gëtt et dann de 4. Oktober um 20 Auer op .dok den oppene Kanal.

Matgedeelt vun der Gemeng Dikrech, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Fotoen: © Dikrich TV / Gemeng Dikrech

Ähnlech Sujeten Claude Hagen, Dikrech, Dikrich TV, Kolléisch, Radio Lora, Sandie Lahure
Nächsten Artikel Virrechten Artikel