Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?
International Neiegkeeten Stories

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?

Den Energie- a Klimaplang fir den Zäitraum 2020-2030 versprécht vill,

Begeeschtert Senioren: Rammstein am Altersheim!
International Neiegkeeten Stories

Begeeschtert Senioren: Rammstein am Altersheim!

Wien denkt, datt am Altersheim pur Langeweil herrscht, tëschenduerch vläicht

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki
International Neiegkeeten Stories

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki

Viru 74 Joer um 6. an 9. August 1945 sinn

D‘Diktatur vun der Demokratie

Zu zéngdausenden hunn se gëschter zu Berlin géint d‘Mesuren zur Andämmung vun der Pandemie demonstréiert

D‘Diktatur vun der Demokratie

Nodeems dat iewescht Verwaltungsgeriicht zu Berlin de Covidioten, déi d‘Bundesrepublik fir eng Diktatur halen, a massiv an de sozialen Netzwierker zur Gewalt, bis hin zum Asaz vu Waffen opruffen, dann a leschter Instanz awer erlaabt kritt, ënner Berécksiichtegung vun Oplagen, hiren Demonstratiounsëmzuch an d‘Kundgebung ofzehalen, war gëschter nees eng méi lass…

BerlinBerlin ass net Minsk, an d‘Angela Merkel ass net den Alexander Lukaschenko… wier deem esou géif et anescht ausgesinn. Datt d‘Demonstratiounsrecht en héicht gutt vun der Demokratie ass, an zuweilen och Mëssbraucht gëtt, dat muss eng Gesellschaft aushalen, och wann een domadder de Faschisten an Verschwierungstheoretiker eng Bühn zur Selbstdarstellung bitt. Dat ass haut esou.

Méiglech war dee ganzen Trallala allerdéngs och, wëll d‘Veranstalter dem Geriicht konnten esou eppes wéi en Hygièneskonzept virleeën. Zousätzlech gouf den Autoritéite verséchert, datt 900 Leit fir Uerdnung suerge géifen an iwwer 100 Ekippen um Terrain wieren, fir do wou et ubruecht oder noutwenneg sollt sinn, zwecks „Deseskalatioun“ anzegräifen. De Michel Ballweg war begeeschtert.

BerlinDen Initiator vun der Demo an ee vun de Käpp hannert de „Querdenken 711“, deen dovunner gedreemt huet wäit iwwert eng Millioun an déi däitsch Haaptstad ze lackelen, jo esouguer dem US-President ugebueden hat, eng Ried op der Kundgebung ze halen, huet sech wuel duerchgesat kritt, mee kann esou ee Personnage och déi Geeschter déi hie geruff huet, an der Gitt halen?

Vu „Reichsadler“ an aner Insanitéiten

Well – dat war jo wuel esou ze erwaarden – déi „ageluede Gäscht“ net nëmme géint all d‘Oplage protestéieren, ass sech da gëschter och net un déi vum Organisateur dem Verwaltungsgeriicht virgeluechten Hygièneskonzepter gehale ginn. Bei der Sigessail huet de Michel Ballweg vun der Regierung verlaangt all d‘Gesetzer zum Schutz géint de Covid19 opzehiewen a geschlossen zeréckzetrieden. Hien huet de Police Merci gesot, datt si dëse friddleche Protest méiglech mécht.

Net nëmmen de Selbstduersteller aus Stuttgart hat déi däitsch Bierger zum Protest agelueden. Och d‘AfD an d‘NPD hunn hir Truppen zum „Stuerm op Berlin“ opgeruff, an déi hunn deels ganz wäit Weeër hannert sech geluecht, fir mat hire „Reichsflaggen“, T-Shirte mat Texter a Frakturschrëft a wat et soss alles u rietsextremen Zeechen a Symboler gëtt opzetrieden. De Faschismus ass reell…

BerlinInteressant dann awer d‘Feststellung datt all Altersklassen an deels och „ganz normal Bierger ouni rietsextrem Astellung“ sech dësem Protest géint déi „rout“ Diktatur ugeschloss hunn. Si all haten sech an der Friedrichsstrooss (wou d‘Demo starte sollt) a spéider ënnert de Sigessail versammelt. Vill Famillje mat Kanner waren och mat vun der Partie. Den Demo-Ëmzuch zur Mëttegstonn konnt d‘Police dann awer net zouloossen, well kee sech un Ofstand a Maskeflicht hale wollt.

Wie mat engem Faschist marschéiert… ass ee Faschist

Via Twitter (?) huet d‘Police matgedeelt, datt Si opgrond vun de Verstéiss keng aner Méiglechkeet hat, wéi un den Organisateur erunzetrieden, an dësem matzedeelen, datt d‘Versammlung opgeléist muss ginn. Déi meescht, esou d‘Police hätten éischter friddlech op dës Annonce reagéiert, mee et wier och zu Tëschefäll komm. Tätlechkeeten a Saachbeschiedegung hätten zu Festnahme gefouert.

BerlinEsou gouf dës „friddlech Demo géint d‘Diktatur“ dann awer zur Konfrontatioun, déi d‘Police am Virfeld antizipéiert hat. Déi war mat ronn 3.000 Beamten op der Plaz an hat gewarnt, datt dës Demo vu radikale Beweegungen a rietsextreme Gruppéierunge géif maximal genotzt ginn. Esouguer den Inneminister Horst Seehofer (CSU) huet sech genéidegt gefillt festzestellen, datt déi vun der Verfassung garantéiert Versammlungsfräiheet, an dësem besonnesche Fall u seng Grenze stéisst.

De Virsëtzende vum „Bund Deutscher Kriminalbeamter“, Sebastian Fiedler zur Demo: „Esou Demonstratiounen si fir radikal Beweegungen en ideaalt Ëmfeld, fir ëmmer méi Mënsche fir hir Ideologien ze gewannen. Hei vermëschen sech d‘Feinde vun der Demokratie mat der gesellschaftlecher Mëtt. Verschwierungstheorie kënnen esou ëmmer méi séier verbreet ginn“.

BerlinAn domadder net genuch… Hei entsteet e Gemeinschaftsgefill vu Gruppen, déi eigentlech näischt matenaner ze dinn hunn. Sécher, aus rechtsstaatlecher Siicht muss esou eppes toleréiert ginn, well d‘Demonstratiounsrecht muss geséchert bleiwen. Fir d‘Stabilitéit vun der Gesellschaft an der fräiheetlecher Demokratie awer, kann esou eppes zur Gefor ginn. Politiker wiere gutt beroden hir Moossnamen ëffentlech a verständlech ze erklären an den Debat an der Ëffentlechkeet auszedroen.

Wou d‘Politik verseet gewannen d‘Extremisten

Um Samschdeg goufen dann och déi politesch Leader gezwonge Positioun ze ergräifen. Den Horst Seehofer huet der BamS (Bild am Sonntag – Springer) – dat neit aalt Sproochrouer vum däitsche post-Faschismus géintiwwer gesot, datt Chaoten an Extremisten de Reichstag an esou d‘Heemecht vum Parlament, dat als Zentrum vun der fräiheetlecher Demokratie ze betruechte wier, fir hir „Zwecker“ mëssbrauche géif. Meenungsvillfalt awer wier ee Markenzeeche vun der Gesellschaft.

BerlinDen Olaf Scholz, Vizekanzler a Finanzminister, deen sech schon emol als sozialistesche Kandidat fir d‘Amt als Bundeskanzler opstelle gelooss huet op Twitter: „Nazi-Symboler, Räichsbierger- a Keeserräichfändelen hu virum däitsche Bundestag näischt verluer.“ Och den Ausseminister Heiko Maas (SPD) ergänzt: „Räichsfändele virum Parlament si schänterlech“. Mee ass et domat gedoen?

Fir de Berliner Senateur Andreas Geisel, war dat wat sech gëschter ofgespillt huet ze erwaarden, ert war jo dann eenzegt Zil dat vum Veranstalter verfollegt ginn ass. Et wier streng geholl net drëms gaange Kritik géintiwwer de Covid19-Moossnamen auszeüben, déi verständlech an zoulässeg wier. Hei wier eng Demonstratioun vun an fir Mënschen organiséiert ginn, déi un der fräiheetlecher demokratescher Gronduerdnung zweiwelen an dës mat alle Mëttel ugräife wëllen.

mat indymedia/ber

Archivfoto: D‘Redaktioun huet sech ganz bewosst derzou entscheet, keng Biller vun der Demo ze weisen, well och „eng schlecht Reklamm eng Reklamm bleift“. De Stuerm op Berlin hat et schonn emol ginn… wat dorausser entstanen ass steet an de Geschichtsbicher.

Ähnlech Sujeten Berlin, Covidioten, Demokratie, Demonstratiounsrecht, Diktatur, Michael Ballweg, Queerdenken, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel