Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACL: Mat modernem Design an neie Funktiounen!
International Neiegkeeten

ACL: Mat modernem Design an neie Funktiounen!

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL iwwerzeegt elo mat enger Internetsäit am

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

Tacheles:  De Freifunk fir Lëtzebuerg – eng gutt Alternativ!
International Neiegkeeten

Tacheles: De Freifunk fir Lëtzebuerg – eng gutt Alternativ!

Digital a Lëtzebuerg. Déi Kombinatioun fënnt een dëser Deeg zimlech

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn

Zu Bréissel huet sech gëschter d‘EU-Parlament alt emol nees mat der däitlech faschistescher an autokratescher Ausriichtung vum Viktor Orban senger Landespolitik ausenanergesat

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn

Biergerrechter, Pressefräiheet, sexuell Ausriichtung… an natierlech d‘Noutstandsgesetz, datt dem Viktor Orban erméiglecht per Dekret ouni Widdersproch ze regéieren. Dat a villes méi, war zu Bréissel den EU-Deputéierten en Debat wäert, mee eigentlech huet sech just d‘Oppositioun mat enger däitlecher Stellungnam ervirgedoen. Déi konservativ EPP, steet zum politesche Partner…

Mee et hunn sech net nëmmen déi gréng a lénk Fraktiounen zolidd an d‘Broscht gehäit, och déi Liberal (ALDE) hu gëschter an der Plenière festgestallt, datt mam Noutstandsgesetz, de Viktor Orban a seng schänterlech Gesellen d‘Demokratie an Ungarn un de Gaalge gefouert an do och opgeknäppt hunn. Ungarn hätt sech fir en autoritäre Regimm entscheet, esou d‘Sophie in‘t Velt.

UngarnEt gouf d‘Fuerderung opgestallt, de „Mord un der Demokratie“ net och nach mat europäesche Steiergelder ze ënnerstëtzen. Zudeem misst et endlech zu engem Verfare géint Ungarn kommen, wou scho virum Noutstandsgesetz, Pressefräiheet an Grondrechter ausser Kraaft gesat goufen. D‘Regierung géif eendeiteg géint all déi Wäerter verstoussen, fir déi d‘EU eigentlech asteet.

D‘Fidesz net eng Sekonn laang verleeën

Wann d‘Argumenter vun den opbruechten Deputéierten och fundéiert sinn, esou dierft dären Impakt kaum ze spiere sinn, an och an de Systemmedien, ass den Debat kaum opgegraff ginn. D‘Fidesz, déi esouguer an der EPP als faschistesch consideréiert gëtt, där hir Mandater de konservative Veräin – zu deem d‘CSV jo och gehéiert – awer zwéngend brauch, fir weider d‘Majoritéit ze behalen, war net emol am Usaz vun den Ausféierunge beréiert.

UngarnDat ass och d‘EU-Kommissioun net, déi Ungarn nach Rezent eppes iwwer 3,5 Milliarden Euro Direkthëllef iwwerwisen huet. An esou huet de Faschist Andor Deli vun der Fidesz sech ee Spaass dorausser gemaach, Parlament a Kommissioun op d‘Schëpp ze huelen. „D‘Kommissioun konnt eis keng Gesetzverstéiss noweisen“, esou de wierdege Vertrieder vun der konservativer EPP, deen den Debat als Farce deklaréiert huet.

Dat wat dir hei veranstalt, erënnert un déi Schauprozesser aus kommunisteschen Zäiten. (…) Hei interesséiert sech kee fir Argumenter a Fakten“, esou den Andor Deli. D‘ungaresch Justizministesch Judit Varga, wollt sech och an den Debat abréngen, schéngt awer an den néng Joer wou si als „politesch Conseillère“ zu Bréissel ënnerwee war, ganz vergiess ze hunn, datt nëmme Staats- oder Regierungscheffen am Plenum d‘Wuert ergräife kënnen.

Hir gouf dann och net erlaabt sech anzebréngen, wat d‘Faschisten entspriechend denoncéiert an als verstouss géint demokratesch Prinzipie bezeechent hunn. Woubäi et sech hei duerchaus och ëm eng berechent Aktioun dierft gehandelt hunn. Zudeem brauche weder d‘Fidesz nach de Viktor Orban sech Gedanken ze maachen. D‘EU-Kommissiounsvizepresidentin fir „Wäerter an Transparenz“ Vera Jourova (ALDE) gesäit keen Handlungsbedarf.

An apropos Gesetzverstéiss…

Gëschter ass um EuGH, dee jo bei eis um Kierchbierg säi Sëtz huet, de faschistesche Regimm vum Orban a senger Fidesz nees drun erënnert, dat ee sech als EU-Member net nëmmen un déi gülteg Verträg, mee och un EU-Recht hale muss. Behandelt gi war de Virworf vun Inhaftéierung vun Asyldemandeuren. Datt Ungarn weder Migranten a schonn emol guer keng Flüchtlinge bei sech wëll gesinn, ass jo elo awer kee Geheimnis.

Wéi 2015 eng gréisser „Flüchtlingswell“ iwwer Europa „hiergefall“ ass, hat Ungarn déi sougenannt Balkan-Route zougesat an och net nëmmen d‘Grenz zu Serbien mat Stacheldrot a Späranlagen dicht gemaach, nee wien et awer gepackt hat, ass internéiert ginn. Dat huet sengerzäit keen interesséiert an ass haut net wierklech anescht, mee den EuGH huet sech misse mat de Virgäng beschäftegen an elo erkläert datt déi „Transitzonen“ net rechtens sinn.

Ungarn huet nämlech entscheet, datt wien eng Demande fir Asyl areecht, an engem vun de Lager un der serbescher Grenz – zu Röszke oder Tompa – den Ausgang vum Verfaren ofzewaarden huet. An dëse schwéier bewaachte Lager, wou d‘Gardienen och gären emol gewalttäteg ginn, mussen d‘Leit da méintelaang op eng Decisioun waarden. Elo verbitt d‘EU-Recht zwar net d‘Inhaftéierung u sech, mee si misst begrënnt a verhältnesméisseg sinn.

Faschismus a Verhältnesméissegkeet schléissen sech awer aus, an dat huet och den EuGH gëschter nach emol esou bestätegt, well eng Inhaftéierung, och wa se rechtens wier, dierft net méi wéi véier Wochen daueren. Hätt et an dësem Zäitraum keng Entscheedung zur Asyldemande ginn, misst een d‘Demandeure vun internationalem Schutz d‘Arees zougestoen. Schonn am November 2019 hat de Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg ähnlech geurteelt.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Eugene Zhyvchik / unsplash

Ähnlech Sujeten Debat, Demokratie, EPP, EU-Kommissioun, EUGH, Europaparlament, Ungarn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel