Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jemen: 150 Doudeger bannent 24 Stonnen
International Neiegkeeten Stories

Jemen: 150 Doudeger bannent 24 Stonnen

Déidlech Kämpf hunn e Méindeg den Toun an der Hafestad

Verbitt d‘New York Times kritesch Stëmmen?
International Neiegkeeten Stories

Verbitt d‘New York Times kritesch Stëmmen?

Nodeems d‘Journalistin Bari Weiss d‘Handduch geworf, an dem Patron vun

dislike
Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?
International Neiegkeeten Stories

Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?

Do denkt ee sech näischt Schlechtes, an awer erféiert een

Kéinte Frae Wäissrussland an eng besser Zukunft féieren?

Dräi Damme stellen sech vereent dem Diktator Lukaschenko bei Wahlen entgéint

Kéinte Frae Wäissrussland an eng besser Zukunft féieren?

Fir gewéinlech ass Mogiljow eng éischter roueg Stad an der wäissrussescher Provënz, mee et ass Wahlkampf a Wäissrussland an op der Bühn trëtt d‘Svetlana Tichanowskaja an d‘Liicht vun de Scheinwerfer. D‘Plaz ass schwaarz vu Leit, a beim erschénge vun der 37 järeger Kandidatin ass nach just de Ruff „Sveta, Sveta“ ze héieren…

An dës Kéier kéint et geléngen dem „leschten europäeschen Diktator“ Alexander Grigorjewitsch Lukaschenko d‘Muecht ze enträissen. D‘Svetlana Tichanowskaja, ergräift de Mikro: „Merci, datt dir haut komm sidd. Mir wëlle Verännerungen, an ech si frou, datt dir dat och wëllt“. Mat „mir“ sinn zwou weider Frae gemengt déi nieft dem Sveta op der Bühn stinn: D‘Veronika Zepkalo an d‘Maria Kolesnikowa.

Dës dräi Damme sinn d‘Hoffnung vun der Oppositioun an eng seriéis Chance tatsächlech esou eppes wéi Demokratie a Wäissrussland ze etabléieren. D‘Zil ass et, den 9. August den Diktator endgülteg ze entmuechten. A si maache wat si maachen, well hir Männer et net kënnen. Den Alexander Lukaschenko huet alles gemaach fir ze verhënneren, datt déi kandidéiere kënnen.

Esou sëtzt dem Svetlana Tichanowskaja hire Mann Sergej am Prisong. Hie wollt fir d‘Amt vum President Kandidéieren. Dat wollt och deem Veronika Zepkalo hire Mann Valery, deen der Haft entgaangen an a Russland flüchte konnt. D‘Maria Kolesnikowa ass d‘Wahlkampfmanagerin vum Viktor Babaryko, ee Geschäftsmann dee ënnert dubiéisen Ëmstänn och am Prisong gelant ass,

Wäissrussland

(v.l.n.r.) Veronika Zepkalo, Svetlana Tichanowskaja, Maria Kolesnikowa. Dräi Fraen, déi de politesche Kampf vun hire Männer weiderféiere mussen, wëll se vum Regimm entweder an de Prisong gehäit goufen oder an den Exil hu misse goen. (Source: Social Media)

D‘Svetlana Tichanowskaja huet sech als Kandidatin registréiere gelooss, nodeems hir Mann vun der Police verhaft gouf an déi zwou aner Frae stäipen si zanterhier. An dem „Sveta“ geet et guer net ëm d‘Muecht, si kandidéiert fir d‘Demokratie a seet: „Wa mir gewannen, befreie mir déi politesch Gefaangen an eis Männer wäerten nees un eiser Säit stoen. Virun allem wäert ech als Presidentin fair an demokratesch Neiwahlen duerchféieren“.

Kee Programm

Esou eppes wéi eng politesch Agenda oder ee Programm – am eigentleche Sënn – huet d‘Svetlana Tichanowskaja elo net, dofir eng kloer Siicht op d‘Zukunft. Si wëll nëmme sechs Méint am Amt bleiwen, fir dann engem wierklech demokratesch gewielten Nofolger oder Nofolgerin Plaz ze maachen. Politesch Ambitiounen hat si net, mee de Wonsch no Fräiheet an Demokratie ass méi grouss wéi d‘Angscht déi ee versicht him anzedreiwen.

Si gëtt zolidd bedreet. Et gouf Undeitungen, datt hire Kanner kéint en „Accident“ zoustoussen, firwat si déi an d‘Ausland brénge gelooss huet. Si hat emol vu sech gesot, datt si léiwer doheem hannert dem Kachdëppe stoe a fir hir Famill kache wéilt, si wier keng Politikerin. Elo ass d‘Sveta zur ganz reeller Gefor fir den Diktator ginn, an datt dësem dat net gefält, verständlech…

WäissrusslandDe Staatschef hat zur Kandidatur vum Svetlana Tichanowskaja gemengt: „Entspriechend eiser Verfassung huet de President ganz vill Muecht. Aus dësem Grond muss ee richtege Mann dëse Posten ausfëllen. D‘Land brauch méi wéi eng Fra déi léif drakuckt“. Mee dem Alexander Lukaschenko seng Zäit geet op en Enn. D‘Wirtschaft läit um Buedem, säi „Stil“ deen éischter eppes vum sowjetesche Fabricksdirekter huet, passt net méi an déi haiteg Zäiten.

Keng Prognos méiglech

Wann et sécher richteg ass, datt dem Alexander Lukaschenko keng brauchbar Argumenter géint d‘Svetlana Tichanowskaja afalen, esou wier et falsch unzehuelen, datt hien d‘Wahl scho verluer huet. Zouverlässeg Sondage gëtt et keng an de gréissten – oder eigentleche – Problem besteet och nach doranner, datt hien d‘Wahlkommissioun kontrolléiert.

WäissrusslandEt dierft och ouni ee groussen Expert vun der wäissrussescher Politik ze sinn, jidderengem aliichten datt et zu „Onregelméissegkeete“ beim Ausziele kommen dierft, de Fall gesat d‘Resultat wier net esou wéi vum Regime geplangt. Aus dësem Grond hunn dës dräi Fraen sech en Dräi-Punkte-Plang operluecht: 1) eng maximal Wahlbedeelegung, 2) méiglechst vill Wahlbeobachter, 3) falls néideg masseg Stroosseprotester.

Bei de Wahlveranstaltungen, déi vu ganz ville Leit besicht sinn, gëtt dann och ëmmer nees e Lidd ugestëmmt, dat säin Ursprong a Polen huet. An dësem heescht et: „Sprengt d‘Fesselen, zerbriecht d‘Peitsch an d‘Mauere wäerte falen“. Jorelaang haten d‘Aktiviste vu der Solidarnosc-Bewegung dëst Lidd gesongen, bis déi kommunistesch Diktatur gefall ass. Polen awer sollt, gemooss un der haiteger Regierung, net als politescht Virbild erugezu ginn…

mat indymedia/mow

Illustratioun: Joep Bertrams

Ähnlech Sujeten Alexander Lukaschenko, Maria Kolesnikowa, Svetlana Tichanowskaja, Veronika Zepkalo, Wahlen, Wäissrussland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel