Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss
https://moien.lu/prince-harry-dating-hermione/ just friends dating service

afraid of dating sites

Den Donald Trump mat senge briteschen a franséischen Alliéierten, sinn

is whitney dating roy 2017
https://moien.lu/prince-harry-dating-hermione/ just friends dating service

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg
https://moien.lu/prince-harry-dating-hermione/ just friends dating service

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de

D‘INF-Ofkommes ass Geschicht (eng Analys)

D‘INF-Ofkommes ass Geschicht (eng Analys)

D‘Ofkommes dat mam vollen Numm „Intermediate-Range Nuclear Forces Treaty“ (INF) heescht, war den 1. Juni 1988 vun den deemolege Presidente Ronald Reagan an Mikhail Gorbatchev ënnert den Ae vun der Weltbevëlkerung am Wäissen haus ënnerzeechent ginn. Elo ass d‘Ofkommes um Enn, well d‘Russe vir d‘éischt dergéint verstouss an den Donald Trump en duerno gekënnegt huet.

Esou richteg Loscht d‘Ofkommes ze retten oder nei Verhandlungen opzehuelen, dat hat kee vun den implizéieren Acteuren. Dem Donald Trump koum et geleeën, säi Militärkomplex géif gären nei, méi sophistiquéiert Waffen entwéckelen a Moskau wollt sech vum US-President keen Accord op d‘A drécke loossen. Dobäi iwwersi béid Presidenten den eigentlechen Zweck vun dësem Ofkommes…

D‘INF-Ofkommes hat sengerzäit déi zwou Weltmuechten, déi matten am „kale Krich“ gestach hunn nees zesummebruecht. Et ass „méi roueg“ op der Welt ginn, a well am Accord festgehale gi war, datt ee sech géigesäiteg „observéieren“ dierf huet et och nach esou eppes wéi Transparenz ginn. An Europa (EWG) konnt déi deels ëmstridde bis gefaarten Oprëschtungsdebatt bäigeluecht ginn.

De Verstouss

Alles geet eng Kéier op en Enn, esou och dëst Ofkommes. Zanter Joren huet Moskau mam Bau an der Stationéierung vu senge SSC8 Marschfluchkierper d‘Ofkommes iwwer Mooss strapazéiert. An Och wann d‘Russe beméit sinn dat ze dementéieren, d‘Fakte schwätzen eng aner Sprooch. Dogéint sinn déi europäesch NATO-Partner virgaangen, bis am Februar d‘USA den Accord gekënnegt hunn.

Dës „Kënnegungsfrist“ ass elo ofgelaf an et dierf ee sech sécher sinn, datt keng vun de Säite bis dohinner gewaart huet, fir de respektive Militärkomplex mat neien „Fuerschungsaarbechten“ ze beoptragen. Et gëtt also net nëmme massiv an déi konventionell Oprëschtung (op der Äerd wéi och am Weltraum) investéiert, och beim Atomwaffenarsenal wäerten sech nei Systemer verbreeden.

Fir Europa ass d‘Enn vum INF-Accord eng denkbar schlecht Nouvelle. Zum engen ass d‘Unioun net amstand sech op Grondsätzleches ze eenegen (europäesch Arméi – gemeinsam Entwécklung vu Waffesystemer) an der ganz „geféierlecher“ déi hire Bierger zoumudde mam Hënneschten op den US-Atomrakéiten ze sëtzen, gëtt et genuch. A si wäerten op d‘Stationéierung an der EU bestoen…

De Ligener

Interessant an erschreckend zugläich: De NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet gëschter ganz am Eescht zum Ausdrock bruecht, datt seng Institutioun en Oprëschtungswettlaf vermeide wëll. Hie betount dann och, datt sech dat nëmme bewierkstellege léisst, wann d‘Russen sech um Rimm rappen an hiert Verhalen änneren. Dat ass erwisenermoosse verbale Brach, et ass d‘NATO.

D‘NATO stécht bis zu de Schëlleren am Aarsch vum US-President a ka guer net verhënneren datt et zu engem Wettrëschte kënnt, well d‘Allianz domadder géint déi eege Prerogative géif verstoussen. Géif et nähmlech zu engem Konflikt tëscht Russland an den USA kommen, da géif dëse genee hei an Europa ausgedroen. Emol ganz ofgesinn datt d‘NATO och net gutt op Moskau ze spriechen ass.

Zudeem behaapt sech den NATO-Generalsekretär drop, datt d‘Propose vun engem Moratorium zu Stationéierung vu Rakéitesystemer, eng „russesch Offer ouni Glafwierdegkeet“ ass. Et géif an der EU keng nei US-Rakéiten. Eng glat Ligen, well d‘Amerikaner hu Muenches vun hirem „alen Atomwaffeschrott“ duerch Neies ersat. Büchel ass net wäit fir déi wou selwer nokucke wëllen.

Den Ufank vum Enn

Wann de Jens Stoltenberg eis erzielt, datt d‘NATO virleefeg nach op konventionell Waffesystemer setzt, ass hie sech och bewosst, datt hien domadder un de Wäerter vun enger a sech schonn zolidd zerstriddener Unioun kraazt. An den INF-Accord ass de Bam deen de Bësch verstoppt. Et sollt jo eigentlech elo och iwwert d‘Verlängerung vum START-Ofkommes verhandelt ginn. Geet dat nach?

Eigentlech net, an dat wat sech d‘USA virstellen ass eigentlech, ouni datt ee China (an eigentlech all déi Länner déi en Atomwaffenarsenal hunn) an de Verhandlungsprozess abënnt, de spréchwiertleche Vull fir d‘Kaz. Den Donald Trump a Kompromëssbereetschaft sollt een net an engem Saz nennen, a Russland huet och net wierklech Loscht Zäit ze verléieren. Dat gesäit Peking den Ament och esou.

Schliisslech kann ee schwéier iwwer Waffe, Rëschtung a Fridde schwätzen, wann een op där aner Säit en Handelskrich féiert an och soss net „diplomatesch“ op der Héicht ass. Et sollt een dat alles net ënnerschätzen. D‘Gefor vun engem atomare Konflikt ass kengem bewosst, an awer ganz Real. Ugesiichts der US- an NATO-Aussepolitik, kéint de Klimawandel eise klengste Problem ginn.

Foto: De Mikhail Gorbatchev (l) an de Ronald Reagan ënnerzeechnen den INF-Accord am Ost-Sall vum Wäissen Haus. © National Archives and Records Administration

Ähnlech Sujeten Atomwaffern, INF-Accord, NATO, Rusdsland, USA, Wettrëschten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel