Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten
Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack
Deen zanter bal 9 Joer um Mars beschäftegte Rover „Curiosity“
E Méindeg hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) zu New
Den 11. Februar 2019 kann een ganz an d’Thematik vun der aler Traditioun vum Rousenziichten andauchen. Eng Kombinatioun aus enger informativer Konferenz zum Uplanzen an der Geschicht vun der Rous mat engem gudden Iessen luet zu engem flotten Owend an.
De Patrimoine Roses Lëtzebuerg invitéiert op eng Entdeckungsrees zum nobele Beruff vum Rousenziichter a Frankräich. Zur Zäit vum Éischte Weltkrich ass dës al Traditioun aus dem Grand-Duché verschwonnen, an awer gëtt se plazeweis nach bei eise franséischen Noperen weider gefouert.
Et ass eng Aarbecht, bei der et net eleng ëm d’Planz geet. Och d’Wëssenschaft, de Buedem, déi generell Botanik, de Klima a villes méi musse mat abezunn ginn, fir ee beschtméiglecht Resultat ze bidden. Zum ganzen Elan vun dëser Aufgab gesellt sech d’Freed an de Stolz, soubal d’Rouse wuessen, bléien an een d’Resultat virun Aen huet.
Zum Jérôme Chéné
No enger Formatioun am Gaardebau an enger Rei Joren Aarbecht a Planzegäert vum Departement ass de Jérôme un engem kale Februarsdag am Joer 2006 dem Charme vun de „Roses Loubert“ verfall. Uschléissend huet hie sech dozou entscheet, d’Aktivitéit vum Rousenziichter viru liewen ze loossen a souguer déi exzeptionell Kollektioun un alen a botanesche Rousestäck ze erweideren.
Méi genau Informatiounen
D’Konferenz ass den 11. Februar 2019 um 18:30 Auer an der Banque de Luxembourg (Eck vum Boulevar Royal an der Avenue Emile Reuter). D’Iessen gëtt am Restaurant Comptoir Loriers (selwecht Adress) organiséiert. D’Plaze si limitéiert, reservéiere sollt een also op alle Fall ënnert der Telefonsnummer 661 552 013.
Fir d’Memberen kascht d’Konferenz mam Dinner 35 € (Entrée, Haaptplat, Dessert, Waasser a Rosé). Fir Net-Memberen beleeft sech de Präis op 50 €. D’Reservatioun ass eréischt komplett wann d’Suen op de Konto vum PAF iwwerwise gi sinn.