Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt gelaunte Minettsdäpp
International Neiegkeeten

dating issues advice

Et war alt nees ee ganz flotte Virowend zum Nationalfeierdag,

dating club sydney
International Neiegkeeten

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!

Dësen August verzaubert de Rock’n’Classics nees mat engem kulturellen a

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft
International Neiegkeeten

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft

Et war den éischte Besuch vun engem russesche Premier zu

Migratioun: Den US-President wëll d‘Invasioun militäresch verhënneren

Wéi vill Zaldote ginn agesat a wat ass hiren Optrag?

Migratioun: Den US-President wëll d‘Invasioun militäresch verhënneren

Den Donald Trump huet ugekënnegt, datt dausenden Zaldoten op d‘Grenz mat Mexiko beuerdert gi sinn, fir ze verhënneren, datt et eng Invasioun vu Migranten op amerikaneschem Buedem gëtt. Leit déi virun der Gewalt an dem Misär an hirem Land flüchten.

Wéi vill sinn et der? Wat soll de militäreschen Asaz bewierken? Wat kascht et? Wat bréngt et? Eng helle Wull u Froen. Hei dat wat bis ewell „sécher“ gewosst ass.

De militäreschen Asaz

D‘Zuelen zum Asaz vun der Arméi muss een all Dag op e neits bewäerten. Sécher gewosst ass, datt de Pentagon dem Asaz vu 5.239 Zaldoten zum „Grenzschutz“ zougestëmmt huet. Dat ganzt fir eng Dauer vu 45 Deeg. Weider 2.000 Zaldoten hunn den Uerder erhalen, sech „bereet ze halen“ an den Asaz ze goen. 2.100 Reserviste vun der Nationalgarde si schonn op der Grenz opgestallt ginn.

Alles an allem sinn et also iwwer 9.000 Zaldoten déi fir de „Grenzschutz“ opgebuede ginn, an den Donald Trump huet däitlech gemaach, datt hien d‘Zuel vun den Zaldoten op 15.000 erhéije kéint. Dat wieren der esouvill wéi dat gesamt US-Kontingent dat aktuell am Afghanistan agesat gëtt.

Wann déi 5.239 Zaldoten tatsächlech sollte laanscht der mexikanescher Grenz opgestallt ginn, dann ass de Kontingent vun der US-Arméi, dee verhënnere soll (oder muss) datt d‘Migranten e Fouss op amerikanesche Buedem setzen, dräi mol esou grouss, wéi dee wou an Syrien den islamesche Staat (IS) a seng Dschihadiste bekämpfe soll. De politesche Message vum US-President ass ukomm.

Wat vun den Zaldoten erwaart gëtt

Natierlech sinn d‘Zaldote bewaffent, mee si sinn net supposéiert mat de Migranten a Kontakt ze geroden. Hier Aufgab géif an éischter Linn doranner bestoen, de Grenzschützer eng logistesch Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen. Esou zumindest déi offiziell Versioun aus Washington.

De Generol Terrence O‘Shaughnessy, Chef vum Nord-Commandement (Northcom) vun der US-Arméi, huet erkläert, datt dës Zaldoten do sinn, fir d‘Grenzposten an déi ëmleiend Zonen ze verstäerken. D‘Zaldote géifen notamment gebraucht, fir provisoresch Barrièren opzeriichten. Gemengt ass domatter d‘Opstelle vu Stacheldrot, an den Asaz vun intensive Patrullen.

An u Stacheldrot feelt et op der mexikanescher Grenz net. 35 Kilometer sinn schonn esou „geséchert“ ginn, an de Pentagon kéint nach 240 Kilometer Stacheldrot „ausrullen“. Net ze vergiessen, datt de Pentagon och d‘Militärpolice an dräi Helikopter-Staffelen un Grenz geschéckt huet. D‘Helikopter si mat „high-tech“ Sensoren an Nuetssiichtgeräter ausstafféiert.

Eng logistesch Erausfuerderung

Laut dem Generol Terrence O‘Shaughnessy, si schonn 860 Zaldoten op der Lackland-Airbase, bei San Antonio (Texas) ukomm. Déi sollen elo laanscht d‘Grenz verdeelt ginn. Aner Militärbasen si fir de Rescht vun den 5.239 Zaldoten ausgewielt ginn. Esou d‘Airbase vu Davis-Monthan (Arizona), de Stëtzpunkt vun der Marine zu San Diego (Kalifornien) a Corpus Christi (Texas).

Och d‘Militärbase vun den US-Marines, Camp Pendleton a Kalifornien ass an d‘Operatioun agebonne ginn. De Generol Terrence O‘Shaughnessy huet en Dënschdeg awer preziséiert: „Kee vun den Zaldote vun der Operatioun ‚Treie Patriot‘ ass bis ewell un d‘Grenz verluecht ginn“.

Politeschen Timing

Säitens der Trump-Administratioun heescht et, datt d‘Entsende vun Zaldoten un déi mexikanesch Grenz noutwenneg ass, fir zwou „Karawannen“ mat ronn 6.000 Flüchtlingen/Migranten aus Südamerika opzehalen, déi sech den Ament nach am Süde vu Mexiko befannen. Dës zwou Karawanne bewegen sech op déi amerikanesch Grenz zou, an d‘Leit wëllen hei Asyl ufroen.

Den US-President, deen d‘Migratioun zum Leitmotiv vun der Wahlcampagne gemaach huet, an esou seng „Partisanen“ nach emol zolidd – virun den US-Midterm Elections vum 6. November – mobiliséiere wëll, behaapt dann och, datt „d‘Karawanne vun de Migranten aus béisen a geféierleche bestinn“, déi Amerika iwwerfale wëllen. En Behaaptung déi sech esou net bestätege léisst.

Et hunn sech dann och „Stëmmen“ géint dem Donald Trump seng Aussoen erhuewen. Dës Aktioun gëtt zudeem als „politesche Coup“ denoncéiert. Deem kann den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis net zoustëmmen. Hie sot e Mëttwoch: „Mir maachen an dësem Ministère keng politesch Coupen“. De Richard Haas, President vum „ Council of Foreign Relations“ sot sengersäits: „Et ass en inakzeptabelen Asaz an eng Politiséierung vun eiser Arméi“.

mam Sylvie Lanteaume/AFP

Foto: Migranten aus dem Honduras (hei um Wee vu San Pedro Tapanatepec op Santiago Niltepec, am mexikanesche Bundesstaat Oaxaca – den 29. Oktober) notzen all Geleeënheet déi sech bitt, fir weider a Richtung US-Grenz virunzekommen. Si hu sech fest virgeholl an den USA Asyl unzefroen. © Guillermo Arias.

Ähnlech Sujeten Grenz, Invasioun, Mexiko, Migratioun, Militär, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel