Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Elizabeth II gëtt zur Queen
best free dating apps canada 2017 Neiegkeeten

https://moien.lu/tanger-online-dating/

Am jonken Alter vu 25 Joer ass d’Elizabeth II 1952

40 year old dating 25
reddit dating single parents
best free dating apps canada 2017 Neiegkeeten

Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump

Bei engem „klénge“ Sommet haut zu Bréissel, wäerten d‘EU a

40 year old dating 25
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
best free dating apps canada 2017 Neiegkeeten

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Brasilien: Den Direkter vun der INPE krut de Sak!

Dem Jair Bolsonaro huet dem Ricardo Galvao seng Analys zur Ofholzung vum Amazonas net gefall

Brasilien: Den Direkter vun der INPE krut de Sak!

Viru knapp 14 Deeg hat de brasilianesche President der Welt ze verstoe ginn, datt de Reebësch am Amazonas de Brasilianer gehéiert, an si domadder maache kënne wat si wëllen. Dobäi geet et dem Diktaturnostalgiker manner ëm d‘Wuel vu senge Landsleit, wéi ëm de Profit vu senge Kollegen a Frënn aus Industrie a Wirtschaft.

Dozou hat den INPE-President Ricardo Osorio Galvao gemengt: „Dem Jair Bolsonaro säi Beholl respektéiert a kenger Weis d‘Würd an d‘Sitte vum Mandat“. Esou adresséiert ee sech net un en Offizéier vu Format, a schonn emol guer net un de President vun der Weltmuecht Brasilien. Deen ass sech allerdéngs net ze schued de Chef vum „Nationalen Institut fir Weltraumfuerschung“ ze verleumden a behaapt, datt dësen am Déngscht vun ONGen an Ëmweltschutzorganisatioune steet.

E Freideg huet de Ricardo Galvao dann och agestanen: „Dat wat ech iwwert de President gesot hunn huet fir Onmutt gesuergt, also ginn ech entlooss. (…) De Bolsonaro weess datt seng Regierung d‘Haaptverantwortung bei der Ofholzung vum Amazonas ass, an d‘Entloossung vum President vun der INPE ass just d‘Revanche géint déi wou d‘Wourecht un d‘Dagesliicht bréngen“.

Här ass Här… a Max ass Max

Mëtt Juli bei der Pressekonferenz huet de brasilianesche President gemengt. „Mir hunn d‘Gefill datt déi Daten déi vun der INPE un d‘Medie weidergeleet ginn, sech net un der Realitéit orientéieren, an éischter e Service fir d‘ONGen ass. (…) Géif all déi Zerstéierung déi eis Virgeworf gëtt, da wier den Amazonas-Reebësch schonn eng grouss Wüst“. Esou Aussoe werfen natierlech vill Froen op.

Datt den erkläerte Klimaskeptiker a faschistoiden ex-Zaldot, grad wéi den US-President, duerchaus weess wat um Spill steet ass onerhieflech. Et geet drëms ze wësse wiem seng Interesse Prioritéit genéissen. An esou ergëtt et sech, datt d‘Regierung elo wëll d‘Kontroll iwwert d‘Weiderleede vun den Daten zur Ofholzung iwwerhuelen. Et géif awer drëms eppes ze verstoppen, et geet ëm Timing.

An hie leet no: „Mir wëllen a musse verhënneren datt eist Land an der Welt schlecht gemaach gëtt. Mir mussen eis dëser der Ëmwelt geschëlter Psychos entgéintstellen. (…) Wann d‘Zuelen alarmant sinn, sollt den Direkter schonn aus Patriotismus den zoustännege Minister informéieren also dësem Bescheed soen, datt se verdeelt ginn. Esou wéi d‘Zuele public gemaach goufen, hu se eis geschuet“.

President vun der Agrarlobby

Et ass allerdéngs richteg, datt am Kontext vum Paräisser Accord, deem sech Brasilien ugeschloss huet, esou „Informatiounen“ Brasilien an e schlecht Liicht stellen, wat erkläert firwat de President säi „wëssenschaftlechen Dissident“ muss roueg stellen. Dat ass drénglech, well d‘INPE huet nees Date fräi ginn, déi eng Hausse vu 40% bei der Ofholzung an de leschten 12 Méint dokumentéieren.

Mee net nëmmen de Ricardo Osorio Galvao, dee mat 71 Joer an d‘Pensioun geschéckt gëtt, ass e Problem. Leschten Donneschdeg huet den ieweschte Geriichtshaff vu Brasilien dem President säin Dekret annuléiert mat deem dem Landwirtschaftsministère (dat ass déi eigentlech Agrarlobby) sollt d‘Verantwortung zur Bestëmmung vun de Grenze vun den indigene Vëlker iwwerdroe kréien.

Déi indigen Vëlker, déi de Jair Bolsonaro als „mannerwäerteg“ an eng „Belaaschtung“ betruecht verhënneren déi wirtschaftlech Notzung vum Reebësch. Hir Zukunft läit elo awer nees an den Hänn vun der Stëftung FUNAI, enger Institutioun déi sech dem Schutz vun den indigene Vëlker a Brasilien verschriwwen huet. De Jair Bolsonaro muss also elo och do fir Erneierung suergen…

mat indymedia/ccs

Illustratioun: © Karen Arnold/Pixabay

Ähnlech Sujeten Amazonas, INPE, Jair Bolsonaro, Reebësch, Ricardo Galvao
Nächsten Artikel Virrechten Artikel