Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Philippinnen: Regimmkritesch Journalistin verurteelt
Neiegkeeten

Philippinnen: Regimmkritesch Journalistin verurteelt

Dat philippinnescht Online-Noriichteportal „Rappler“ huet sech mat sengem kriteschen Ëmgang

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren
Neiegkeeten

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren

E Sonndeg hat déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hire Kongress,

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt
Neiegkeeten

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt

Egal wéi een et dréint a kéiert, d’Universum geet iegendwann

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu missen de Fakte stellen an, elo wou d‘Mediatioun bei der Däiwel gekéiert gouf, dann och engem handfeste Sozialkonflikt net méi aus Féiss ginn, huet elo d‘Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert.

A wéi gewinnt gëtt hei zolidd an d‘Flilleke geklappt. Esou gëtt op dat schäerfst d‘Uschëllegung vun de Gewerkschafte veruerteelt, wou et heescht, datt sech Luxtram S.A. net un dat soziaalt Reglement vun „Luxtram“ am Bezuch un d‘Amplituden hält. „Et ass engem Aarbechtsplang ze enthuelen, datt d‘Aarbecht um 9.18 Auer ufänkt an um 21.50 Auer ophält“, an dat stëmmt esou net.

Falsch, huet d‘Gewerkschaft och esou ni behaapt. Am Communiqué steet wiertlech „Dies ist nicht verwunderlich, wenn, wie aus einem Schichtplan hervorging, die Schicht um 9.18 Uhr beginnt und um 21.50 Uhr endet!“ an dat hu mir och genee esou erëmginn.

Luxtram S.A. fillt sech genéidegt Folgendes richteg ze stellen: „D‘Fuerzäit vun engem Kondukter ass 8 Stonnen an eng Roupaus. Generell ass bei Luxtram d‘Roupaus vun engem Tram-Kondukter manner wéi 2 Stonnen. Dorausser ergëtt sech eng Amplitude vun 10 Stonnen. An Ausnamefäll, kann d‘Paus vum Kondukter bis zu 5 Stonne bedroen, datt ass eng Amplitude vun 13 Stonnen.

An esou engem Fall, erhält de betraffene Kondukter fir säin opgeglidderte Service, eng Prime an héicht vun 100 Euro/Dag. Luxtram S.A. huet am Kader vun de Verhandlunge proposéiert sech ze engagéieren, eng Amplitude vun 13 Stonnen, nëmmen an Ausnamefäll ze notzen“.

Well een elo vu sech ageholl ass, an d‘Schold souwisou ëmmer bei deenen anere Läit, kann een natierlech behaapten: „Luxtram bedauert dat d‘Gewerkschafte kee reelle Wëlle gewisen hunn ze verhandelen, an sech eenzeg drop bezunn hunn, hire Kollektivvertrag a vollem Ëmfang duerchgesat ze kréien. Ouni, zu kengem Ament virzeschloen, dësen op iergendengem Punkt ze amendéieren“.

Datt dat esou net stëmmt, huet de Beholl bei de Verhandlunge gewisen. Et gëtt och net emol vun der Luxtram-Direktioun dementéiert, datt een net ermächtegt war eng Entscheedung ze treffen. Bleift ofzewaarde wéi d‘Entrevue um Donneschdegnomëtte gelaf ass. Eis hunn se jiddefalls net agelueden.

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäit, Amplituden, FNCTTFEL, Kollektivvertrag, Landesverband, Luxtram. OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel