Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa
International Kultur Neiegkeeten Sport

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa

Dat huet et esou nach net ginn, mee aktuell kann

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire
International Kultur Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire

De Kulturministère annoncéiert de Programm vun de Lëtzebuerger op der

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn
International Kultur Neiegkeeten Sport

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn

Wéi vill bleift fir Museker iwwreg, wann een op Spotify

DISCO FOOT – Elo gëtt Fussball gedanzt!

DISCO FOOT – Elo gëtt Fussball gedanzt!

Disco Foot: Alles gëtt méi lëschteg wann een danzt. An esou kann ee sech als Spectateur dat breet Grinsen net verknäife, wann een de Sportler nokuckt, wéi si probéieren, mat fléissenden a kreativen Danzschrëtt de Ball an de Gol ze kréien. Dësen neien Trend heescht Disco Foot a faszinéiert mëttlerweil déi ganz Frankräich.

Si sti weder ënnert Drogen, nach sinn d’Sportler vum Lämmes gebass ginn. Beim Disco Foot geet et virun allem ëm de Spaass um Sport, souwuel fir d’Dänzer, wéi och fir d’Zuschauer. Kuerz virun der Europameeschterschaft 2016 a Frankräich ass duerch d’Choreographe Petter Jacobsson an Thomas Caley dës verréckt Aart a Weis, de Ball an de géigneresche Gol ze kréien, entstanen an de Fussball revolutionéiert ginn!

Bei der Kombinatioun aus Sport a Konscht geet et net dorëm, um klengen Terrain de Match vir sech ze entscheeden, mee éischter eng kreativ Performance ofzeliwweren. Gekleet a glitzereschen Maillote soll de Ball, de scho bal un eng Disco-Kugel erënnert, mat flénken an ästheteschen Danzschrëtt iwwert d’Feld gejot ginn. Kuckt ee sech de Spektakel un, esou amuséiert ee sech schonn eleng mam Video prächteg an dat soll ee wuel kengem virenthalen:

D’Disziplin wäert et wuel éischter net bis an déi nächst Olympesch Spiller packen. Dofir kann ee sech awer beim Nokucke vum Match wéi ee Kichelche freeën an d’Laachmuskelen trainéieren. Donieft sinn awer och d’Beweegungen a kreativ Choreographië vun den talentéierte Sportler ze luewen. An jo, do kritt een immens Loscht selwer mat duerch d’Géigend ze sprangen an der Disco-Kugel hannendrun ze danzen.

Virun iwwerraschtem Publikum hat beispillsweis um 20. September 2017 op der Place Stanislas zu Nancy een artistesche Fussballsmatch stattfonnt, bei dem 25 Dänzer vum Ballet de Lorraine mat Musek am Hannergrond opgetruede sinn. Disco Foot – den neien Trend um Sport-Himmel wäert wuel och an Zukunft fir vill Freed suergen!

Opmaacherbild: ©Laurent Philippe / Discofoot 

Ähnlech Sujeten Ballet de Lorraine, Choreographie, Disco Foot, Europameeschterschaft, Frankräich, Fussball
Nächsten Artikel Virrechten Artikel