Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!
International Kultur christian cafe dating site reviews best online dating atlanta

dating sites 10

De Client muss wierklech immens zefridde mam Service gewiescht sinn,

who is cristiano ronaldo currently dating
International Kultur christian cafe dating site reviews best online dating atlanta

Politesch Emissiounen am Staatsoptrag

E Méindeg, den 17. Juni 2019, kuerz no 13.00 Auer,

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
International Kultur christian cafe dating site reviews best online dating atlanta

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?

Kanner ze kréien ass eng perséinlech Decisioun. Eng granzeg Mamm aus den USA, déi hir Roserei op Facebook erausgelooss huet, ass der Meenung, datt Koppelen, déi sech fir eng kannerlos Zukunft entscheeden, de beléiften Disney World net besichen dierften. Elo gëtt si fir hir strikt Siichtweis immens kritiséiert.

No enger Visitt am Disney World Florida, zesumme mat hirem 3 Joer jonke Bouf, sinn hir immens vill Fraen, oder och Koppelen opgefall, déi dëse Park ouni Kanner besicht hunn. An hirem Beitrag schreift si „Et katzt mech esou därmoossen un, wann ech kannerlos Koppelen am Disney World gesinn. Disney World ass ee Familljepark!“. Dës weideren fält déi immens gutt gelaunten Damm iwwert déi „onräif Millennials“ hir. Si géifen hir Suen schliisslech just fir onnéidege Blödsinn ausginn, an hinne géif d’Freed entgoen, als Mamm dem eegene Kand Spillsaachen a Séissegkeeten ze kafen.

Ausléiser fir de granzege Post war wuel eng Fra, déi virun hir eng Bretzel kaaft huet. Den Text geet weider mat „Déi Fo** a senge nuttege Shorts huet eng Micky-Bretzel kaaft an den Aiden wollt och eng, mee d’Schlang war immens laang, also hunn ech sot ech him herno an et huet him säi klengt, aarmt Häerz gebrach“. Hirer Meenung no hätt déi béis Fra ouni Kanner den Aiden zum kräische bruecht. D’Mamm hätt hir an dësem Ament am léifsten d’Iesswuer aus der Hand geschloen.

Ee Verbuet fir Persounen ouni Kanner?

„Du hues keng Anung, wéi et ass, dräi Stonne laang mat engem onrouegen, erschëpfte Klengkand an der Schlaang stoen ze mussen.“ Soumat ass déi veriergert Fra der Meenung, datt Mammen ëmmer Virtrëtt sollten hunn a souwisou ee Disney World-Verbuet fir Leit ouni Kanner sollt agefouert ginn.

Roserei iwwer Roserei

Wien am Internet eppes verëffentlecht, muss ëmmer mat staarker Kritik rechnen. Och an dësem Fall huet et dausende Leit an de Fangerspëtzte gekribbelt, fir ee Kommentar ofzeginn, allerdéngs géint d’Mamm vum Aiden – dat hat si awer elo net komme gesinn. Op Twitter ass d’Majoritéit vun den Notzer der Meenung, datt dës Fra onzefridden mam eegene Liewen an iwwerfuerdert mam eegene Kand wier. Generell besteet grousst Onverständnis fir hir Roserei.

De Walt Disney World Resort zitt all Joer méi wéi 20 Millioune Visiteuren un. Ënnerdeelt ass en a 4 verschidden Themenparken, zwee Waasserparken an 23 Hoteller. Um 1. Oktober 1971 huet de 15.000 Hektar grousse Park, deen fir den Amusement steet, seng Dieren opgemaach.

Ähnlech Sujeten Disney World, Kanner, Roserei, USA, Verbuet, Walt Disney
Nächsten Artikel Virrechten Artikel