Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert
Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt
Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt
Am Dezember huet den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement,
Mat der neier Applikatioun “LTAD – Lëtzebuerg lieft Sport” soll
Et si Gesetzer gestëmmt a Reformen duerchgesat ginn. Dat heescht, datt sech 2018 villes wäert änneren an d’Regierung huet emol eng Lëscht vum „wichtegsten“ virgeluecht. Et sinn dat dann och déi Saachen, wou de Bierger direkt den Impakt soll spieren. Villes schéngt besser ze ginn, mee et gëtt och Reegelungen déi net esou gutt ukommen.
Als eng vun de wierklech gudden Nouvellen: de Pappecongé. Dee klëmmt vun 2 op 10 Deeg. Hei ass et wichteg, fir all d’Pappen déi sech dëse Congé net wëllen entgoe loossen, ze wëssen datt et Spillregele gëtt. Esou muss den zukünftege Papp beim Patron zwee méint virum Untrëtt vum Congé seng Demande agereecht hunn.
Et heescht also uecht dinn, well alleguerten déi Männer déi am Januar Papp ginn, kënne fréistens am Mäerz hire Congé huelen. Dës Dispositioun gëllt och bei der Adoptioun vun engem Kand ënner 16 Joer.
D’Wunngeld gëtt net nëmme gehéicht, mee et sollen och méi Leit dovunner kënne profitéieren. Alles an allem solle 35.000 Menage vun der Subventioun dierfe gebrauch maachen, dorënner iwwer 28.000 Stéit déi net den RMG erhalen. D’Sozialhëllef gëtt net méi bei der Berechnung vum Akommes vum Stot berécksiichtegt. Zudeem muss een nach just dräi Méint Akommes – amplaz sechs Méint – noweisen.
Zudeem ass de Plafong vum „Niddregloun“, deen noutwenneg ass fir Usproch op d’Hëllef ze hunn, verännert ginn. Laut dem Communiqué wieren dovunner 65% vun de Locatairen am private Secteur betraff.
Beim „Gromperegeld“ (allocation vie chère) fir d’Menage mat klengem Akommes, ännert sech 2018 esou direkt näischt. Gutt ass allerdéngs, datt fir d’Berechnung vum Akommes Verschiddenes ewech fält. D’Kannergeld, d’Schoulgeld an d’Prime bei der Gebuert vun engem Kand, ginn net méi mat abezunn. Um Montant selwer, gëtt et géintiwwer 2017 dann awer kee Changement.
bei der Reform vun der Fleegeversécherung, déi bei ville Betraffenen an Acteuren nëmme wéineg Zoustëmmung fënnt. Mee d’Regierung erënnert un d’Ziler vun der Reform: „D’Haaptzil vun der Reform ass eng individualiséiert Offer vun de Servicer, déi den alldeegleche Besoine vun all Mënsch Rechnung dréit“.
E Punkt dee vun der COPAS (Daachverband vun den Organismen déi Hëllef a Soine leeschten) esou net gedeelt gëtt. Datt d’Reform eng besser Qualitéit vun der Prise en Charge erreeche wëll, an och eng besser Kontroll vun eben dëser Qualitéit soll erlaben, beonrouegt d’COPAS. Déi ass iwwerzeegt, datt d’Akraafttriede vum Gesetz e Réckgang vun de Prestatioune wäert mat sech bréngen. Do géif mat Aarbechtsplaze gespillt.
Hale mer nach fest, datt et 2018 och nach zu eng Rei „Erneierungen“ wäert kommen. D’Transformatioun vum RMG an de REVIS, dierft eng vun den éischte Reforme sinn, déi an der Chamber zur Ofstëmmung usteet. Mat der Reform vum RMG soll déi sozial Inclusioun verbessert an de Kampf géint d’Aarmut opgeholl ginn.
Well entscheet ginn ass, datt et eng Konditioun ass op der ADEM ugemellt ze sinn, wann een de REVIS ufreet, gëtt d’Aarbechtsamt dann och den éischten Uspriechpartner fir de Beneficiaire. Den nationale Solidaritéitsfong (FNS) bleift awer déi eenzeg Institutioun deen sech den Demanden unhëlt a dem Demandeur deen all d’Konditiounen erfëllt de REVIS zousprieche kann.