Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
USA: „Recht hunn“ a „Recht kréien“ sinn en ënnerschiddlecht puer Schong
International Neiegkeeten

USA: „Recht hunn“ a „Recht kréien“ sinn en ënnerschiddlecht puer Schong

E franséischen US-Resident huet de franséische Staat verklot, well hien

De Maibock: den eigentlechen Ambassadeur vum Lëtzebuerger Summer
International Neiegkeeten

De Maibock: den eigentlechen Ambassadeur vum Lëtzebuerger Summer

A schonn nees esou e Béierchen, bei deem der d‘Waasser

surprise
Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen
International Neiegkeeten

Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen

Um Dënschdeg hunn den David Wagner an de Justin Turpel

Beonrouegend Entwécklung am Dissens tëscht USA an Iran

USS Abraham Lincoln an den noen Oste verluecht fir Drock op Teheran ze maachen

Beonrouegend Entwécklung am Dissens tëscht USA an Iran

Schenkt een dem Sécherheetsberoder am Wäissen Haus, John Bolton, Glawen, da géif et deraart beonrouegend Indizien, datt d‘USA gezwonge sinn e Fligerträger a Bomberstaffele vum Mëttelmier an den noen Osten ze verleeën. Gläichzäiteg behaapt Washington kee Krich mam Iran ze wëllen.

US-Regierungen hunn – an dat net eréischt zanter der Ära Trump – esoubal et ëm „Indizien“ oder „Beweiser“ geet, säit der Behaaptung datt den Irak Massevernichtungswaffen hätt, eigentlech nach ni d‘Wourecht gesot. De John Bolton mécht hei keng Ausnam, wëll nach net emol seng „Indizien“ goufe virgeluecht. Dofir huet hien sech mat Argumenter a Sloganen, géint Teheran gewannt.

„Dëse strategesche Mouvement ass eis Äntwert op eng ganz Rei vun onberouegenden Indizien a Warnungen. (…) D‘USA wëlle kee Krich mam Iran, mee mir sinn drop virbereet, op all Ugrëff ze äntweren, egal ob dee vu Stellvertrieder, der Revolutiounsgard oder regulären Truppen ausgeet“, esou de John Bolton, deen net am Usaz ugedeit huet, wat domatter eigentlech gemengt soll sinn.

Dissens

Et gëtt zum John Bolton senger Provokatioun, och entspriechend Reaktiounen an de sozialen Netzwierker. Déi eleiten ass vläicht net representativ mee, huet zumindest den Avantage däitlech ze sinn.

An iert nees déi islamesch Republik Iran virveruerteelt gëtt, sollt een drun erënnert ginn, datt de Regime vun den „Ajatollahen“ nach kee vu sengen Noperen ugegraff oder iwwerfall huet. Dat kann ee vun den USA esou net behaapten. Wichteg och sech ze erënneren, datt d‘USA a Saudiarabien „sech nostinn“, an den Iran den Äerzfeind vum Kinnekräich ass. An Israel spillt och nach eng Roll.

Reellt Krichsgeflüster oder Halluzinatiounen?

En Informant aus dem „inner circle“ huet duerchblécke gelooss, datt et sech bei den Indizien ëm Pläng fir e méiglechen Ugrëff op US-Truppen an der Regioun handelt. Als Zil wieren esouwuel Zaldoten zu Land, wéi och Eenheete vun der Marin ausgemaach ginn. De Mann – deen net wëll ernimmt ginn – huet awer och kloergestallt, datt kee vun enger onmëttelbarer Aktioun ausgeet.

Aus strategesche Grënn wollt de John Bolton net verrode wouhinner si d‘USS Abraham Lincoln verleeë wäerten. De Fligerträger steet ënnert dem Kommando vu CENTCOM an dat ass den Etat-Major dee fir d‘Gebitt tëscht der Tierkei a Pakistan „militäresch zoustänneg“ ass. Domm da just, datt de Fligerträger mat Begleedung säi Standuert Norfolk (Virginia) den 1. Abrëll verlooss huet.

Den Asaz vum USS Abraham Lincoln a senge Begleetschëffer war vu laanger Hand geplangt, an natierlech geet d‘US-Marine net dohinner an erzielt der ganzer Welt wouhinner si hir Schëffer hischéckt. A bis de Sécherheetsberoder seng „Indizie“ virgeluecht huet, ass et erlaabt dovunner auszegoen, datt et sech beim Virstouss vum John Bolton aktuell ëm eng verbal Loftnummer handelt.

D‘USA wëllen den Iran vun der Welt isoléieren

Kuckt ee sech dann och nach de wirtschaftspolitesche Kontext un, deen net vum geostrategeschen ofgekoppelt dierf ginn (d‘USA hu schliisslech eesäiteg d‘Atomofkommes mat Teheran gekënnegt) da muss ee feststellen, datt Washington léiwer provozéiert wéi verhandelt. Et gouf och vum Trump Entscheet, der Welt ze verbidden sech mat Pëtrol aus dem Iran ze versuergen. An dat ass net alles…

Déi vun den USA nei operluechte Sanktioune géint déi islamesch Republik, sinn déi häertst an der Geschicht vum Land. Säit dem 1. Mee sinn nees all d‘Sanktiounen a Kraaft an och d‘Ausname fir eng Rei Länner sinn „ofgelaf“. China, dat ronn 6% vum sengem Besoin u Pëtrol mat iraneschem Ueleg bestreit, mee och d‘EU sinn net wierklech gewëllt, sech dem US-Diktat ze ënnerwerfen.

Dissens

An natierlech dierf, zumindest wann d‘USA den Iran bedrängen, d‘Argument „Israel“ net feelen. Den Iran wëll ganz offiziell den zionistesche Staat vun der Weltkaart huelen.

Hale mir nach fest, datt den Iran opgrond senger geostrategescher Positioun, op d‘Provokatioun vun den USA mat enger Blockad vun der Strooss vun Hormuz äntwere kéint. Dat géif sech negativ op den Handel vun den anere Golfstaaten auswierken. An der Konsequenz géif et zum Krich féieren, vun deem da behaapt gëtt, e wier vum Iran ausgaangen. D‘Amerikaner gleewen dat elo schonn…

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Dissens, Iran, Petrol, US-Sanktiounen, USA, USS Abraham Lincoln
Nächsten Artikel Virrechten Artikel