Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt
https://moien.lu/dating-spots-in-coimbatore/ Neiegkeeten

https://moien.lu/top-5-online-dating-sites-for-free/

Nom australesche Kardinol George Pell, deen de 27. Februar vum

https://moien.lu/farrah-abraham-dating-history/
https://moien.lu/dating-spots-in-coimbatore/ Neiegkeeten

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?

Ass et schonn de Versuch méi Transparenz bei Justiz a

Fëmmen op der Terrass? Den Debat bleift aktuell
https://moien.lu/dating-spots-in-coimbatore/ Neiegkeeten

Fëmmen op der Terrass? Den Debat bleift aktuell

Eng Petitioun vun Ufank des Joers hat tëscht de Fëmmerten

Dissens tëscht Warschau a Jerusalem

Polen an Israel sinn sech beim Holocaust net eens

Dissens tëscht Warschau a Jerusalem

Datt déi ultrakonservativ Regierung, oder villméi d‘Politiker vun der rietspopulistescher Partei fir Recht a Justiz (PiS), net zum geplangte Sommet vun der Visegrad-Grupp no Israel reese wëllen, huet beschtefalls Symbolcharakter. D‘Grond allerdéngs net: et geet ëm d‘Roll vu Polen am zweete Weltkrich, an d‘Kollaboratioun beim Holocaust.

Et ass awer och net fein vun der israelescher Regierung ze behaapten, datt et polnesch Bierger ginn huet, déi gefalen um Okkupant fonnt haten, oder aus ganz anere Beweeggrënn un der „Endléisung“ matgewierkt hunn. De Ministerpresident Mateusz Morawiecki hat sech als éischten ofgemellt, an du konnt och den Ausseminister, Jacek Czaputowicz, mat senger Delegatioun net méi matmaachen.

Interessant ass d‘Argumentatioun vum polnesche Ministerpresident. Hie behaapt sech drop, woubäi ee beschtefalls vum eegenen Empfanne schwätze kann, dat den neien israeleschen Ausseminister, Israel Katz, sech „rassistesch géintiwwer dem Land, senge Volleksvertrieder a senge Bierger ausgedréckt hätt“. Fakt ass: „Polen huet mat de Nazie kollaboréiert“, ass eng Ausso déi stëmmt.

Mat Google-Translate geschafft?

De Mateusz Morawiecki, huet et awer net eleng op den Ausseminister sëtzen. Nee och de Premier Benjamin „Bibi“ Netanyahu ass net méi säi Frënd. An dofir huet sech de beschëllegten net emol misse selwer opdrängen. Et war an dësem Fall d‘Formuléierung vun der „Jerusalem Post“ déi vun de polnesche Medien iwwerholl gouf, a wou de Premierminister mat „déi Polen“ falsch zitéiert gëtt.

Vun der polnescher Regierung gëtt elo ënnerstallt, datt alle Polen eng Matschold, jo esouguer eng Kollaboratioun zougewise géif. Bei deene ganz Dommen dierft dat och stëmmen, a sech selwer eng Geschicht erfannen, ass jo elo och näischt Neies. A well ee vu sech iwwerzeegt ass, kann et net sinn, datt et sech heibäi ëm e redaktionnelle Feeler kéint handelen, och wa sech dofir entschëllegt gouf.

E schaarfen Hond

Wou ee muss relativiséieren, ass bei der Ausso vum Israel Katz. Hien huet e Sonndeg op der Tëlee ouni Ëmwee behaapt: „D‘Polen hu mat den Nationalsozialiste kollaboréiert. (…) Wéi hat et den Yithzak Shamir am Dezember 1989 zum Ausdrock bruecht, deem säi Papp vu Polen ermuert ginn ass? Hie sot: ‚Si hunn den Antisemitismus mat der Mammemëllech opgeholl‘.“.

Geschicht, esou wéi se sech tatsächlech zougedroen huet, kann ee e net schéi schwätzen, och déi radikaalste vun alle polnesche Regierungen net. Fakten aus enger däischter Geschicht, déi zudeem kaum nach lieweg Täter opweise kann, aus niddere Beweeggrënn ze verleegnen, dat ass et, wat Polen 70 Joer nom Krich op e neits zu Täter mécht. Deenen oprechte Polen gëtt dat net gerecht…

mat indymedia/tlv/Qusean Grynszpan

Foto: De neien israeleschen Ausseminister huet zumindest fir sech, datt hie Kloertext schwätzt. Dat ka Polen natierlech net akzeptéieren, well et ni, zu kengem Ament an der Geschicht vu Polen, Antisemitismus an/oder eng Kollaboratioun mat Nazi-Däitschland ka ginn hunn. Esou zumindest wëll et d‘Partei fir Recht a Justiz an d‘Geschichtsbicher androe loossen. © iml (Archiv)

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Holocaust, Israel, Israel Katz, Jacek Czaputowicz, Mateusz Morawiecki, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel