Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg

No de schrecklechen Onwieder vun 2018, bei deene vill Leit

Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
International Neiegkeeten

Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet

Déi 71. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse stoung ganz am

Eng Tracing-App fir all Inder
International Neiegkeeten

Eng Tracing-App fir all Inder

Keen huet d‘Absicht engem eppes opzezwéngen, dofir huet d‘Regierung vill

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas

De Juan Guaido, selwer ernannten „Interimspresident“ vu Venezuela huet seng Landsleit opgeruff, de Protest géint d‘Regierung weiderzeféieren. Hien huet versprach zréckzekommen, och wann hie riskéiert verhaft ze ginn.

Mat ugekënnegte Masseprotester, wëll den Dissident mat de Venezuelaner de Widderstand géint de President Nicolas Maduro weiderféieren. An engem Video, datt sech iwwert déi sozial Netzwierker verbreet huet, huet de Juan Guaido sengen Unhänger erkläert: „Mir sinn esou Staark wéi nach ni, et ass net de Moment schwaach ze ginn!“. Och d‘Beamte goufen opgefuerdert sech unzeschléissen.

Säi Video-Message huet de Juan Guaido mat „Mir gesinn eis Muer“ ofgeschloss. Dat géif bedeiten, datt hien um haidege Méindeg nees an de Venezuela reest. Aus dem Video, vun deem net gewosst ass wou en opgeholl ginn ass, war awer net gewuer ze ginn, op hien un den Demonstratiounen deel huele wëll. Gewosst ass awer, datt den Dissident riskéiert vun den Autoritéite festgeholl ze ginn.

Social Media versus Medien

Schonn haut Virmëtteg soll et am Venezuela zu Demonstratioune kommen. Déi gréisst gëtt sech zu Caracas erwaart, mee och an den anere gréissere Stied vum Land, soll massiv géint de Regime protestéiert ginn. Well de Medien net ze traue wier, huet de Juan Guaido seng Leit opgeruff, den Appell an d‘Plaze wou sech versammelt gëtt, iwwert d‘sozial Netzwierker ze verbreeden.

De „Retour“ vum Juan Guaido, ass eng politesch „Wett“ déi een duerchaus och als Provokatioun bewäerte muss. Den Dissident ass sech bewosst, datt hie wäert verhaft ginn, well hien dem Verbuet d‘Land ze verloossen, getrotzt huet. Zudeem leeft eng Enquête géint de 35 järegen, well hie sech den 23 Januar selwer zum President vum Venezuela proklaméiert huet. Ass dat eng gutt Strategie?

Eng Vokatioun als Märtyrer?

Datt de Juan Guaido sech bewosst enger Verhaftung aussetzt, gëtt als Deel vun der Strategie gesinn. Hien huet iwwert 50 Länner déi hie „politesch“ stäipen, an als „politesche Prisonéier“ kéint sech iwwert weider Ënnerstëtzung freeën. Déi venezuelanesch Vizepresidentin, Delcy Rodriguez, ass am Interview mat Russia Today (RT) net op eng méiglech Festnam vum Dissident agaangen.

Am Interview huet d‘Delcy Rodriguez leedeglech bestätegt: „De Juan Guaido huet d‘Gesetz gebrach an ass e Venezuelaner dee sech mat enger auslännescher Regierung verschwuer huet, fir déi verfassungsméisseg Regierung ze stierzen“. D‘Regierung huet hirersäits d‘Bevëlkerung ermontert haut a muer „Fräi“ ze maachen a Fuesent ze feieren. Esou bleift d‘Situatioun weiderhin ugespaant.

mat indymedia/was/ccs

Foto: © Reynaldo Vasquez

Ähnlech Sujeten Delcy Rodriguez, Dissident, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Putsch, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel