Search

You may also like

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“
Neiegkeeten

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“

D‘Nathalie Arthaud, Spriecherin vu Lutte Ouvrière (LO) huet e Sonndeg,

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat

PEITRUSS – Ee Psycho-Thriller ëm eng mysteriéis Léift
Neiegkeeten

PEITRUSS – Ee Psycho-Thriller ëm eng mysteriéis Léift

Net méi laang, dann ass dem Lëtzebuerger Realisateur Max Jacoby

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur

D‘ALEBA huet eegestänneg an ouni Récksprooch d‘Kollektivverträg renouvelléiert, wat beim OGBL an dem LCGB fir gehéierlechen Onmutt suergt

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur

Virun enger Woch huet d‘Gewerkschaft ALEBA mat vill Zefriddenheet bekannt gemaach, datt et hir gelongen ass d‘Kollektivverträg am Finanzsecteur (Banken & Assurancen) bis 2023 ze verlängeren. A wat een eigentlech hätt kënnen oder solle begréissen, erweist sech als Niwwelkäerz. De Grond: et gouf zu kenger Sekonn eng Berodung mat de Gewerkschaften OGBL a LCGB.

Déi haten dann och gëschter an d‘Salariatskummer agelueden, fir de Punkt vun der Situatioun ze maachen. Béid Gewerkschafte sinn – virsiichteg ausgedréckt – eppes ongehalen, bezunn op dës hannerfotzeg Aart a Weis mat den national representative Syndikater ëmzegoen. Esou huet dann och d‘Véronique Eischen emol aleedend d‘Miwwel missen op hir ugestaamte Plaz zerécksetzen.

Esou heescht et, datt zu kengem Ament d‘Signataire vun de genannte Kollektivverträg, also OGBL a LCGB, sief et vun der ALEBA, der ABBL oder der ACA, an d‘Bild gesat goufen, datt et soll Gespréicher zur Weiderféierung vun de Kollektivverträg am Banken- an Assurancësecteur ginn hunn. Eng Ausso, déi vun der ALEBA zimmlech energesch a vehement zeréckgewise ginn ass.

Säitens der ALEBA heescht et, datt zwou „Invitatiounen“ erausgaange sinn, op déi ee leider ni eng Äntwert kritt hätt. Wann een dann awer esou „verwonnert“ sollt gewiescht sinn, dierf d‘Fro gestallt ginn, ob se bei der ALEBA da keen Telefon hunn oder generell léiwer net mat der „Konkurrenz“ schwätzen. Eng gutt Kommunikatiounsstrategie hätt zerschloe Parzeläin an dësem Fall verhënnert.

A do louch d‘Kand och schonn am Bur

Wann ee bedenkt, datt d‘ALEBA eng reng Spartegewerkschaft ass, a bei de leschte Sozialwahlen (2019) stolzer 49,22% vun de Stëmmen am Secteur kritt huet, esou sollt een unhuelen, datt si déi véier Mandater an der Salariatskummer verdéngt hunn. Dat verhënnert allerdéngs net, dat OGBL (31,58%) a LCGB (19,2%) – déi esou op 50,58% kommen – net als „Majoritär“ unerkennen.

Eng Behaaptung déi sech op den Gesetzestext bezitt, wëll dëse beseet, datt de Stëmmenundeel an net d‘Mandater ausschlaggebend sinn, fir ze entscheede wien dann elo „Majoritär“ ass oder net. Et kann een zudeem d‘Accord sinn, datt 4 vun 8 Mandater och keng Majoritéit am eigentleche Sënn sinn. Et wier deemno un der Aarbechtsinspektioun (ITM) dat ofschléissend ze klären.

Huet d‘ITM dat mam „Majoritär“ gekläert muss si dem Minister d‘Resultat virleeën. Elo verhält et sech awer esou, datt den Dan Kersch der ALEBA déi sektoriell Representativitéit zougesprach huet. Streng rechtlech betruecht, géif et hei dann och keen Zweiwel un der Rechtméissegkeet vun den zur Ënnerschrëft virleiend Kollektivverträg. Dat awer eleng léisst den Dissens net op, et brauch Dialog.

Kommt setzt iech un den Dësch a kläert dat

Sech doriwwer auszeloosse wie Recht huet, déngt de Salariéeën aus dem Secteur séier wéineg an den Direktioune kënnt esou Gestreits éischter entgéint, wei datt et hinne schuede géif. Zudeem sollt een net mengen, datt just wëll d‘Propose net vun den national representative Gewerkschaften ausbaldowert gouf, dës géint d‘Interesse vun den am Secteur beschäftegte Lounofhängegen ass.

Fir d‘ALEBA, déi nach emol betount huet, datt béid Kollektivverträg net ënnerschriwwe sinn, also och nach keng Gültegkeet hunn, steet d‘Dier fir den Dialog nach ëmmer spärangelwäit op. Et wier dofir net verkéiert, sech un en Dësch ze setzen, an d‘Sträitpunkten op de Leescht ze huelen. Woubäi een awer och muss wëssen, datt OGBL a LCGB nëmme widderwëlleg 2028 ënnerschriwwen hunn.

Si, also OGBL a LCGB, hätte sengerzäit just ënnerschriwwen, fir keng „Rechter“ ze verléieren. Si haten deemools Bedenken a gesinn dës an de renouvelléierte Kollektivverträg bestätegt. Et géif hei Lücken… Wichteg Theme wéi den Télétravail an d‘Recht op „Ofschalten“ missten hir Plaz an esou Kollektivverträg hunn. Dës Kou ass nach net vum Äis, mee huet scho masseg Mëscht produzéiert.

Illustratioun: © Cloudvisual / unsplash

Related topics ABBL, ACA, ALEBA, Assurancen, Banken, Finanzsecteur, Kollektivverträg, LCGB, OGBL
Next post Previous post