Argentinescht Parlament rifft de Liewensmëttelnoutstand aus
En Donneschdeg hunn déi argentinesch Deputéiert quasi eestëmmeg de Liewensmëttelnoutstand
En Donneschdeg hunn déi argentinesch Deputéiert quasi eestëmmeg de Liewensmëttelnoutstand
An der Chamberssëtzung vun ee Samschdeg, huet d‘Oppositiounspartei eng Motioun
Gëschter huet d’Kulturministesch Sam Tanson déi kulturell Projeten presentéiert, déi
Um 6. Mee huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel éischt Lockerungen bei de sanitäre Moossnamen zur Andämmung vun der Pandemie ugekënnegt. D’Entwécklung bei den Neiinfektiounen ass glécklecherweis zeréckgaangen, an esou hu Geschäfter, onofhängeg vun hirer Gréisst, nees dierfen opmaachen. An och an der Bundesliga dierf nees trainéiert ginn. D’Distanzreegelen mussen allerdéngs nach ëmmer agehale ginn.
Kee Problem fir de Café Rothe zu Schwerin. D’Dëscher si mam gefuerderten Ofstand auserneen geréckelt ginn, an d’Gäscht kréien eng Kappbedeckung mat Schwammnuddel opgesat fir esou och ënnerteneen den Ofstand anzehalen.
Wéi d’Besëtzerin Jacqueline Rothe matdeelt, hätt et sech heibäi ëm eng eemoleg Saach zur Erëffnung vum Café gehandelt. Wien hei ee Kaffi drénken an ee Stéck Kuch iesse wëll, muss zwar seng Distanz anhalen, allerdéngs net déi interessant Konstruktioun opsetzen. D’Internet-Gemeinschaft ass jiddefalls frou, datt déi Däitsch esou vill Humor besëtzen.
Ma, och an Amerika huet een Kreativitéit an Afallsräichtum bewisen. Wëll an de Schoulen d’Ofschlosszeremonien fir dëst Joer ausfalen, huet de Papp vum Gabrielle Piece de grousse Moment einfach virun déi eegen Hausdier verluecht. Als Studentin un der Xavier Universitéit zu Louisiana sollt hatt säi Diplom an der Biologie feierlech entgéint huelen, wouzou et duerch d’Pandemie awer net komme konnt.
Ee Papp gesäit seng Duechter natierlech net gären um Buedem zerstéiert, an esou huet hien an der Nuecht ugefaangen eng Bühn zesummen ze hummeren, huet alles passend dekoréiert a souguer ee Programmheft op d’Been gestallt. Fir d’Gabrielle war dës Aktioun fantastesch: „Besser wéi meng eigentlech Ofschlossfeier, wëll et méi perséinlech war.“
Zu gudder Lescht stelle mir Iech nach ee Paschtouer fir, deen equipéiert mat Schutzmask, Händschen a Waasserpistoul d’Passante seent. Mat engem geziilten Treffer kann een och esou seng Distanz halen.