Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer
Neiegkeeten WTF

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction

Buchpresentatioun vun “Arthur und die Farben des Lebens”
Neiegkeeten WTF

Buchpresentatioun vun “Arthur und die Farben des Lebens”

Schonn eleng de Buchcover vun “Arthur und die Farben des Lebens”

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht
Neiegkeeten WTF

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht

Säit e Sonndeg gëllt bei eisen däitschen Noperen Impfflicht géint

surprise

Ëm d’Disziplin an eise Schoule steet et net sou schlecht – och wa Bullying weider e Problem ass

Ëm d’Disziplin an eise Schoule steet et net sou schlecht – och wa Bullying weider e Problem ass

Op mannst kann een dëst aus den Zuele vun de leschten dräi Schouljoren eraus liesen. Esou gouf et am Schouljoer 2014-2015 625 Conseils de classe. Am leschte Schouljoer waren et der just nach 539. Och d’Zuel vun de Conseils de discipline ass erof gaangen, wann och net grad esou staark: vun 186 (2014 – 2015) op 144. Dobäi wiisst d’Zuel vun de Schüler konstant.

Dës Zuelen huet de Bildungsminister Claude Meisch (DP) a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Deputéierten Fernand Kartheiser (adr) genannt. E ganz interessante Volet ass hei d’Zuel vun de Schüler, déi d’Schoul verlooss hunn, iert se virun de Conseil de Classe oder Conseil de discipline gestallt konnte ginn. Nodeems 2015-2016 en Héich vun 69 Schüler erreecht gi war, waren et der am leschte Schouljoer just nach 19. D’parlamentaresch Fro kann am Kontext vun de Virfäll an engem Lycée zu Dikrech gesi ginn, wou Schüler engem Enseignant mat Gewalt gedréit hunn.

Bei de Zuelen vum Conseil de Discipline muss een awer e bëssche relativéieren: Et gëtt keng Obligatioun fir d’Schoulen, disziplinaresch Fäll systematesch ze mellen. Allerdéngs nennt de Minister nieft de Campagnen, déi organiséiert gi sinn, fir d’Disziplin an de Schoulen ze verbesseren och d’Resultater aus der PISA-Etude an der HBSC-Etude. Déi géifen Abléck an de Schoulklima erlaben.

Bullying ass och an eise Schoulen e Problem – Awer nëmmen ee Stéck vun engem gréissere Puzzle

Tatsächlech weist sech hei en duerchaus gemëscht Bild. Als Beispill kann een de Prozentsaz vun de Schüler huelen, déi reegelméisseg Opfer vu Bullying ginn: Dee läit mat 7,9% ënnert dem OECD Duerchschnëtt vun 8,9%. Am Verglach zu eise Nopeschlänner gesäit et deen Ament awer net méi esou gutt aus: Däitschland (6,1%), Frankräich (6,7%) an d’Belsch (7.2%) stinn an deem Punkt besser do, och wa mer an der Gesamtwertung besser ofschneiden. Bullying stellt awer nëmmen en Deel vum Spektrum duer, deen d’Disziplin an de Schoulen ausmécht.

Laut der HSBC-Ëmfro aus dem Joer 2013/2014 ass Lëtzebuerg awer bei der physescher Gewalt tëscht Schüler duerchaus méi staark vertrueden. Bei de 15-Järegen, déi an op mannst dräi mol an engem Joer an eng Kläpperei involvéiert waren, komme mer op déi 11. Plaz. Beim Bullying komme mer bei den 11- a 15-Järegen all kéiers an d’Top Ten (Pos. 9 bei 11 Joer, Pos. 8 bei 15 Joer) bei op mannst 2-3 Virfäll am Joer.

Esou Fäll vu Bullying féiere net direkt zu Conseils de Classe/Discipline, kënnen awer duerchaus dozou bäidroen, datt disziplinaresch Moossnamen ergraff kënne ginn.

 

 

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Enseignement, Fernand Kartheiser, Mobbing, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel