Search

You may also like

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen
International Neiegkeeten

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen

Et war dem fréiere Formel 1 Pilot an éisträichesche Geschäftsmann

Analys: Eng kloer politesch Linn
International Neiegkeeten

Analys: Eng kloer politesch Linn

Ass d‘Kand bis an de Bur gefall, sollt ee mengen

Islamist Abu Walaa veruerteelt
International Neiegkeeten

Islamist Abu Walaa veruerteelt

De vermuttlechen Däitschland-Chef vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) ass

Divergenzen am UN-Sécherheetsrot

Washington wëll d‘Sanktioune géint den Iran nees asetzen, Berlin, London a Paräis sinn dergéint

Divergenzen am UN-Sécherheetsrot

An engem Bréif un de President vum UN-Sécherheetsrot, hunn d‘UN-Ambassadeure vun den dräi europäesche Memberen: Däitschland, Frankräich a Groussbritannien sech op en neits den USA an de Wee gestallt a denoncéieren d‘Reprise vun den US-Sanktioune géint den Iran. Déi vum Donald Trump verfollegt Opnam vun de Sanktioune wier „net rechtsfäeg“.

Keent vun den „oppositionelle Länner“ gesäit d‘USA an der Lag, ee Rechtswee anzeschloen, mat deem de sougenannte „Snapback-Mechanissem“ kann ausgeléist ginn. Dësem Avis schléissen sech déi meeschte Membere vum UN-Sécherheetsrot un. Am Kontext vun Atomofkommes (JCPOA) mam Iran vun 2015 haten d‘USA am August annoncéiert, all d‘Sanktiounen nees a Kraaft ze setzen.

D‘Majoritéit am UN-Sécherheetsrot, dorënner déi fënnef Partner am Iran-Deal: China, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Russland; spriechen den USA d‘Recht esou virzegoen of, well den Donald Trump 2018 eesäiteg de Vertrag gekënnegt huet. Mat dësem Accord sollten d‘Ajatollahen um Bau vun enger Atombomm gehënnert ginn. Mee et hat och „Géigeleeschtungen“ am Accord.

Esou sollt den Iran nohalteg vun enger wirtschaftlecher Zesummenaarbecht profitéieren, déi et de facto esou ni ginn huet. Ëmmer wann eng europäesch Entreprise am Iran wollt investéieren (bsp. TOTAL, Renault, asw.) hunn d‘USA dëse verständlech gemaach, datt si keng Geschäfter méi an den USA oder mat US-Entreprise maache kënnen, also géife Sanktionéiert ginn. An dat hat Folgen.

Mam Snapback-Mechanissem gëtt sech op d‘Resolutioun UN2231(2015) bezunn, déi de Länner déi de Vertrag ënnerzeechent hunn, d‘Méiglecht araumt, iranesch Verstéiss géint d‘Reegele virum UN-Sécherheetsrot ze denoncéieren. Esou kéinte bannent 30 Deeg nees sämtlech UN-Sanktiounen, déi et virum Atomofkommes ginn huet, nees agesat ginn, ouni datt ee Land säi Veto kann aleeën.

Aus de Siicht vu Washington, ass der Resolutioun entsprach ginn, a si behaapten sech elo drop, datt de Snapback-Mechanissem ee Sonndeg a Kraaft trëtt. Dat riskéiert komplizéiert ze ginn, well et stellt jo dann d‘Fro, wéi d‘USA weider wëlle virgoen, wann hinnen déi meeschte Länner an dëser Saach d‘Zesummenaarbecht verweigeren. Woubäi et den Amerikaner net u Kreativitéit feelt…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © James Newcombe / unsplash

Related topics Atomofkommes, Iran, JCPOA, Sanktiounen, USA
Next post Previous post