Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen
Neiegkeeten

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen

En Donneschdeg iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘Presidence vun der EU,

US-President mat sengem Ego zefridden
Neiegkeeten

US-President mat sengem Ego zefridden

Kuerz virum Enn vum Impeachment huet den Donald Trump seng

De grousse Bluff
Neiegkeeten

De grousse Bluff

Nodeems sech gëschter, d‘Gesondheetsministesch an den Educatiounsminister mam Direkter vum

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Fir der Demande nozekommen

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Wien d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëll, muss zënter 2017 e Sproochentest packen. Dobäi gëtt am mëndlechen op den Niveau A2 getest, beim Verstoen op den Niveau B1. Mee mëttlerweil ginn et beim Institut national des langues (INL) länger Waardenzäiten. Wien sech haut umellt, muss sech bis Juli 2018 gedëllegen. Mee wéi héich ass d’Demande a wéi ginn d’Capacitéiten elo erhéicht?

Op dës a méi Froen geet de Claude Meisch (DP), Minister fir national Bildung, Kanner a Jugend bei senger Äntwert op dem Marc Spautz (CSV) seng parlamentaresch Ufro an. Tatsächlech wier et esou, datt all d’Sessioune fir den test ze huelen ausgebucht wieren – bis eben op déi vum 6. Juli, wou nach eng 30 Plazen oppe wieren.

Méi Leit heescht méi laang waarden

Mee den Test erfreet sech enger neier Beléiftheet zënter dem neie Gesetz: Waren d’Waardenzäiten nach relativ verstänneg bei dräi bis véier Wochen, esou sinn se massiv an d’Luucht geschoss. Mëttlerweil muss een bis zu sech Méint op eng Plaz beim Exame waarden. Am akademesche Joer 2017/2018 goufen 13 Sessioune fir 1.400 Kandidaten organiséiert. Fir d’akademescht Joer 2017/2018 sinn et der 1.616.

Mee wat geschitt elo, fir der klammender Demande nozekommen? Do wiere vir d’éischt d’Ausbildung vun neien Examineuren. Domat sollen véier zousätzlech Sessiounen no Februar 2018 organiséiert kënne ginn. Domat kéinte 512 Kandidate méi um Test deelhuelen. End weiter Erhéijung vum Personal ass fir d’Rentrée 2018/2019 virgesinn. Aktuell besteet d’Equipe aus 16 Korrekteren an Enseignanten.

Net nëmmen d‘Zuel vun de Leit, déi mat maachen, geet an d‘Luucht. Och den Deel vun deenen, déi den Test packe, klëmmt

Beléiftheet ass nëmmen eng Saach. Eng aner Saach ass Erfolleg: 62% vun de Leit, déi 2016 um Test deel geholl hunn, hunn en och gepackt. Dee Prozentsatz ass mëttlerweil geklommen a schwieft tëscht 72% an 87%.

En anere Kuer, deen an der parlamentarescher Ufro och nach zu Wuert kënnt, ass den „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg”. Hei huet een zwee Choixen: Entweder et hëlt een um Kur, deen insgesamt 24 Stonnen dauert, deel a braucht keen Test ze maachen, oder et mécht een en Test, ouni um Kur deel ze huelen. Den Test gëtt zwee Mol de Mount fir ongeféier 100 Kandidaten organiséiert.

Ähnlech Sujeten Integratioun, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Nationalitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel