Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/how-long-dating-before-a-relationship/

No dem Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot) vum 18. Mäerz

dating apps lists
De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!
Kultur Neiegkeeten

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer

Hien ass ee Regisseur den säi Publikum an Angscht viru

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord

Zanter der Erëffnung fir de Public 1933, kënnen d‘Kasematte vum Bock an der Stad Lëtzebuerg elo en historesche Rekord verbuchen. Tëscht dem 1. Mee an dem 3. November huet de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) net manner wéi 152. 223 Gäscht an de Kasematten empfaangen. Dat si 17% méi wéi 2019 an domatter ass „de Bock“ déi bescht besichten Touristenattraktioun am Land.

Den Héichpunkt hunn d‘Kasematten am August verzeechent, wou alles an allem 29.326 Besicher – also bal 1.000 leit den Dag – sech duerch déi däischter Gäng op der Sich no der Geschicht vun eisem Land gemaach hunn. An och déi guidéiert Visitten, déi vum LCTO organiséiert ginn, hunn en neien Erfolleg fir sech verzeechent. 4.219 Gäscht sinn esou duerch d‘Kasematte begleet ginn.

E vun de „specials“ deen de LCTO interesséierten Touristen aus dem In- an Ausland ubitt, sinn déi sougenannt „privat Touren“. Déi si vu 592 Gruppen ugefrot ginn, a sinn och eng vun den Offeren, déi immensen Zousproch kréien. Ob Entreprise oder Veräin, wie Gäscht aus dem Ausland empfänkt sollt sech iwwerleeën, op de „Bock“ an am Uschloss eng Schwéngshax net e Besuch wäert sinn.

Ëmmer am Mëttelpunkt

Datt d‘Kasematten eigentlech onëmgänglech sinn – esou wéi den Eiffeltuerm zu Paräis oder de Prater zu Wien – dat huet vill mat der Architektur awer och den Ëmstänn ze dinn, firwat se erriicht goufen. Eng Ronn „duerch de Bock dréinen“ heescht och ëmmer nees sech an d‘Geschicht vun der Festung vum Norden ze verdéiwen. A Geschichte kéinten d‘Kasematten dee ganzen Dag erzielen.

Wat den „Ufank“ betrëfft, esou geet dësen zréck op d‘Éisträicher, déi fréi erkannt haten, datt dee vun de Réimer als „Licilinburhuc“ bezeechente Standuert sech perfekt zur Festung ausbaue géif loossen. Si hunn an de Joren 1745/46 de Grondstee geluecht an iwwert déi weider Joerzéngten ass d‘Konzept vun den Éisträicher weiderentwéckelt ginn. An dat war keng einfach Aufgab…

E wahnsinnege Projet

De Verdeedegungssystem vun der Festung hat iergendwann 23 Kilometer Kasematten, déi op diversen Niveauen ugeluecht waren. Si reeche bis zu 40 Meter an de Fiels eran an de Pëtz vum Schlass ass esouguer 47 Meter déif. Aus den nach existenten Ënnerlagen ass zudeem gewosst, datt d‘Kasematte mat bis zu 1.200 Zaldoten a eng fofzeg Kanoune konnten ausstafféiert ginn.

Mee d‘Festung Lëtzebuerg war villen „Noperen“ an Dar am A an sech éiweg mussen zur Wier setzen e wirtschaftlechen Desaster. 1867 ass d‘Festung du „geschleeft“ ginn an de Reseau vun de Kasematte gouf op 17 Kilometer gekierzt. Erhale bliwwen ass déi 60 Meter laang Galerie déi zu de Kanounekummere féiert. De privilegiéierten Ausbléck dee vun hei aus genoss ka ginn: immens!

Foto: Felix Wolf / Pixabay

Ähnlech Sujeten Kasematten, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Stad Lëtzebuerg, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel