Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet
International Neiegkeeten

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

Kaum eng Diskussioun ass esou hëtzeg, wéi déi ëm d’Iwwerliewe

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?
International Neiegkeeten

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?

An der russescher Duma (Parlament) soll e Gesetzprojet ugeholl ginn,

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht
International Neiegkeeten

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht

E Mëttwoch ass déi nei Regierung vum Groussherzog vereedegt ginn,

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?

Dem Emmanuel Macron seng Virschléi no de Protester vun der giele Gileten

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?

Eigentlech wollt de franséische President schonn déi lescht Woch seng Propose virleeën, mee do koum de Groussbrand an der Kathedral Notre-Dame dertëscht. Gëschter huet sech den Emmanuel Macron iwwer zwou Stonne mat Journalisten iwwert d‘Virschléi ënnerhalen.

Nodeems am November 2018 de Mouvement vun de „giele Gileten“ opkomm ass, well d‘Leit sech géint d‘Erhéijung vun den Taxen op Bensin an Diesel geiergert hunn, koum d‘Regierung eng éischt Kéier a Bedrängnes. Am Dezember huet d‘Regierung dunn decidéiert, d‘Hausse vun den Taxen ze annuléieren, mee do hat de Mouvement schonns nei Revendicatioune fonnt…

Emmanuel

No Wochelaange Protester, déi vun deels extremer Gewalt begleet goufen – wat esouwuel fir de Mouvement wéi fir d‘Sécherheetskräfte gëllt – ass e groussen ëffentlechen Debat organiséiert ginn. Dee sollt derzou bäidroen, datt d‘Regierung sech e geneet Bild vun de Revendicatioune ka maachen an uschléissend Léisungsvirschléi ausschafft. Dat schéngt geklappt ze hunn.

Politesch a wirtschaftlech Verännerungen

Obwuel den Emmanuel Macron decidéiert ass seng Reformen ëmzesetzen, huet hie gëschter Owend Moossnamen ugekënnegt, fir déi net manner wéi fënnef Milliarden Euro sollen opgewannt ginn. Esou soll d‘Akommessteier erofgesat ginn, Rentner mat manner wéi 2.000 Euro/Mount sollen och entlaascht ginn a méiglecherweis kéint och nees d‘Verméigenssteier nees agefouert ginn.

Emmanuel

Versprach gëtt, datt bis 2022 keng Schoulen a Spidäler zougemaach ginn. Mee de franséische President huet och ugekënnegt, datt et net mat wirtschaftleche Verännerunge gedoen ass. Et misst sech och politesch eppes änneren: manner Volleksvertrieder an eng Reform vum Wahlsystem. Esou kéinte Mandater iwwert e Proporzsystem vergi ginn, wat „klenge“ Parteie géif entgéintkommen.

Un de Reforme gëtt festgehalen

Et soll der Fuerderung no Referende Rechnung gedroe ginn. Eng vun de mëttlerweil zentrale Fuerderunge vum Mouvement vun de giele Gileten. Interessant: déi héich renomméiert „Ecole Nationale d‘Administration“ (ENA), déi wuel „elitär“ ass – och den Emmanuel Macron huet hei studéiert – soll zougemaach ginn. Dat wier d‘Grondlag fir d‘Reform vum ëffentlechen Déngscht.

Emmanuel

Finanzéiert gi soll dat ganzt iwwer Kierzunge bei den ëffentlechen Ausgaben an duerch länger Aarbechtszäiten. Um Reformkurs selwer gëtt festgehalen, well de franséische President d‘Land ëmgestalte wëll, oder muss, wann déi gesaten Ziler sollen erreecht ginn. Wéi déi giel Gileten op dës Annonce reagéiere wäerten, déi Äntwert gëtt et scho muer, bei „giel Gileten Akt XXIV“.

mat indymedia/par

déi ganz Pressekonferenz hei (+/- 180 Minutten)

Foto: Ob d‘Fransouse vum President iwwerzeegt konnte ginn, dat muss sech elo erweisen. Et ass net dovunner auszegoen, datt de Mouvement vun de giele Gileten, sech mat der Ausso an de Versprieche vum Emmanuel Macron zefridde gëtt. Laut engem Sondage, wieren nëmme 37% vun de Fransouse mat hirem President averstanen. (video)

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, giel Gileten, Grand Debat, Macronismus, Refromen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel