Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden
Kultur Neiegkeeten

Washington verlaangt vun Ankara Garantie fir d‘Kurden

E Freideg hat den US-Ausseminister Mike Pompeo de syresche Kurde

Méi Kameraen, méi Sécherheet?
Kultur Neiegkeeten

Méi Kameraen, méi Sécherheet?

Dëser Deeg si gläich zwou Petitioune fräi geschalt ginn, déi

Trump als Mann vu Fridde begréisst
Kultur Neiegkeeten

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Et war eng kuerz Visite déi den amerikanesche President an

Nohalteg Ënnerstëtzung: D’Kultur muss erëm opbléien

Nohalteg Ënnerstëtzung: D’Kultur muss erëm opbléien

Gëschter huet d’Kulturministesch Sam Tanson an der Philharmonie presentéiert, wéi een zu Lëtzebuerg wëlles huet d’Kultur nees a Schwong ze bréngen. Nodeems um 11. Mee éischt kulturell Strukturen, wéi Bibliothéiken a Muséeën hunn dierfen opmaachen, fänkt um 29. Mee déi nächst Etapp vum Deconfinement un.

Dobäi ass virgesinn, datt Etablissementer, déi Manifestatiounen organiséieren, respektiv méi Visiteuren op ee Coup empfänken, hir Dieren erëm dierfen opmaachen. Theateren, Kulturzenteren, Concertssäll a Kinoen mussen dobäi weiderhin d’Sécherheetsmoossname respektéieren. Esou mussen d’Visiteuren am viraus hir Plaz reservéieren, keen dierf stoen an d’Distanz vun 2 Meter muss tëscht de Persoune muss garantéiert ginn.

Weiderhin dierfe bis op mannst den 31. Juli keng grouss Manifestatiounen organiséiert ginn.

D’Pandemie huet Spueren hannerlooss

Trotz der Reouverture vun Muséeën a Bibliothéiken traue sech d’Leit nach net richteg aus dem Schleekenhaus eraus. De Leetsaz „Bleif Doheem“ huet sech agebrannt, grad elo wou d’Leit nees eraus dierfen, wëll kee sech ustiechen. Ma, déi sanitär Kris wäert och an den nächste Méint spierbar bleiwen, wat net nëmmen zum Deel zum Verloscht vun der Kultur, mee och zu immense Perte bei de kulturelle Strukture féiert.

d'Kultur

D’Kulturministesch Sam Tanson bei der Presentatioun vum Relancement vum Kultursecteur © Kulturministère

Mat neie Mesuren am Secteur probéiert een elo awer, dat Bescht aus der Situatioun ze maachen an d’Rad erëm un d’Rullen ze bréngen. „Et geet net dorëm einfach eng Perte auszegläichen, mee nohalteg de Kultursecteur se stäerken andeems geziilt strukturell Subventiounen agesat ginn“, erkläert d’Kulturministesch Sam Tanson.

Déi geplangte Moossname belafe sech op 5 Milliounen Euro a gesi folgendermoossen aus:

  • Ausgläich-Moossnamen fir Strukturen an Associatiounen:
    • Entschiedegung fir finanziell Perten, déi duerch d’Ofso oder d’Verleeë vu Manifestatiounen, respektiv d’Schléissung vun der Institutioun tëscht dem 14. Mäerz an 1. Juni 2020 entstanen ass.

  • Hëllef fir d’Kultur an déi artistesch Kreativitéit un d’Rullen ze bréngen:
    • An der Annexe vum Schlass zu Buerglënster wäert ee Kollektiv vu Kënschtler wärend 3 Joer fir d’Gestioun an d’Animatioun suergen;
    • Zesummeschloss vun Artisten: Zesumme mam Kulturministère gëtt eng Hëllef fir kulturell Etablissementer gebueden, fir esou een Artist oder ee Kollektiv wärend minimum 6 Méint opzehuelen;
    • Musek: En zweeten Appell zur Kandidatur geet eraus fir esou musikalesch Kompositioune fir d’Saison 2020-2021 mat 8 weidere Partner op d’Been ze stellen;
    • Konschtsammlung vum Ministère: De Budget fir d’Uschafung vu Wierker gëtt an d’Luucht gesat, een Appell zur Propositioun vu Konschtobjeten fir d’Kollektioun geet eraus;
    • Ënnerstëtzung fir den Theater: D’Etablissementer sollen encouragéiert ginn, fir nei dramatesch Stécker ze bestellen;
    • Recherche a Montage vun neie Formater: Hei gëtt den artisteschen Ekippen eng Hëllef gebueden, fir datt si an den nächsten 36 Méint Spektakele mat eenzegaartegen an kreativen Opmaachungen an alternative Formater opbauen.

  • Investissementer an regional Muséeën an touristesch Sitten, déi zum nationalen Ierwen gehéieren:
    • Ënnerstëtzung beim Investissement an der Opwäertung vu Lëtzebuerger Muséeën;
    • Ënnerstëtzung beim Investissement an der Opwäertung vu kulturelle Sitten, déi zu den touristeschen Attraktioune gehéieren.
d'Kultur

D’Kulturministesch Sam Tanson bei der Presentatioun vum Relancement vum Kultursecteur © Kulturministère

Nieft dem Ausschaffe vum Plang zum Relancement vum Kultursecteur beschäftegt d’Kulturministesch Sam Tanson sech aktuell och mat der Recommandatioun N°56 vum Kulturentwécklungsplang. Heibäi geet et dorëm fir ee Standpunkt vun der internationaler kultureller Politik opzestellen. Méi genee ginn dobäi Lëtzebuerger Acteure gezielt, déi direkt oder indirekt an der Kultur matwierken.

Opmaacherbild: © Julian Bossert / Unsplash

Ähnlech Sujeten Concert, d'Kultur, Deconfinement, finanziell Hëllef, Kino, Konschtsammlung, Kulturentwécklungsplang, Kulturministesch, Kulturzenter, Musée, Pandemie, Relancement, Sam Tanson, Theater, touristesch Attraktioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel