Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert
Sport

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert

Um Sonndeg huet zu Helleng déi zweet Manche vun der

angrycrying
Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum
Sport

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

Wann et ëm d’Sprooche geet, ass Lëtzebuerg top!
Sport

Wann et ëm d’Sprooche geet, ass Lëtzebuerg top!

Dat erginn d‘Zuele vun Eurostat: 83,7% vun de Lëtzebuerger Kanner

Groussaarteg Leeschtung fir de Frazer Alexander beim DKV-Urban Trail

Groussaarteg Leeschtung fir de Frazer Alexander beim DKV-Urban Trail

Bei scho bal summerlechem Wieder, huet den 9. DKV-Urban Trail an der Haaptstad eng helle Wull u Sportler kënne begréissen. A mat 3.750 ageschriwwene Leefer, huet dëse Sport-Event sech e neie Participatiounsrekord gegënnt.

Iwwer Bierg an Dall ass et gaangen, an am grousse Ganze muss de Fazit de Fazit erlaabt sinn, datt et – egal wéi ee Parcours ausgewielt ginn ass – d‘Trappe waren, déi esou richteg an d‘Wuede wéi gedoen hunn. Woubäi dat absolut keng Reklamatioun ass, just eng pragmatesch Feststellung. Well alles wat et vun der Péitruss op den Helleggeescht-Plateau gepackt huet, e Grinsen affichéiert huet.

An dat kann een um engem Trio, dee sech dem Team-Run (5, 6 a 7 Kilometer) ugeholl hat verdäitlechen. De Laurent Betti, mam Claude Hastert an dem Tom Zeimet, sinn ëmmer nees gäre mat um Depart. Hinne gefält esouwuel d‘Erausfuerderungen, wéi déi immens Ambiance. Den Ëmgang ass frëndlech, an den éischte Challenge ass ëmmer nach déi eegen Zäit ze verbesseren.

Et waren och zolidd Coureuren ënnerwee

Si haten sech als „Kommen Ni Un“ ageschriwwen, wat deen een oder aneren als schlecht Omen hätt deite kënnen. Mee si hunn et mam briteschen Humor, a stinn op „Understatement“. Si hunn sech dann och op eng verdéngte 4. Plaz bei de Männer dierfe freeën. Déi 18 Kilometer huet eist Team an 1:46‘:34‘‘ hannert sech bruecht, eng Leeschtung déi sech weise léisst.

Op der „Granducale“ déi iwwer 34 Kilometer gaangen ass, huet de Frazer Alexander vum Cercle Athletique Bieles, fir eng Iwwerraschung gesuergt. Hie konnt mat 2:24‘:35‘‘de Samir Baala, deen déi lescht zwou Editioune fir sech entscheet hat, ëm bal véier Minutten op déi zweet Plaz verweisen. Bei den Damen, geet den Titel 2018 un d‘Susanne Loewen (3:05‘:58‘‘).

Vill vun de Leefer dierft een dann och bei der Jubiläumseditioun am nächste Joer nees begréissen. Den DKV-Urban Trail huet seng Unhänger, an d‘Stad Lëtzebuerg vill méi ze bidden, wéi een oft mengt. De Parcours, deen de Leefer eis Haaptstad mat sengen Attraktioune méi no bréngt, ass beléift. An esou dierf een den Organisateure wënschen och 2019 de Rekord ze briechen.

Trail

Déi 9. Editioun vum DKV-Urban Trail hat mat 3.750 ageschriwwene Leefer e neie Rekord opgestallt. Dee géifen d‘Organisateure bei der Jubiläumseditioun 2019, gären nach emol „knacken“. Se dierften zouversiichtlech sinn, well et ass wierklech e ganz flott Sport-Event. © Claude Hastert.

D‘Resultater no Parcours:

Foto: Si hate bei der Aschreiwung, wéi se nom Veräinsnumm gefrot goufen, einfach nëmmen uginn: „Kommen ni un“. Dat war gelunn, si hunn eng ganz éierbar 4. Plaz am Team-Run hikritt. Houfreg an zefridden, dierften si um Sonndeg mat de Frënn a Kollege gefeiert hunn. © Tom Zeimet

Ähnlech Sujeten DKV-Urban Trail, Frazer Alexander, Stad Lëtzebuerg, Susanne Loewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    8

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    2

  • Love

    0