Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch
Auto Money Neiegkeeten

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch

Laut dem „Wall Street Journal“ an der „New York Times“

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“
Auto Money Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen den Apéro-Plat vun der

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!
Auto Money Neiegkeeten

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!

Nodeems se sech a Kanada eens gi sinn de Cannabis

money

Et ginn nees masseg Autoe verkaf

No enger Drécheperiod erhëlt sech déi Lëtzebuerger Automobilsbranche a mécht nees Ëmsaz

Et ginn nees masseg Autoe verkaf

Den Autosalon war wéinst der sanitärer Kris net wierklech dat wat een als Erfolleg kéint duerstellen an och soss, huet d‘Branche éischter „laang Gesiichter“ gemaach. Am Juli awer schéngt dës Kris iwwerwonnen. Laut den offiziellen Zuele goufe 5.509 Gefierer nei ugemellt. Datt ass géintiwwer 2019 ee Plus vu 14,9 %. Et ass een also um gudde Wee… woubäi net alles ass Gold well et blénkt.

Et wäert schonn eppes méi brauche wei ee gudde Juli fir de wirtschaftleche Retard aus der Zäit vum Confinement gutt ze maachen. Vergläicht een de 1. Semester 2020 mat deem vun 2019, steet nach ëmmer eng Baisse vu 26,7% op der Lee. Am beschte schléit sech VW – trotz net endege Skandaler – gefollegt vu Mercedes a BMW. All déi aner kann een am Ranking getréischt ausblennen.

Bei den Immatrikulatiounen huet de Besinsmoteur nach ëmmer d‘Nues vir (45,5%), gefollegt vum Diesel (37,9%) an den „Hybrid-Moteur“ kënnt ëmmerhin nach op 12,3%. Vun den 5.509 neie Gefierer sinn 230 voll elektresch. Dem Energieminister seng Campagne léisst hei schonn eppes ze wënschen iwwreg. Woubäi d‘Händler och eegen Interesse verfollegen a mat zwee Féiss bremsen.

Och hei geet et wéi bei allem, ëmmer emol primär ëm de maximale Profit, a mat deenen Offeren déi d‘Industrie op fossil ugedriwwene Karrosse virgeluecht huet, war de Choix séier gemaach. Hei huet et „Präisvirdeeler“ ginn, déi net op de Maart vum e-Auto ugewannt goufen. D‘Rechnung ass dann och opgaangen, och wann eis déi da spéider vum Klima wäert nogereecht ginn. Mee: „who cares?“.

Et ass zudeem och net esou, datt déi spuersam (also niddreg am Verbrauch) Autoe géife besser un de Mann, respektiv d‘Fra, bruecht ginn. Nee, esoulaang wéi de Portmonni matmécht an de Präis un der Pompel „akzeptabel“ ass, gräift de Resident an dat iewescht Fach. Esou eng „Voiture“ ass jo och ee Statussymbol, a zuweilen och nach ëmmer en Ersatz fir d‘Libido… A wat muss, dat muss jo och.

Illustratioun: Et muss „déck & fett“ sinn, eppes hier maachen a virun allem ëmmer en Tick méi grouss a méi deier wéi dem Noper säi sinn. Op et Sënnvoll ass, spillt keng Roll, a souwisou gëtt bannent 3 bis 5 Joer d‘Gefier erneiert, wat schonn „à la Base“ net wierklech klimafrëndlech ass. © Humphrey Mulela / unsplash

Ähnlech Sujeten Auto, Besin, Diesel, elektresch, Fedamo, Garagisten, Hybrid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel