Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FLMP: Keng IVV-Wanderunge bis de 7. Juni
International Neiegkeeten

FLMP: Keng IVV-Wanderunge bis de 7. Juni

De Lëtzebuerger Wanderverband FLMP huet beschloss, mat Récksiicht op d’Gesondheet

Dausende Salariéeë vu Google protestéiere géint sexuell Belästegung
International Neiegkeeten

Dausende Salariéeë vu Google protestéiere géint sexuell Belästegung

Vu Singapur iwwer London bis New York, an esouguer um

Friday Black (Ee Buch zur Aktualitéit)
International Neiegkeeten

Friday Black (Ee Buch zur Aktualitéit)

Nodeems de George Floyd ermuert ginn ass, ass Rassismus nees an aller

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech

An der EU gëtt d‘Loftqualitéit lues a lues besser, woubäi laut engem Rapport, den um haidege Méindeg vun der europäescher Agence fir Ëmwelt (EEA) verëffentlecht gëtt, nach all Joer iwwer 480.000 Mënsche wéinst Loftverschmotzung virzäiteg stierwen.

Esou hunn d‘Konzentratioune vu Fäipartikel (PM2,5), Stéckstoff-Dioxid (NO2 – gëtt haaptsächlech vun Diesel-Motoren ausgestouss) an Ozon (O3) an der europäescher Loft ofgeholl. Zumindest laut den Zuele vun 2015, Joer op dat d‘Etude sech bezitt. An awer gëtt et kee Grond zur Entwarnung, well d‘Konzentratiounswäerter sech nach ëmmer iwwert deene vun der EU oder der WHO erlaabten oder recommandéierte Wäerter läit.

D‘EEA geet dovunner aus, datt d‘Fäipartikel am Joer 2015, verantwortlech fir 391.000 Stierffäll sinn (Europa vun den 28) an op 41 europäesch Länner berechent, klëmmt dës Zuel op 422.000. Et sinn géintiwwer dem 1990, eng hallef Millioun manner Mënschen, déi wéinst Loftverschmotzung gestuerwe sinn.

Interessant Detailer

Zuel vun de verfréite Stierffäll déi mam NO2 an Zesummenhang bruecht ginn, gëtt mat 76.000 an der EU (79.000 an den 41 studéierte Länner) genannt. Beim Ozon, sinn et der an der EU 16.400 (an 17.700 an den 41). Fir den Hans Bruyninckx, Exekutivdirekter vun der EEA: „Loftverschmotzung ass en onsiichtbare Killer, a mir mussen eis Efforte verduebelen, fir d‘Ursaachen ze bekämpfen.

Als eng vun den Haaptursaache fir d‘Loftverschmotzung, gëtt de Stroosseverkéier genannt, dat awer zesumme mat der Landwirtschaft, Energieproduktioun an Industrie. Am stäerkste betraff sinn d‘Europäer déi an de Stied liewen. Hei och als éischt Ursaach: de Stroosseverkéier. Dat well sech laut EEA d‘Ofgasen um Niveau vum Buedem befannen an esou méi schiedlech sinn.

D‘EEA gëtt dovunner aus, datt 6% vun der urbaner Bevëlkerung an der EU (géintiwwer 7% e Joer méi fréi) sinn Fäipartikel-Emissiounen ausgesat, déi wäit iwwer déi zoulässeg Grenzwäerter ginn. Géif e sech op déi vun der WHO festgeluechte Grenzwäerter bezéien, wieren et 74% vun dëser selwechter Bevëlkerung. Den Undeel vun der urbaner Bevëlkerung déi exzessive Stéckstoff-Dioxid Emissiounen ausgesat sinn, ass vun 9 op 7% (2015) zréckgaangen.

Mëtt Mee, ware sechs Länner esou virun den europäesche Geriichtshaff (EuGH) zitéiert ginn, well si sech net un d‘Obligatiounen, am Kontext vun der Loftqualitéit, gehalen hunn. Dat waren: Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Rumänien an Ungarn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten EEA, Europa, Europäesch Agence fir Ëmwelt, Hans Bruyninckx, Loftqualitéit, Loftverschmotzung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel