Search

You may also like

Mëttelmier: Wann d‘Liewen un engem Fuedem hänkt
Neiegkeeten

Mëttelmier: Wann d‘Liewen un engem Fuedem hänkt

Berécksiichtegt een de Standpunkt vum „Rouden Hallefmound“, da kéinte bis

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin
Neiegkeeten

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin

Nom Récktrëtt an der Flucht vum fréiere President Evo Morales,

SLPL: Neie Vizepresident a Grënnung vum Nordbezierk
Neiegkeeten

SLPL: Neie Vizepresident a Grënnung vum Nordbezierk

De Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg huet den Här

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

Während Europa seng „Mënschlechkeet“ am Mëttelmier versenkt, Italien mat drastesche Mesure eng nei Flüchtlingskris eropbeschwiert, setzen sech d‘Sozialisten zu Lëtzebuerg fir e bessert Liewen an d‘Integratioun vun de Refugiéeën an.

Am Kontext vun de Chamberwahlen am Oktober, huet d‘LSAP en Dënschdeg e Positiounspabeier „Hürden ofbauen – Mënschen opbauen. Fir eng human Flüchtlingspolitik“ virgestallt. Dat mat enger fir eis erstaunlecher Remark: de Sujet „Flüchtlingen“ wier an der leschter Zäit vun de Medien net berécksiichtegt ginn. Dobäi ginn sech Italien a Malta richteg Méi, datt de Sujet aktuell bleift.

Dat festgestallt, dierf ee festhalen, datt sech d‘LSAP konsequent dem Thema ugeholl huet, firwat hei virun zwee Joer en Aarbechtsgrupp gegrënnt ginn ass, an deem Virschléi a Léisunge fir den Ëmgang mat de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg, mee och an Europa, ausgeschafft goufen. Et gëtt och festgestallt, datt wa manner Leit ukommen, sech d‘Situatioun am allgemengen net verbessert huet.

Op EU-Niveau…

D‘Sozialiste sinn dann och iwwerzeegt, datt eng Reform vun der europäescher Asylpolitik an dem Dublin-Ofkommes dréngend noutwenneg ass, sollt ee gewëllt sinn, och dëse Mënschen en dezent Liewen ze erméiglechen. Dat ass méi liicht gesot wéi ëmgesat: vill europäesch Länner, a méi prezis de Visegrad-Grupp (Ungarn, Polen, Tschechesch Republik a Slowakei) sinn deem opposéiert.

Fir den Deputéierte Marc Angel besteet awer keen Zweiwel dorunner, datt all d‘Memberlänner hei Verantwortung mussen iwwerhuelen, an en neien Dublin-System um Prinzip vun der Solidaritéit muss fundéieren. D‘LSAP wier zudeem ee staarke Member vun der europäescher sozialistescher Famill, déi e progressisteschen Asyl-Pak verhandele, an eng Harmonisatioun erreeche kann.

Dofir ënnerstëtzt d‘LSAP och d‘Verdeelung vun der Refugiéeën an enker Zesummenaarbecht mat der UNHCR an der IOM. Mee vir den Ufank, sollt ee sech mat der eegener Nues huelen, an zu Lëtzebuerg mam gudde Beispill virgoen. D‘Sozialiste fuerderen dann och, datt muss uecht gedoe ginn datt d‘Zentre fir den Accueil an Drëttlänner am Respekt mat de Mënscherechter geréiert ginn.

Eng bestänneg Entwécklung

Well d‘Asyl-Politik sech bestänneg entwéckelt, schléit d‘LSAP vir, datt eng ugepasste Formatioun fir all implizéiert Persounen an den ëffentlechen Administratiounen, beim Staat an de Gemengen, ugebuede gëtt. Dozou gehéiert och d‘Abusen ze verhënneren, firwat et eng koordinéiert Politik fir d‘Réckféierung muss ginn, ouni dat d‘Würd vun de Mënsche bei der Prozedur op der Streck bleift.

D‘LSAP hält fest: „Mir mussen déi provisoresch Opfankstrukturen opginn, déi an der Urgence geschaaft goufen, net awer vir Sejoure vun en puer Méint adaptéiert sinn. Déi fix Strukture mussen un déi tatsächlech Bedierfnesser ugepasst ginn. Dofir wëll d‘LSAP insgesamt véier Strukture fir ‚refuséiert‘ Demandeure schafen“.

De bestoende „Centre de Retention“ soll onbegleete Männer virbehale ginn. Fir vulnerabel Mënschen (Fraen a Familljen) soll et eng „Maison du Retour“ ginn. Leit déi ënnert d‘Dublin-Reegel falen, sollen eng permanent Struktur erhalen, an Mënschen, deenen hir Demande wuel refuséiert ginn ass, awer net „zeréck geschéckt“ kënne ginn, solle e spezifesche Foyer erhalen.

Zudeem ass am LSAP-Positiounspabeier zréckbehale ginn, datt d‘Personal vun dëse Strukture muss konsequent forméiert, an e psychologesche Suivi muss assuréiert ginn. D‘Transferten an d‘Retouren déi aktuell vun der Police duerchgefouert ginn, wieren immens Personalopwänneg an de System net optimal. Hei soll dann och iwwer Alternativen nogeduecht ginn.

Gefuerdert gëtt dann nach eng richteg Informatiounspolitik fir déi Mënschen déi ofgewise ginn. Si solle besser iwwert de Virdeel vun engem fräiwëllege Retour an iwwert d‘Alternativen zum Asyl informéiert ginn. Hei misst een dann och de Demandeuren aus dem „Balkan“ hir reell Chancen opweisen – déi minim sinn – an si iwwert hir Rechter fir eng legal Migratioun opklären.

Schlecht Strukturen

Den Aarbechtsgrupp vun de Sozialisten huet festgestallt, datt déi vum OLAI gefouert Strukturen „al an, an engem schlechten Zoustand sinn“. Weder d‘Sécherheet nach d‘Hygiène entspriechen den aktuelle Standarden, an a veschidde Foyere wier d‘Situatioun net Mënschewierdeg. Et misst een awer dës Strukture weider benotzen, well d‘Prozedure fir neier ze bauen ze laang daueren.

Am grousse Ganzen, sinn d‘Sozialisten der Meenung, datt een déi Leit, wou de Statut als DPI erhalen hunn an a Foyere wunnen, méi responsabiliséiere muss, an hinnen d‘Méiglecht muss ginn, hiert d‘Liewen esou Autonom wéi nëmme méiglech ze féieren. Da muss den Accès zu medezinesch Soinen, wuel an engem strikte Kader organiséiert ginn, mee keen dierf ausgeschloss ginn.

Natierlech spillt d‘Problematik am Logement eng Roll, an ausser datt een net weess wou een nach kéint e Foyer opriichten, wieren aktuell eng 1.500 Leit a Foyere vum OLAI, déi eigentlech, well si hire Statut erhalen hunn, déi längst hätte misse verloossen, an um Wunnengsmaart no enger Bleif sollte sichen. D‘LSAP proposéiert de Gemengen eng Quot fir sozial Wunnengen ze imposéieren.

Zousätzlech soll déi sozial Immobilienagence (AIS) gefërdert ginn, datt beispillsweis duerch fiskal Avantage fir Proprietairen, déi eppes ze verlounen hunn. Weider Virschléi sinn am Volet Logement vum LSAP-Wahlprogramm enthalen. D‘Sozialisten erënneren dann och drun, datt déi Leit déi de Statut vum BPI hunn, an d‘Verantwortung vun de Buergermeeschteren an de Sozialbüroe falen.

Integratioun erméiglechen

D‘LSAP setzt sech fir d‘Integratioun vun den Demandeuren a Beneficiaire vum internationale Schutz (DPI/BPI) an. Well et eng helle Wull vun „Definitioune“ gëtt déi de Konzept vun der Integratioun ze erkläre versichen, erkläert d‘LSAP duerch „Negatioun“ wat si dorënner verstinn. Esou ass et weder eng „Assimilatioun“ nach en einfache „Multikulturalissem“.

Fir d‘Sozialiste geet d‘Integratioun iwwert d‘Aarbecht, d‘Schoul an d‘Veräinswiesen. Also ganz einfach iwwert de Kontakt an d‘Kommunikatioun mat an tëschent de Mënschen. Hei dierft een allerdéngs net vergiessen, datt vill Flüchtlingen traumatiséiert sinn (de Verloscht vun der Heemecht, d‘Erliefnesser vun der Flucht, etc.). E psychologesche Suivi ass zwéngend ubruecht.

Hei soll systematesch op Prozedure verzicht ginn, déi eng Bedeelegung um gesellschaftleche Liewe komplizéiert maachen oder esouguer verhënneren. Si sollen Zougang zu Kompetenzen erhalen, déi hinnen och dann nach notzen, wann si an hir Länner zeréckgeschéckt ginn. D‘LSAP ass fir de neie begleeten Integratiouns Parcours (PIA), wëll awer kuerzfristeg e Bilan virgeluecht kréien.

Integratioun datt geet och iwwert d‘Sprooch, an d‘Sozialiste géifen sech iwwert eng gréisser Offer an den dräi nationale Sprooche freeën. Wann ee scho franséisch kann, an de Statut „e längeren Openthalt“ am Land sécherstellt, sollen d‘Flüchtlingen och lëtzebuergesch léieren. D‘LSAP ass fir eng Obligatioun vu Sproochecoursen.

Fir Veräiner an Associatiounen ze encouragéiere Flüchtlingen an hire Reien opzehuelen, sollen si mat engem Integratiounssubsid „belount“ ginn. A verschiddene Fäll, misst et och zu Upassunge vun den offizielle Reegele kommen, wéi beispillsweis am Sport, wou den offizielle System et de Flüchtlingen net erméiglecht a vollem Ëmfang un de proposéierten Aktivitéiten deelzehuelen.

D‘Flüchtlingen, där hire Statut hinnen e längeren Openthalt am Land erméiglecht, sollte méi liicht Zougang zum Aarbechtsmaart erhalen. De System AOT (temporär Beschäftegungserlabnes) ass esou wéi e besteet eng Barrière fir d‘Integratioun. Hei muss et zäitno zu enger Reform kommen, an e Flüchtling muss no 6 Méint – a Kooperatioun mat der ADEM – dierfen eng Aarbecht unhuelen.

A wat fir den Aarbechtsmaart richteg ass, ka fir d‘Schoul net verkéiert sinn. Hei soll dann och de System reforméiert ginn. Schoulklassen hunn net hir Plaz an de Foyeren, well si der Integratioun vun de Kanner net entgéint kënnt. All Kanner am Alter tëscht 4 a 16 Joer musse regulär Klassen integréieren, och wat dat bedeit, datt et zousätzlech Course muss ginn.

Koherenz an Transparenz

Een zentrale Problem vun der Asyl- a Integratiounspolitik an eiser Gesellschaft wiert et, datt et bei der Koordinatioun vun den Intervenanten an der Kommunikatioun tëscht den Acteuren um Terrain an de Betraffenen net zum beschte steet. Dofir fuerdert d‘LSAP d‘Schafe vun engem Ministère dee sech ëm all d‘Facette vun der Immigratioun këmmert.

Dësem Ministère géifen da véier Administratiounen ënnerstallt: eng fir de Traitement vun den Demande fir Immigratioun an Asyl; eng Administratioun déi sech ëm d‘Retoure këmmert (woubäi e Riichter d‘Entscheedung trëfft), den OLAI an eng Administratioun déi sech ëm d‘Gestioun vum sougenannten „Centre de Retention“ këmmert.

Foto: (v.l.n.r.) Nathalie Schmit, Aurore Rössler, Marc Angel, Sylvie Jansa a Claude Haagen © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chamberwahlen 2018, LSAP, Migratioun
Next post Previous post