Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung
Quiz

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung

Et huet zwee Wahlgäng gebraucht iert festgestanen huet, datt den

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen
Quiz

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen

Haut huet d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International (AI) déi europäesch Regierunge beschëllegt, d‘Handlaanger

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
Quiz

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?

Wéi gutt kenns du eis Monumenter?


Wéi gutt kenns du eis Monumenter?

Question 1 of 10.

Am Quartier Dellhéicht zu Esch-Uelzecht fënnt een d‘Monument vum Emile Mayrisch. A wéi engem Beräich war hien aktiv?

1. Press
2. Stolindustrie
3. Literatur

E weidert Monument vun dëser fir d‘Stolindustrie wichteger Persoun fënnt een zu Diddeleng

Question 2 of 10.

De Bunker Hondsbësch spillt eng wichteg Roll an eiser Geschicht. Firwat?

1. Et war e Verstopp fir Refractairen
2. Et war en Atombunker
3. Et war e Bommebunker

Iwwert 100 Refractaire goufen am Bunker Hondsbësch virun den Nazie verstoppt.

Question 3 of 10.

Och d‘Réimesch Thermen zu Mamer stinn op der Lëscht. Wéini goufen déi entdeckt?

1. 1982
2. 1972
3. 1992

1972 ass richteg.

Question 4 of 10.

Zu Beetebuerg ass ënnert anerem d‘Beetebuerger Schlass op der Lëscht vun de Monumenter. Aus wéi engem Joerhonnert staamt dëst Bauwierk?

1. 19. Joerhonnert
2. 15. Joerhonnert
3. 18. Joerhonnert

Laut der Lëtzebuerger Wikipedia gouf d‘Schlass tëscht 1733 an 1734 gebaut

Question 5 of 10.

Zu Diddeleng gouf de Waassertuerm vun der Schmelz op d‘Lëscht gesat. Wat ass haut doranner ze fannen?

1. E Kinossall
2. Eng Ausstellung vum Edward Steichen
3. Büroen fir d‘Kreativindustrie

Als permanent Ausstellung ass dem Edward Steichen säin The Bitter Years 1935-1941 ze fannen.

Question 6 of 10.

Zu Dikrech an der Jang-de-Blannen Strooss fënnt een e klasséiert Gebai, dat ursprénglech als e kathoulescht Veräinshaus gebaut gi war. Wat war do bis viru kuerzem dran?

1. E Kino
2. Eng Garage
3. En Theater

De Ciné Scala war bis Mëtt 2017 an dem Gebai. Haut huet de Kino säin eegenen Miniplex no bei der Gare vun Dikrech.

Question 7 of 10.

Och Schrëftstécker kënnen zu den nationale Monumenter gehéieren. Esou zum Beispill de Codex Mariendalensis. Wien huet dee geschriwwen?

1. D‘Yolanda vu Veianen
2. D‘Grand-Duchesse Charlotte
3. De Jang de Blannen

De Codex Meriendalensis vum Yolanda vu Veianen gouf zesumme mam Archiv vum Grof vum Aanseburg fir 3,1 Milliounen Euro opkaaft.

Question 8 of 10.

D‘Wiichtelhaus zu Beggen war déck an d‘Schlagzeile komm, wéi probéiert gouf, et ofzerappen. Dëst gouf awer virleefeg gestoppt. Aus wéi engem Joerhonnert staamt d‘Haus?

1. 18. Joerhonnert
2. 19. Joerhonnert
3. 17. Joerhonnert

D‘Haus soll tëscht 1740 an 1760 gebaut gi sinn.

Question 9 of 10.

An der Villa Pauly hat am zweete Weltkrich d‘Gestapo hire Sëtz. Wat ass haut do ze fannen?

1. Et gouf opgerappt
2. E Musée
3. De Centre de documentation et de recherche sur la Résistance

Zënter 2001 ass do den offizielle Sëtz vum Centre de documentation et de recherche sur la Résistance

Question 10 of 10.

Wéi nennt sech de Baustil vun der aktueller Gar vun der Stad Lëtzebuerg?

1. Neobarock
2. Neorokoko
3. Neoromantik

Déi aktuell Gare gouf 1912 am neobarocke Stil gebaut.

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Wéi gutt kenns du eis Monumenter?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

D’Lëscht vun de Monumenter, déi klasséiert sinn, wiisst. An dat mat guddem Grond: Gebaier, Monumenter, Schrëftstécker – si all droen zu eiser kultureller Identitéit bäi! Mee wéi gutt kenns du dech domat aus? Fann et eraus mat eisem Quiz!

 

Ähnlech Sujeten Identitéit, Kultur, Lëtzebuerg, Monumenter, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel