Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 6.11.2017)
how to cope with your best friend dating your crush funeral hook up

ios anime dating games

Eng weider Woch ass laanscht! Mol kucken, wéi gutt s

totally free hookup websites
how to cope with your best friend dating your crush funeral hook up

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Méinden, den 12. August vun 22.00 Auer un! Tëscht dem

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter
how to cope with your best friend dating your crush funeral hook up

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter

Bal wier den Hans Peter Geerdens, besser bekannt als Scooter

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen

Während Refugiéeë, Migranten an Asyl-Demandeure weider am Mëttelmier erdrénken, ass d’ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF) an hire Partner SOS-Méditérranée, gezwongen d’Recherche- an d’Rettungsmissioun vun der MS Aquarius anzestellen.

Am Laf vun de leschten zwee Méint, während vill Mënschen, dorënner Fraen a Kanner, och weiderhin de geféierlechste Fluchtwee – deen iwwert d’Mëttelmier – benotzen, ass d’MS Aquarius vun den Autoritéiten um Quai festgehale ginn. Domatter war et net méi méiglech déi wichteg humanitär Missioun weiderzeféieren. Dës Aufgabe sollten elo vun offizieller Säit iwwerholl ginn.

Et ass dat d’Resultat vun enger stänneger Campagne, gefouert vun der italienescher Regierung, déi eenzeg den Zweck hat, déi humanitär Missioun ze diskreditéieren, ze verleumden an ze behënneren. Déi italienesch Regierung konnt sech heibäi op d’Ënnerstëtzung vun aneren europäesche Länner verloossen, déi sech géint humanitär Missiounen am Mëttelmier opgestallt hunn.

„Fortress Europe“

Dozou gehéiert eng vu Bréissel matgedroe repressiv Migratiounspolitik. Mat dëser Campagne ass dat internationaalt Recht ausgehiewelt, jo esouguer regelrecht mat Féiss getrëppelt ginn. Hei gëtt eendeiteg géint déi humanitär Prinzipie verstouss, während zu Marrakesch dee vun de Vereenten Natiounen ausgeschaffte Migratiounspakt soll ënnerschriwwe ginn.

Well et och aus dem Stand eraus keng direkt Léisung gëtt, fir sech dësen Attacken ze erwieren, hunn MSF an SOS-Méditérranée keng aner Wiel, wéi d’Aktivitéite vun der MS Aquarius anzestellen.

„Et ass en däischteren Dag“, bedauert d’Generaldirektesch vu MSF, d’Nelke Mander d’Situatioun. „Net eleng, datt Europa et renoncéiert huet Mëttel zur Recherche an der Rettung bereetzestellen, nee hei ass ganz bewosst de Versuch vun aneren Acteuren, Liewen ze retten, sabotéiert ginn. D‘Enn vun eisen Operatiounen u Bord vun der Aquarius, bedeit méi Doudeger am Mier. E Stierwen datt sech verhënnere kéint loossen, e Stierwe bei deem et keng Zeie gëtt“.

Wéi war dat mat de Wäerter vun der EU?

Déi Aart a Weis, wéi sech bestëmmt europäesch Memberstaaten an de leschten 18 Méint beholl hunn, a wéi si sech géint humanitär Operatiounen agesat hunn, gëtt vu MSF mat den Methode vun de schlëmmsten Autoritäre Staate verglach. Dat ass och grad da bedenklech, wa gewosst ass, datt MSF ëmmer mat den Autoritéite kollaboréiert. Eng Kollaboratioun déi net verhënnert huet, datt der MS Aquarius direkt zweemol de „Pavillon“ entzu ginn ass.

Bosseg geet et virun. MSF muss sech elo och nach Beschëllegungen erwieren, laut deenen si Handel mat Offall géife bedreiwen, an si wieren doriwwer eraus och a kriminell Aktivitéite verstréckt. Dat huet zur Folleg, datt Mënschen an Nout elo am Mier zréckgelooss ginn, hinnen den Zougang zu engem sécheren Hafe verwiert gëtt, an Schëffer hinnen och net méi hëllefe sollen.

Den erzwongene Stopp vun de Missiounen déi d’Aquarius iwwerholl huet, kënnt zu engem kriteschen Ament. Wann erwisen ass, datt 2018 iwwer 2.100 Mënschen am Mëttelmier erdronk sinn, an d‘Departe vu Libyen d‘Majoritéit duerstellen, sollt et méiglech sinn sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.

Politik mat Blutt un den Hänn

Vill europäesch Regierungen hire Bäitrag zu den trageschen Evenementer geleescht, andeems si déi libesch Küstewaach ënnerstëtzt hunn, d‘Migranten ofzefänken. Déi sollen iwwer 14.000 Mënschen esou nees „zréckgefouert“ hunn.

Et ass eendeiteg en erzwongene Retour, wat e Verstouss géint internationaalt Recht duerstellt. E Constat deen net besser gëtt, wann ee weess, datt sech Europa 2015 beim UN-Sécherheetsrot engagéiert huet, datt keng aus Séinout gerett Persoun gezwongen dierf ginn zréck a Libyen ze goen.

„Haut ënnerstëtzt Europa direkt déi erzwonge Réckféierung an revendiquéiert Resultater zur Migratiounsfro“, betount d‘Karline Kleijer, Verantwortlech fir d‘Urgence bei MSF. „Loosst eis dann och däitlech maache wat mat dëse ‚Resultater‘ gemengt ass: ouni d‘Assistenz um Mier, déi et géif erlabe Liewen ze retten – hei gi Mënschen nees enger Haft ënnerworf, ouni déi geréngste Chance ze hunn dervun ze kommen – gëtt en Ëmfeld geschaaft, deen all Schëff dovunner ofhält, sech un hir Verflichtung, Mënschen a Séinout ze hëllefen, ze halen“.

Kee Respekt virum Liewen, kee Respekt virum Mënsch

Säit dem Ufank vun den Operatiounen am Februar 2016, huet d‘MS Aquarius engen 30.000 Mënschen an internationale Gewässer, tëscht Libyen, Italien a Malta assistéiert. Déi lescht Missioun vun der Aquarius ass de 4. Oktober op en Enn gaangen, wéi d‘Schëff den Hafe vu Marseille ugelaf ass, nodeems 58 Mënschen aus Séinout gerett gi waren, an zu Malta u Land bruecht goufen.

Hëlt een d‘Missiounen zanter 2015 zesummen – inklusiv dem Asaz vun de Schëffer: Bourbon-Argos, Dignity, Prudence a Phoenix – dann huet MSF iwwer 80.000 Mënschen, am Mëttelmier entweder gerett oder assistéiert. Trotz den Efforte vun aneren ONGen, gëtt et zum jëtzegen Zäitpunkt kee Schëff méi um Mëttelmier, datt sech der „Rettung“ verschriwwen huet.

„Mir refuséieren um Quai ze bleiwe während Leit weider am Mier erdrénken“, esou d‘Karline Kleijer. „Esoulaang et Leit gëtt déi a Libyen leiden, Mënschen am Mëttelmier a Gefor sinn, wäert MSF no Mëttel a Weeër sichen, fir d‘Leit ze retten an hinne medezinesch an humanitär Hëllef ze bidden“.

Foto: D‘MS Aquarius ass um Quai festgebonnen, wou se net hirer eigentlecher Missioun kann nokommen. D‘ONGe MSF an SOS-Méditérranée, veruerteelen déi europäesch Politik, mat dir si géint déi eege Wäerter verstéisst. © MSF

Ähnlech Sujeten Dokteren ouni Grenzen, Flüchtlingen, Fortress Europe, humanitär Hëllef, internationaalt Recht, Libyen, MSF, Séinout, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel