Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SNCT reagéiert op Kritik mat engem Communiqué
dating separated muslim man

SNCT reagéiert op Kritik mat engem Communiqué

Iwwert de Beholl vun der Privater Entreprise mat ëffentlechem Kapital,

https://moien.lu/berlin-singles-dating/
dating separated muslim man

funny joke for dating app

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018
dating separated muslim man

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

E gudde Cremant fir de gudden Zweck, datt ass eng

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker

Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an besonnesch am Fréijoer, wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, hunn déi betraffe Persoune mat allerlee Symptomer ze kämpfen. Fir dësem gesellschaftleche Problem op d‘Spuer ze kommen, war am Mee 2017 de Projet SYS-T-Act vum LIH (Luxembourg Institute of Health) mat nationale Partner lancéiert ginn.

Hei geet et ëm e Fuerschungsprojet, deen zu enger Immunotherapie (Desensibilisation)féiere soll, a bei där et drëms geet den Traitement un de Patient unzepassen. D‘Prioritéit gouf an dësem Kontext op d‘Beaflossung duerch Pollen an Insektestéch geluecht. D‘Immunotherapie hëlleft dem Kierper vum Patient eng Toleranz géintiwwer den Allergenen ze entwéckelen.

Wéi gutt en Traitement wierkt, ass awer vu Patient zu Patient ganz ënnerschiddlech. Mam Projet SYS-T-Act, dee vum „Personalized Medecine Consortium“ finanzéiert, a vum „Department of Infection an Immunity“ vum LIH initiéiert gouf, an Zesummenaarbecht mat der IBBL, dem CHL an dem LCSB vun der Uni-Lëtzebuerg, duerchgefouert gëtt, solle besser Léisunge fonnt ginn.

2018 fänkt fir Allergiker schlecht un

Am CHL, wou et um Dach eng Moossstatioun fir d‘Konzentratioun fir de Pollen an der Loft gëtt, ass een dann och alarméiert. Hei besonnesch wat de Polle vu Bierken ugeet, well ee mat enger gemoosse Konzentratioun vu bal 2.500 Kären op de Kubikmeter Loft (op 24 Stonne gemooss) wier et net méi wäit vun engem historesche Rekord.

Wat déi Zuel bedeit, gëtt engem ersiichtlech, wa gewosst ass, datt Allergiker ab 50 Käre pro M³ reagéieren op d‘Polle vun de Nësserten, de Bierken, der Alënter an den Eeche reagéieren. Et besteet awer kee Grond panesch ze ginn, well d‘Bierk nëmme bis Enn Mee an der Bléi ass, an een hei méiglecherweis schonn en Héichpunkt erreecht huet.

No de Beem kommen d’Grieser

Laut dem CHL, wier d‘Allergie op de Polen vun der Esch dëst Joer besonnesch staark gewiescht, mee hei ass de Pollefluch schonn zolidd zréckgaangen. D‘Eech kënnt wuel eréischt, mee iwwerschneit sech mat der Bierk, wat dozou féiere kann datt et zu iwwerkräizte Reaktioune bei den Allergiker komme kann. Enn Mee soll d‘Polleniséierung bei de Beem eriwwer sinn.

Da kënnt d‘Zäit vun de Grieser, an hei gëllt de gläiche Prinzip wéi bei de Beem: wat et dobausse besser Wieder huet, wat d‘Konzentratioun vun de Polle méi héich ass. Mee bei vill sonnegen Deeg ass d‘Konzentratioun wuel méi grouss, mee d‘Saison och méi kuerz (bis Ufank Juli). Ass et kal a fiicht, kann de Pollefluch sech bis an den August eranzéien.

Persounen déi sech iwwert d‘Pollekonzentratioun an der Loft informéiere wëlle, kréie beschtens an aktuell ënner www.pollen.lu gehollef

Ähnlech Sujeten Allergiker, CHL, LIH, Pollen, SYS-T-Act
Nächsten Artikel Virrechten Artikel