Search

You may also like

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?
International Stories

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?

Si verstinn net firwat ee Klappjuegten als rekreativ Beschäftegung verkläert,

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie
International Stories

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Virun enger Woch gouf déi éischt Phas vun der „neier

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!
International Stories

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!

Um 22. Mäerz 2019 hunn d’Familljen- an Integratiounsministesch Corrine Cahen,

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

Den Orkan Harvey huet op mannst ee Mënsch d’Liewe kascht an e sëlleche Leit verletzt. Am Texas wou dee stäerksten Orkan zanter 2005 säin Onwiesen dréift, gëtt et wäitleefeg schwéier Iwwerschwemmungen.

En éischt Affer vum Orkan hunn d’Autoritéite vun der Grofschaft Aransas misse bestätegen. „Eng Persoun war an hirem Haus bei engem Brand ëm d’Liewe komm“ esou déi kuerz Matdeelung. Et sollen nach eng Dose Mënsche blesséiert gi sinn, esou de Communiqué, ouni weider Detailer ze ginn.

„Mir wäerte Jore brauche fir eis vun dëser Katastroph ze erhuelen“ schätzt de Brock Long, verantwortleche vun der FEMA (Federal Agence fir Noutsituatiounen).

Nodeems den Harvey, en Orkan vun der Kategorie 4 er Freideg op d’Festland gestouss ass, konnt dëst Wiederphänomen elo zeréckgestuuft ginn. Den „Harvey“ deen awer nach ëmmer mat Wandspëtzte vun 110 Km/H bléisst, ass elo nach just en „tropesche Stuerm“. Dat geet aus dem leschte Bulletin vun der NHC (Nationalen Zentrum fir Orkaner) ervir.

Iwwerschwemmten Haiser zu Rockport (© Mark Ralston/AFP)

Allerdéngs, a well den Harvey nëmme ganz lues virukënnt, dat mat 4 Km/H, bléift dësen tropesche Stuerm immens geféierlech. De massegen Nidderschlag dee sech weider iwwert de Géigend ofreent bereet den Autoritéite vill Kappzerbrieches.

„Ganz schwéier Iwwerschwemmunge sinn amgaangen“ warnt den NHC. Laut dem Orkanzenter kann de Nidderschlag Plazeweis bis en Donneschdeg 100 Zentimeter erreechen. „Déi katastrophal Iwwerschwemmungen si potenziell déidlech“ esou den NHC mat enger drénglecher Warnung un d’Awunner.

De President Donald Trump, dee schonn um Freideg d’Deklaratioun als Naturkatastroph ënnerschriwwen hat, huet en Appell un d’Equippe geriicht. Se solle voll mobiliséiert bleiwen, well d’Konsequenze vum Harvey sech eréischt an de folgenden Deeg richteg bemierkbar wäerte maachen.

En Angscht déi duerch Muerch a Schank geet

„Mir si ganz no un der Bucht, mer si staarke Wand gewinnt, mee dat huet näischt mat deen ze di wat mir déi läscht Nuecht erlieft hunn. Ech hat esou Angscht, et ass mer duerch Muerch a Schank gaangen“ erzielt de Brandon Gonzalez der AFP.

De Proprietär vun engem Geschäft zu Corpus Christi – Küstestad vun 300.000 Awunner déi gréisstendeels evakuéiert ginn ass – bericht vun enger Nuecht, an där säin Haus an all Richtung duerchgerëselt ginn ass.

„Dat war dee schrecklechste Stuerm vu mengem Liewen“ kommentéiert d’Cherylyn Boyd. Och hatt hat sech geweigert, trotz dem Opruff vun den Autoritéiten, d’Stad ze verloossen. Dem Elementer esou ze widderstoen dierft eng Erfarung sinn, déi d’Fra keng zweete Kéier wäert wëlle maachen.

De Steve Culver vu Rockport an Treínen mat sengem Hond Otis. Hien erzielt vun deem wat hien als „dat schrecklechst Erliefnes vu sengem Liewe bezeechent“. Den Orkan Harvey huet säin Haus schwéier beschiedegt, während hie mat senger Fra an engem sécheren Ënnerdaach ofgewaart hunn. (© Joe Raedle/Getty Images/AFP)

Iwwerschwemmte Stroossen, Diech vun den Haiser déi einfach fortgeflu sinn, Verkéiersschëlter iwwerall verspreet, elektresch Leitungen um Buedem… d’Wonnen, déi den Orkan Harvey gerappt huet sinn iwwerall ze gesinn. Zu Port Aransas, vun den Awunner verlooss, sinn d’Schëffer an de Stroosse verdeelt oder géint Haiser geprallt.

Während d’Rettungsaarbechten a vollem Ëmfang duerchgefouert ginn, huet de Gouverneur vum Texas vu grousse Schied bericht. 380.000 Menagë sinn ouni Stroum, an déi Situatioun dierft nach ee puer Deeg unhalen.

„Entreprisen an Haiser si komplett zerstéiert ginn. Sécher ass, datt vill Liewenssituatiounen op d’Kopp gestallt goufen“ bestätegt och de Buergermeeschter vu Rockport, de C.J.Wax op de Tëlee. De Fluchhafen an de Lycée vun dëser Klengstad (10.000 Awunner) hu gläichfalls schwéier gelidden.

„Mir hunn elo scho mam Orkan e schwéiere Schlag erlidden, mee mir bereeden eis op e weidere vir, deen eis mat den Iwwerschwemmunge bevirsteet. D’Waassermassen déi aus dem Banneland op eis duerkommen, a wou sech den Harvey festgesat huet si maachen eis grouss Suergen“ esou de C.J. Wax op CNN.

„De Nidderschlag konzentréiert sech op eng an déi selwecht Géigend“ bestätegt och den Brian McNoldy der AFP. Den Orkanfuerscher vun der Universitéit zu Miami erkläert datt „Et ass absolut ongewéinlech, datt sech en Orkan op enger Plaz festsetzt. Dat ewéi an dësem Fall fir sechs Deeg“.

Mobilhomer déi vum Orkan am Paradise Lagoon RV Resort zu Aransas Pass duerch d’Géigend geblose goufen (© Daniel Kramer/AFP)

Fir de nationale Wiederzenter (NWC) ass d’Gefor dann och nach ganz reell. Historesch betruecht ass d’Waasser eng gréisser Menace fir d’Liewe wéi de Wand. Tëscht 1963 an 2012 huet de Wand nëmmen 11% vun de Stierffäll, déi bei Orkaner op der Atlantikküst ze verzeechne waren, ze veräntwerten. 82% sinn dem Waasser zouzerechnen: 49% duerch eng Montée vum Mier, 27% duerch de Reen a 6% wéinst de Wellen,

Pëtrolsplattforme geraumt

Eng Consigne zur fräiwëlleger Evakuatioun war um Samschdeg a veschidde Stied, wéinst dem Risk un Iwwerschwemmung erausgaangen. Och déi ronn 4.500 Prisonéier vu Rosharon am Süde vun Houston mussen evakuéiert ginn. Hei ass e Floss derbäi wäit iwwert seng Ufer ze klammen.

Ofgesi vum Reen, huet den Harvey och de Mieresspigel bis zu véier Meter an d’Luucht gedriwwen. D’Küstewaach hunn e Samschdeg 15 Mënsche vu Schëffer gerett.

Déi texanesch Küst, wou gutt en Drëttel vun de Pëtrolsraffinerië vun den USA hir Heemecht hunn, an de Golf vu Mexiko, an deem 20% vum amerikanesche Pëtrol ofgezaapt gëtt, huet musse Mesuren huelen. No enger leschter Estimatioun sinn 112 Plattformen evakuéiert ginn. Déi bedeite 24,5% vun der Dagesproduktioun vum Pëtrol (Brut) a 26% vum Gas. Vill Raffinerien an Depote sinn zou gemaach ginn

mam Mark Ralston an dem Katie Schubauer zu Port Aransas/AFP

Foto: En Depot fir Schëffer huet de Passage vum Harvey zu Rockport net iwwerstane (© AFP)

Related topics Harvey, Orkan, Texas, USA
Next post Previous post